Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux Trio - This Ain't Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi e Schlag an de Mo

Filmkritik

Wéi e Schlag an de Mo

Deen éischte Film vun de Bridder D'Innocenzo beschreift den tristen a kriminellen Alldag an engem verkommene Viruert vu Roum. De réimesche Pendant zum Matteo Garrone sengem Neapel-Drama "Gomorra".

auto_stories

3 min

De Mirko an de Manolo, déi an engem aarme Viruert vu Roum liewen, ginn zesummen an eng Hotelschoul. Hiert Zil ass et, enges Daags Barmann ze ginn. Nodeems si während engem Owend an een trageschen Tëschefall verwéckelt gi sinn, gerode béid jonk Erwuessener op déi schif Bunn: de Chef vun engem lokale Mafia-Clan stellt si un, sech ëm säi Prostitutiounsnetz ze bekëmmeren an dann och Leit ëmzebréngen.

''La Terra dell'abbastanza'' ass den éischte Long-métrage vun de Bridder Fabio an Damiano D'Innocenzo, eng däischter a realistesch Duerstellung vum tristen Alldag am verkommenen Dekor vun enger réimescher Banlieue. An och vum Manktem u Perspektive vu Jonken, déi do musse liewen. Eng Carrière an der organiséierter Kriminalitéit, déi an esou engem Ëmfeld opblitt, erschéngt als déi eenzeg Alternativ fir een, dee méi wéi nëmme mam strikte Minimum wëllt auskommen.

Ee bessert Liewen duerch Kriminalitéit?

De Film konzentréiert sech gréisstendeels op d'Entwécklung vum Mirko, intensiv verkierpert vum Matteo Olivetti. D'Kamera begleet hien, pecht praktesch un ëm, fir all seng Reaktiounen anzefänken. Et sinn zwou Fraen - d'Frëndin a paradoxerweis och seng schwaach elengerzéiend Mamm -, déi dem jonke Mann eng relativ Stabilitéit um moralesch-emotionale Plang sécheren, dat trotz de prekäre soziale Verhältnisser.

Duerch dee vun him verschëlten, obwuel ongewollten Tëschefall, kippt säi Liewen, an och dat vu sengem apathesche Kolleeg Manolo, gespillt vum Andrea Carpenzano. Den Zoufall - oder ass et e Schicksalsschlag? - geheit déi Zwee an d'Hänn vun der organiséierter Kriminalitéit.

Onverhoffte Seegen

Am Ufank erschéngt et wéi Gléck am Ongléck, een onverhoffte Seegen: et ass, wéi wann de Mirko an de Manolo op eemol op der ''Terra dell'abbastanza'' vum Filmtitel, dem Buedem, deen genuch hiergëtt, gelant wieren.

Materiell geet et dem Mirko, beispillsweis, vill besser. Seng neierdéngs mat Sue gefëllten Täschen erlaben et him, voll Akaafstute mat heem ze bréngen. Si stinn am Kontrast zu deene mat e bëssen Tomatenzooss ugefierfte Spaghettie vun der Mamm, eng Fra, déi mat Zännwéi muss schaffe goen, well si sech den Zänndokter net ka leeschten.

Moralesche Malaise

Mee déi ''Terra dell'abbastanza'' wierkt wéi e Fluch: säin neie relative Wuelstand verännert de Mirko. Well déi deier Kaddoe fir déi kleng Schwëster - Laptop, Handy, Turnschlappen - net gutt bei der Famill ukommen, gëtt de jonke Mann aggressiv. Virun allem gëtt hien emotional net eens mat senger krimineller Aktivitéit, mat der Prostitutioun, déi seng eege Sexualitéit negativ beaflosst, mat de Morden. Dem Personnage säi moralesche Malaise, seng Perturbatioun, fannen hiren Ausdrock um Ecran iwwer déi verschwomme Biller oder och duerch déi beonrouegend Pulsatioune vum Museksteppech.

Um Enn ass déi ''Terra dell'abbastanza'' ironescherweis weider näischt wéi dee bal onendleche Reservoir u jonke Männer ouni Zukunft, op dee skrupellos Mafiosie kënnen zeréckgräifen, d'Kanounefudder, oder d'Kebabfleesch um Spiiss aus dem Film. Wann de Mirko an de Manolo an der Ufanksequenz genësserlech, gutt gelaunt an onwëssend hire Kebab iessen, dann ass dat, symbolesch, wéi e kannibalesche Geste - d'Metapher fir ee kriminelle System, deen sech praktesch selwer um Lafen hält, ouni Enn.

De Bridder D'Innocenzo hiren impressionnanten Debutfilm, mat senger kaler, rëffeger, verschwommener Ästhetik, wierkt wéi e Schlag an de réie Mo, vläicht grad well en op eng räisseresch Duerstellung vu Gewalt a Prostitutioun verzicht a sech haaptsächlech op d'Aart a Weis konzentréiert, wéi sech dës haart Realitéit op d'Personnagen auswierkt. De Film ass eng Zort réimesche Pendant vum Matteo Garrone sengem Neapel-Drama ''Gomorra'' vun 2008. Schéi Vuë vum glamouréisen Zentrum vu Roum brauch een an der ''Terra dell'abbastanza'' iwwregens och net ze sichen: et gëtt keng.