INVITEEN AM MOIES-MAGAZIN "La radio est ma mère et Truffaut mon père"

Déi franséisch Radio-Legend Jean Lebrun an d'Schrëftstellerin/Journalistin Sofia Aouine waren de leschte Samschdeg op eiser Antenn. D'Radio 100,7-Korrespondentin vu Paräis gouf viru kuerzem fir hire Roman "Rhapsodie des oubliés" mam Prix de Flore belount.

Michel Delage / cbi

De Jean Lebrun an d'Sofia Aouine
De Jean Lebrun an d'Sofia Aouine

De Jean Lebrun (Joergang 1950), Produzent an Animateur vun der Emissioun "La Marche de l'histoire" op France Inter, huet d'Sofia Aouine vun Ufank un encouragéiert, hire Roman ze schreiwen. Een Text, deen deelweis hei zu Lëtzebuerg, an der Autoreresidenz zu Buerglënster, zustane komm ass.

Déi zwee hu sech op France Culture kennegeléiert: d'Sofia Aouine war eng Zäit laang Mataarbechterin am Jean Lebrun senger Emissioun "Travaux publics". Iwwer d'Ëmstänn vun dëser Renconter an d'Frëndschaft, déi sech am Laf vu Joren entwéckelt huet, hu si alle béid am 100,7-Interview geschwat.

Autobiographesche Roman

Den Haaptpersonnage an Erzieler vu "Rhapsodie des oubliés" (Editions de la Martinière) ass zwar een 13 Joer jonke Bouf. Mee den autobiographesche Charakter vum Roman ass net vun der Hand ze weisen. D'Sofia Aouine, 1978 gebuer, schwätzt vu sech selwer, vun hirer Geschicht als Kand vun algereschen Elteren, dat am ganz jonken Alter huet misste placéiert ginn. Trotz deem sozialen Handicap huet si hire Wee konnte maachen, duerch de Radio an d'Kultur: "la radio est ma mère et Truffaut mon père", seet d'Sofia Aouine.

Virun allem ass "Rhapsodie des oubliés" e Portrait vum Paräisser Quartier Barbès-La Goutte d'Or a vu sengen Awunner: eng Prostituéiert aus Kamerun; eng jonk Fra, déi sech hannert engem islamesche Voile verstoppt; Pappen, déi e Liewe laang ausgebeut goufen. Si sinn d'"oubliés" aus dem Roman-Titel, deenen d'Sofia Aouine heimat eng Stëmm gëtt.


D'Soirée After Wip mat der Sofia Aouine gouf den 30. November vun der Escher Kulturfabrik organiséiert. Virun der Soirée war eng Renconter mam Jean Lebrun an der Librairie Alinéa, déi vum Radio 100,7-Journalist Michel Delage moderéiert ginn ass.

Méi zum Thema

Nicolas Mathieu
Literatur

Den Nicolas Mathieu krut d'lescht Joer de wichtegste franséische Literaturpräis fir säi Roman "Leurs Enfants après eux". Mir schwätze mat him ënner anerem iwwer d'Gefill fir Klassenënnerscheeder an iwwer Summerléift.

Jochen Schmidt
Invité am Moies-magazin

De Fall vun der Berliner Mauer war och ee Wonner fir säi Liewen: den Ostberliner Schrëftsteller Jochen Schmidt iwwer seng Kandheet an der DDR, seng Virléift fir Géigestänn a Lëtzebuerger Schantercher.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen