Radioen

On air

Notturno  |  Andrew Heath - Catching Clouds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Le retour de Lucienne Jourdain am TOL

Kultur

Le retour de Lucienne Jourdain am TOL

Mat sengem Theaterstéck "Le retour de Lucienne Jourdain" knäppt den Tullio Forgiarini u seng "Ballade de Lucienne Joudain" un, a wéi eng "Enquête Forgiarinienne" geféiert gëtt, kann een am Théâtre Ouvert Luxembourg entdecken.

auto_stories

2 min

Eng kleng Paräisser Wunneng, e Kommissär, deen duerch dës Wunneng tigert, aussergewéinlech un him si just seng knallrout Highheels...

Hien ass an der Wunneng vun der Lucienne Joudain, d'Fra ass den Owend virdrun heem komm. Mir hunn et elo mol fir d'éischt mat engem Mord ze dinn, nämlech deen un hirem Mann Victor.

E Kommissär, eng Läich, eng Verdächtegt.. Dat si wuel d'Ingredienten, déi e klassesche Krimi ausmaachen. Net esou awer, wann d'Geschicht aus der Plomm vum Tullio Forgiarini kënnt.

D'Lucienne Jourdain, entsprécht just op den éischte Bléck enger klischeehaft duergestallter bourgeoiser eelerer Damm, déi probéiert hirer Existenz duerch Extravaganz nach e Liewenssënn ze ginn.

A Satin a Seid probéiert si mol de Polizist ze verféieren, deen sech schonn dergéint wiert, mee lues a lues weist hien, datt hien och aus senger ugepasster Roll ausbrieche wëll.

Eng exzellent Bünepresenz vun der Catherine Marques

E ganz skurrille pas de deux entwéckelt sech tëschent dësen zwou ganz ënnerschiddleche Figuren, an tëschent all deem Witz an Abstrusitéiten, kristalliséiere sech och d'Suergen, de Frust, d'Roserei, d'Verbatterung a Verzweiwlung lues a lues eraus.

De Kommissär Fabère, gespillt vum Ali Esmili ass absolut iwwerfuerdert vun der explosiver Energie, déi d'Lucienne Jourdain ausstraalt, fir dann awer an engem absolut gelongenem an exzellent inzenéierten Duett ganz iwwerraschend "Sara perche ti amo" vu Ricchi e Poveri lass ze fetzen.

Ervirzehiewen ass awer och déi brillant Bünepresenz vun der Catherine Marques an der Roll vun der Lucienne Jourdain. Am klengen Theatersall vum TOL huet een eben d'Chance ganz no bei der Bün ze sinn an esou och d'Mimik vun de Schauspillerinnen an Schauspiller mat ze kréien. An d'Marques huet dausend Gesiichter, mol al a verzweiwelt, mol erfrëschend jonk a frech, mol béisaarteg, mol engelhaft, lasziv an verféierend. Ëmmer passend, ëmmer iwwerzeegend.

Eng wonnerbar Aarbecht

An déi rout Highheels vum Kommissär? Och dat kläert sech um Enn op, awer natierlech anescht wéi erwaart.

D'Regisseurin Pauline Collet an hier ganz Ekipp hunn hei eng wonnerbar Aarbecht geleescht a wien dëst Stéck verpasst, ass selwer Schold!

A falls een och reng literaresch un dëse Geschichten interesséiert ass: "La ballade de Lucienne Jourdain" an "Le Retour de Lucienne Jourdain" vum Tullio Forgiarini si bei Editions Hydre publizéiert.