Radioen

On air

Notturno  |  Angel Olsen - Heart Shaped Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laache mat komeschem Bauchgefill

Mike Bourscheid

Laache mat komeschem Bauchgefill

De Mike Bourscheid vertrëtt Lëtzebuerg 2017 op der Konschtbiennale zu Venedeg. Säi Projet beschäftegt sech mat komesche Personnagen, mat komesche Gefiller a mat Intimitéit. E Gespréich mam Kënschtler.

auto_stories

3 min

Mike Bourscheid

Op der Konschtbiennale zu Venedeg gëtt Lëtzebuerg 2017 duerch de Mike Bourscheid vertrueden. De Kënschtler gouf duerch en internationale Jury aus 24 Kandidaturen erausgewielt. Beoptraagt mat der Organisatioun vum Projet ass de Casino Lëtzebuerg. "Vielen Dank für die Blumen" ass den Aarbechtstitel.

De Mike Bourscheid plangt "eppes ganz Intimes". De Pavillon wier bëssen, wéi en Appartement. Hie wéilt u Costume schaffen, a während dësem Kreatiounsprozess solle Personnagen entstoen. Déi wäerten d'Biennale iwwer am Appartement liewen.

Komesch Personnage mat Bauchgefiller

Jee nodeem zu wéi engem Zäitpunkt een de Lëtzebuerger Pavillon besiche wäert, erwaart een deemno eppes Aneschters. Wa keng Performance ass, wier et wéi ee Set. "Wéi wann ee bei een heem geet, an et steet iergendwou eng Dier op", erkläert de Kënschtler. Da géif ee bëssen erkennen, wéi déi Persoun wier.

Hien ënnersträicht, datt et keng nogebaute Wunneng ass. Et geet him ëm d'Gefill vun enger Wunneng. "All Zëmmer gëtt vun enger Persoun bewunnt, déi een Deel vu mir huet." Dat wiere komesch Persounen, sou de Mike Bourscheid. Verschiddener wiere ganz kierperlech a ganz oppen. Anerer wiere méi introvertéiert.

Ee vun hinne wier hallef Cowboy an hallef Pirat a grad an enger Bezéiungskris. Hannert de Costume géif et virun allem ëm Bauchgefiller goen, sou de Mike Bourscheid. Och de Visiteur vun der Ausstellung géif matabezu ginn.

Gender. Wéi een Gender?

Dem Kënschtler ass et wichteg, Saachen ze thematiséieren, iwwer déi soss kee wëll schwätzen. Säin Engagement bezeechent hien dobäi duerchaus als politesch. Ee wichtege Punkt a senger Aarbecht ass och d'Gender-Thematik: "En Gender ass net Mann a Fra, mee dat ass komplett fluid. Et ass fir mech wichteg, datt d'Leit dat iergendwann eng Kéier bekäppen."

Aflëss vu baussen a vu bannen

Dem Kënschtler seng Wierker enthalen eppes ganz Perséinleches. Wéi vill Afloss vu Lëtzebuerg a senger Aarbecht ass, kann hien net soen. Hien hätt Lëtzebuerger Originnen, hätt awer dräi Joer a Frankräich a sechs Joer an Däitschland gewunnt a géif zanter fënnef Joer a Kanada liewen. "D'Liewe gëtt gepräägt duerch déi Leit, déi ee kenneléiert."

Déi kanadesch Aflëss äussere sech ënner anerem an de Materialien, déi de Mike Bourscheid benotzt. Déi, di do zur Verfügung stinn, wou hie gréisstendeels schafft. Vancouver wier déi zweetgréisste Filmstad an Nordamerika, erzielt hien. Et wier deemno einfach, fir zum Beispill ee Moulage aus Silikon maachen ze loossen.

Déi zwou Säite vum Humor

Net zulescht niert dem Mike Bourscheid seng Aarbecht sech vun Humor. Mä och hei, huet de Kënschtler festgestallt, ginn et grouss kulturell Ënnerscheeder. Wéi hie vu Berlin op Vancouver geplënnert wier, hätt et eng Zäit gedauert, bis hien d'Witzer vun de Kanadier verstanen hätt.

Um Humor interesséieren hien déi zwou Säiten. Souwuel d'Komik, wéi och dat komescht Bauchgefill, dat ee ka kréien. "E Witz kann och no hanne lassgoen. An dat ass dat, wat flott drun ass. Datt een och selwer an d'Fettnäpfche kann trëppelen." Genee dat wéilt hie bei sengen Aarbechten aus de Leit erauskëddelen. D'Konscht wier et, fir d'Balance zwëschent Laachen a genéiert sinn, ze halen.

Déi 57. Konschtbiennale zu Venedeg, wou Lëtzebuerg duerch de Mike Bourscheid representéiert gëtt, gëtt vu Mee bis November 2017 ofgehalen. De 17. Januar 2017 invitéiert de Casino Lëtzebuerg op eng Konferenz mam Mike Bourscheid, op där hie säi Projet fir d'Konschtbiennale virstelle wäert.