Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leonid Zypkin, "Ein Sommer in Baden-Baden"

Literaresch rares

Leonid Zypkin, "Ein Sommer in Baden-Baden"

De Leonid Zypkin war Patholog an der Sowjetunioun, a senger Fräizäit huet hie sech intensiv mam Dostojewski beschäftegt. A sengem Roman "Ein Sommer in Baden-Baden" erzielt hien eng Episod aus dem Liewe vum grousse russesche Schrëftsteller an deem senger Fra Anna. Ee brillanten Erzielstil gëtt dem Lieser eng Vue op ee Choleriker, Spiller a vun Ängschte geplote Genie. E weidert Meeschterwierk an der Serie "Literaresch Rares" mam Valerija Berdi.

auto_stories

4 min

D'Valerija Berdi recommandéiert dem Leonid Zypkin säi "Sommer in Baden-Baden"

Dëse Roman fänkt wéi dem Dostojewski säin "Idiot" un, an engem Zuch. Hei fiert den Erzieler vu Moskau op Leningrad, op sengem Schouss d'Tagebuch vun der Anna Grigorjewna Dostojewskaja. Während senger Rees erzielt hien iwwert e Summer aus dem Liewe vum Fjodor Dostojewski a senger Fra Anna, deen d'Koppel 1867 an Däitschland verbruecht huet, mat engem méi laangen Openthalt zu Baden-Baden. Et sollt eng Vakanz sinn, am Fong geholl war den Dostojewski awer viru senge Creanciere geflücht, well hie seng Spillscholden net konnt bezuelen.

Gläichzäiteg gëtt de Lieser vill iwwer d'Liewen an der Sowjetunioun gewuer, well den Erzieler seng eegen Erfahrunge mat der Geschicht vun den Dostojewskië verflecht. Et si ganz subtil Iwwergäng vun deem enge Liewen an dat anert, vun enger Epoch an déi nächst... e regelrecht literarescht Konschtwierk!

Dem Dostojewski seng widderspréchlech Säiten

Den 1926 gebuerene Leonid Zypkin, Patholog an erfollegräiche Wëssenschaftler, war e grousse Kenner vum Dostojewski senge Wierker. Hien huet awer seng Passioun fir d'Literatur ëmmer verheemlecht. Dëse Roman wollt hien och ni publizéieren, well en net just de Mënsch Dostojewski differenzéiert beschreift, mee och dat schwieregt Liewe vun engem jüddeschen Intellektuellen an der Sowjetunioun. Den Zypkin wollt net seng Famill a Gefor bréngen.

De Leonid Zypkin verherrlecht a sengem Roman absolut net de Mënsch Dostojewski, mee weist all déi widderspréchlech Säite vun dësem literaresche Genie. Den Dostojewski gëtt zu enger Dostojewski-Figur, déi dann och d'Charakterzich vun engem Raskolnikov opweist.

Säin ambivalent Denken a Verhale bezeit de Protagonist mat sengen déifsten Ängschten an Onsécherheeten, déi en hannert enger peinlecher Arroganz verstoppt. Säin eeklegt Behuele géigeniwwer senger jonker Fra, seng Spillsucht, säin déiwen Haass op d'Judden, seng desastréis finanziell Situatioun, déi hien duerch dat exzessiivt Spillen a Kasinoe selwer ausléist, seng Komplexer géigeniwwer dem Gontscharow an dem Turgenjev, deen en erniddregt...

Portrait vun engem gebrachene Mann

A mäanderförmege Sätz, déi ni en Enn fannen, beschreift den Zypkin awer och d'Léift tëschent dësen zwee Mënschen, der Anna, déi a permanenter Suerg an Angscht virum an ëm de choleresche Fjodor lieft, bereet ass him all seng Ongerechtegkeeten, Béisaartegkeeten, net fundéiert Ënnerstellungen ze verzeien, hie virun der Ëmwelt, déi dem Fedlja net ëmmer gutt gesënnt ass ze protegéieren a mat him eng déif emotional Erotik ze liewen...

Den Zypkin zeechent hei de Portrait vun engem gebrachene Mann, deem säi Liewen ëmmer op e neits aus de Fuge geréit, well en iwwersensibel a Konfliktsituatioune reagéiert, weder seng Roserei op d'Welt nach seng Spillsucht an de Grëff kritt a sech selwer foltert. Et ass gréisstendeels déi reell Welt vum Fjodor Dostojewski. Den Zypkin ass dësem eenzegaartege Schrëftsteller ganz minutiéis op d'Spuer gaangen, huet souguer a Russland all déi Plaze besicht, wou den Dostojewski sech opgehalen huet. Seng Iddi war, sou wéi de W.G. Seebald, säi Roman mat Fotoe vun de respektive Plazen z'illustréieren, mee den Zypkin krut ni d'Erlaabnis, d'Sowjetunioun ze verloossen.

Den Zypkin schreift an der Melodie vum Dostojewski, ganz billerräich vermëttelt hien déi deelweis morbid Stëmmung, déi an deenen zwou vun him beschriwwene Gesellschaften dominéiert. D'Sprooch ass esou räich, seng detailléiert Beschreiwunge si kleng Bijouen, déi zesummen en eenzegaartegt Stéck Literatur erginn.