Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Bestandsopnam viru Kulturentwécklungsplang”

Kultur

“Bestandsopnam viru Kulturentwécklungsplang”

430 Leit aus Kultur, Politik a Gesellschaft hunn de leschte Weekend am Kader vun den éischte Kulturassisen d’Käpp zesumme gestreckt. Eraus koum eng konstruktiv Diskussioun iwwert d'Situatioun vun der Kultur zu Lëtzebuerg, op déi an Zukunft soll opgebaut ginn.

auto_stories

6 min

“Mir geet et gutt, wann et der Kultur gutt geet, iech geet et gutt, wann et der Kultur gutt geet, mee et geet dem Land virun allem gutt, wa mer eng Kultur hunn, déi zesummenhält, déi net auserneen dreift”. Ma dëse Wierder huet de Premier- a Kulturminister Xavier Bettel déi éischt Kulturassisen, no konstruktiven, emotionalen an deels och méi muskléierten Diskussiounen, ofgeschloss.

Et gouf an den Assisë villes gesot, wat scho gesot gouf. An éischter Linn ass et wichteg, datt matenee geschwat gouf. Véier Themeberäicher hunn d’Kulturassisen dominéiert, wéi d’Schoul als eng Plaz wou Kultur vermëttelt gëtt. Oder, nach e Schratt méi wäit, Kultur als Fach an d’Schoul integréieren.

"Pedagogesch Aarbecht anescht beleeë wéi mat Spectateurszuelen"

Den Auteur a Enseignant Roland Meyer mengt, datt net onbedéngt alles, wat an d’Schoulen era gedréckt gëtt, um Enn och positiv Resultater bréngt. “Mir hunn an de Klassen eng Situatioun, wou Kanner mat ënnerschiddleche kulturellen, sozialen an sproochlechen Hannergrond bei eis kommen, a bannent zwee oder dräi Joer sollen dräi Sprooche léieren, sou de Roland Meyer. Sou eng Situatioun wier net mat Fächer, mee op kulturellem Wee ze léisen.

Fir den Direkter vun der Escher Kulturfabrik, Serge Basso, sinn déi kulturell Aarbecht an déi kulturell Offer bei de Kanner wichteg, well iwwert d’Kanner erreecht een och d’Elteren. An awer muss een als Kulturinstitutioun et sech gutt iwwerleeën, fir mat Kanner ze schaffen. “An de Bilanen, déi ee beim Ministère muss ofginn misst een déi pedagogesch Aarbecht anescht kënne beleeë wéi mat Spectateurszuelen”. Wann de Sall blockéiert muss gi fir mat Kanner ze schaffen, da kéint ee keng Rockconcerten organiséieren, déi awer Zuschauer generéieren.

Jonker net agebonnen?

An der Diskussioun iwwer Schoul a Kultur, iwwer Kanner a Jugendlecher, koum och Kritik aus dem Sall vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22. “Nees eng Kéier gëtt probéiert, d’Problemer, déi déi eenzel Generatioune bei sech selwer entdecken, einfach bei deene Jonken ze léisen”, sot de Maurice Sinner. Deen huet kritiséiert, datt weder um Podium Jonker präsent nach bei der Virbereedung vun den Assisen agebonne waren.

“Ech kann dee Reproche net unhuelen”, sot 100,7-Interview de Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt. “Datt si elo vläit net selwer dobäi waren An deenen Aarbechtsgruppe ware jo awer och jonk Artiste mat dobäi aus deene verschidde Secteuren”.

Promotioun, mee och Plaz fir Experimenter

An der Kultur geet et och drëms, sech no baussen ze weisen, ze verkafen. Op de Kulturassisë gouf d’Promotioun vun der “création artistique” um Beispill vum ART Council vu Malta erkläert, e klengt Land, dat sech kulturell international positionéiert huet. Den Thomas Schoos vun den Editions Binsfeld sot, datt Lëtzebuerg sech einfach muss besser verkafen. “Wat nach net geschitt ass, ass dat Gruppendenken, virun allem well mer kleng sinn”.

Fir de Museker Gast Waltzing sollt ee kënne Feeler hei am Land maachen ier ee sech an d’Ausland weise geet. D’Kulturhaiser zu Lëtzebuerg missten sech deemno op déi “Experimenter” aloossen. Gëtt Kultur iwwerhaapt mat hirer “juste valeur” an der Lëtzebuerger Gesellschaft unerkannt? “Et misst ee méi präzis wëssen, wat mat där Kultur gemengt ass”, fënnt den Auteur Nico Helminger.

Eng Lobby fir d'Kulturzeen néideg

“Zu Lëtzebuerg huet een Afloss wann een eng Lobby huet”, sot de Robert Garcia. An do misst de Kultursecteur sech mat der eegener Nues huelen. Deemno wier et wichteg, sech gewerkschaftlech z’organiséieren an eng Struktur um Modell vun de Beruffskammeren ze schafen.

Fir de Museker Serge Tonnar sinn et d’Kënschtler, déi der Kultur hiren Inhalt ginn. Dofir sollte si am Kontext Kultur a Gesellschaft déi éischt Gei spillen. “Ech fannen et ganz geféierlech, wat an deene leschten Deeg hei iwwert d’Kënschtler gezielt gëtt, déi ëffentlech Gelder ufroen”.

Dës Kulturassisë solle kee “one shot” sinn. De Suivi wier elo wichteg, sou de Kulturminister Xavier Bettel. “Fir dëse Suivi ze maachen, mussen d’Analys vun de Problemer, d’Objektiver, d’Strategien an d’Prioritéite festgehale ginn”.

Kulturbudget soll an d'Luucht goen

De Suivi vun de Kulturassisë gëtt vum aktuelle President vum Fonds culturel national (FOCUNA) Jo Kox assuréiert, deen d’Analys mécht an och d’Aarbechtsgruppe leet. Et geet drëms, eng Basis ze schaffen aus där spéider dann den ëmmer nees zitéierte Kulturentwécklungsplang soll eraus wuessen. “Virun allem geet et emol drëms, eng Bestandsopnaam ze maachen. Da gesi mer weider”, sou de Jo Kox.

Guy Arendt, Staatssekretär am Kulturministère

Op alle Fall huet de Kulturminister sech och engagéiert, datt de Kulturbudget fir d’nächst Joer wäert an d’Luucht goen. Ëm wéi vill wollt de Staatssekretär Guy Arendt am 100,7-Interview net soen: “D’Bilateralen [d’Verhandlungen tëschent den eenzele Ministèren] sinn eréischt Mëtt Juli fir eis, do musse mer nach verschidde Posten aushandelen”. Am Staatsbudget 2016 mécht d’Kultur 0,87% vum PIB aus. Mat "net grad 1,2%" wéilt hien an d'Verhandlunge mam Finanzministère goen. D’Prioritéit wier de Moment, “déi esou vill wéi méiglech z’ënnerstëtzen, déi et am meeschte brauchen”, sou den DP-Politiker. “Et geet net drëm, fir z’optimiséieren an d’Keesen ze fëllen, mee fir d’Kultur jidderengem zougänglech ze maachen”.

Déi nächst Kulturassisë si fir Mëtt 2018 geplangt.

De Staatssekretär am Gespréich mam Mick Entringer:

Guy Arendtplay_arrow