Radioen

On air

Notturno  |  Tony Allen, Adrian Younge & Ali Shaheed Muhammad - Ebun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Le Petit Locataire: Kuerzweileg, léif a sprëtzeg

Franséisch Komedie

Le Petit Locataire: Kuerzweileg, léif a sprëtzeg

D'Nadège Loiseau huet mat hirem éischte Long metrage "Le Petit Locataire" eng gelonge franséisch Komedie realiséiert. De Genre vun der franséischer Komedie ass an engem desastréisen Zoustand. Net nëmmen de finanzielle Volet.

auto_stories

3 min

Karin Viard © Les Films du Worso

Bei alle "Campingen, Christian Clavier a Pattaya"-Filmer iwwersäit een emol ganz gären deen een oder anere méi oder manner geschlaffene Bijou, dee ganz kuerzweileg, ma virun allem awer witzeg ass. "Victoria" vum Justine Triet ass ee vun deene Filmer. "L’effet aquatique" vu Solveig Anspach ass een aneren. Deen ass zwar net zu Lëtzebuerg an de Kinoe gelaf, ass awer net oninteressant, fir mam "Le Petit Locataire" verglach ze ginn.

D’Solveig Anspach huet, genee wéi d’Nadège Loiseau, déi mat "Le Petiti Locataire" hiren éischte Long Metrage presentéiert, déi franséisch Actrice Karin Viard vir un der Spëtzt vum Casting. D'Karin Viard ass eng Actrice, déi sech net ze Schued ass, fir a grousse komödiantesche Nullnummere matzemaachen. Hei beweist si awer op d'mannst zweemol, dat si differenzéiere kann.

Schwanger an d'Famill um Bockel

Si spillt de Personnage vun enger bal 50-Joer jonker Fra, déi an der Savoie lieft, op engem Autobunnspéage schafft, an iergendwéi eng alles anescht wéi funktional Famill iwwert d’Ronne bréngt. Do ass de Papp ouni Aarbecht, dee mat aller Zäit vun der Welt awer ëmmer ze spéit kënnt. D'Boma Mamilette sëtzt am Rollstull, d'Duechter Nummer zwee ass hoffnungslos irresponsabel a selwer Mamm vun engem Kand. An de grousse Bouf ass bei der Marine op engem U-Boot.

Bis op hie wunnen all déi Personnagen ënnert engem Daach. An zu allem Iwwel gëtt der Karin Viard hire Personnage gewuer, datt si elo nach mat bal 50 e Kand erwaart. Bei aller Suerg, déi esou eng Schwangerschaft mat sech bréngt, stellt sech lues a lues eraus, datt an deem heite Fall, a mat dëser Famill um Bockel, d'Schwangerschaft déi nächsten Zäit net dee gréissten Defi wäert duerstellen.

E Film dee Loscht mécht

D'Nadège Loiseau erfënnt d’Rad vun der Komedie net nei. An awer: de Sënn fir eng differenzéiert Approche zum franséische Schlag vun dësem Genre Film ass all Minutt erauszespieren. Dat läit net nëmmen um Cast, deen natierlech vun der Karin Viard ugefouert gëtt. D'Hélène Vincent incarnéiert en häerzege Senior. Mä et ass de grousse Verdéngscht vu Viard a Loiseau, dat de Philippe Rebbot, deen am "L'Effet aquatique" nach eng butzeg, an awer enorm Roll hat, elo endlech e grousse Part krut. D'Karin Viard huet hien d'lescht Joer am Gebridder Larrieu Film "21 Nuits avec Pattie" kennegeléiert.

An d'Solveig Anspach, déi iwwregens am Fréijoer vill ze fréi gestuerwen ass, huet mat him scho fir "Lulu Femme nue" zesumme geschafft. Wat hie mat sengem Schnurres, den Ouerréng, Dräi-Deeg-Baart an allgemeng kierperlecher Komik drop huet, ass ewéi gemaach fir d'Filmer vun deenen zwou Realisatricen. D'Dialoge si sprëtzeg a pertinent, de Rhythmus stëmmt, an et fënnt een eng schéi Balance aus Witz a méi reflektiven Amenter. Och wann d'Musek e bëssi kommentéierent redundant ass. Mä dat ass hallef esou wëll.

Formal ass dat Ganzt net esou soignéiert, mä dat passt schlussendlech awer bei d'Famill mam bedenklech net-soignéiertem Goût vun hirem Haus an dem Chaos, deen doranner säin Onwiesen dreift. Wien also op eng kuerzweileg, léif a sprëtzeg franséisch 100 Minutte Loscht huet, deen ass mat "Le petit locataire" gutt opgehuewen.