Radioen

On air

Notturno  |  Modestine Ekete - Zing Ndana

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kulturministère plangt Test-Concert an der Rockhal

KULTUR

Kulturministère plangt Test-Concert an der Rockhal

D'Regierung denkt am Moment net driwwer no, dat soziaalt Liewen nees méi anzeschränken, seet d'Justiz- a Kulturministerin. Et misst ee kucken, wéi d'Infektioune sech weider entwéckelen, esou d'Sam Tanson.

auto_stories

1 min

D'Kulturministerin Sam Tanson

Et wier awer wichteg dat gesellschaftlecht Liewen oprecht ze halen. Esou wier et zum Beispill wichteg, datt kulturell Aktivitéite weider méiglech sinn. An Däitschland war beispillsweis an engem kontrolléierten Ëmfeld getest ginn, ënner wéi enge Konditiounen een och a Corona-Zäite gréisser Concerte kéint organiséieren. Hei gouf gekuckt, wéi d'Leit an engem Concert zirkuléieren, wou si sech nokommen.

Test-Concert och zu Lëtzebuerg

Momentan géifen et Iwwerleeunge gi fir dat och zu Lëtzebuerg ze maachen, fir dann erëm Concerten an enger Rockhal ze erméiglechen, esou d'Sam Tanson. Et géif awer net just drëm goe fir ee Concert ze organiséieren, esou d'Sam Tanson:

"Et geet jo och drëm eng gewëssen Ambiance hierzestellen an net an engem sterille Kader ze sinn, wou da fënnef Leit an engem risege Sall sinn. Am Ausland sinn eng Rëtsch esou Testconcerte gemaach ginn."

Am Virfeld vun esou engem Test-Concert géifen d'Spectateure getest ginn, preziséiert d'Kulturministerin. Op europäeschem Plang géifen et änlech Initiative ginn, wéi zum Beispill an Holland. Dofir wéilt de Kulturministère mat deene Länner zesummeschaffe fir den Knowhow auszetauschen.

Den Test-Concert zu Leipzig war zesumme mat Experten organiséiert ginn, d'Resultater heivunner sinn awer nach net ausgewäert.