Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Angoulême: Eng gutt Plattform fir "Noces"

Lëtzebuerger Kino

Angoulême: Eng gutt Plattform fir "Noces"

Direkt zwee Präisser krut d'Lëtzebuerger Film "Noces" um Filmfestival zu Angoulême. Ausgezeechent goufen d'Schauspiller Sébastien Houbani a Lina El Arabi. De Film hätt gutt op d'Plaz gepasst.

auto_stories

2 min

De Sébastien Houbani an d'Lina El Arabi goufen zu Angoulême ausgezeechent. Foto: Christophe Brachet

De Film-Festival zu Angoulême konzentréiert sech op franséischsproocheg Filmer aus der ganzer Welt. Eng 50 Filmer ënnert anerem aus Frankräich, der Belsch, dem Libanon a Lëtzebuerg goufen den 23. bis 28. August an der franséischer Stad projezéiert. Am Jury vun dësem nach jonke Festival souzen zum Beispill d’Actrice Virgine Efira, de Realisateur Gilles Jacob an de Schrëftsteller David Foenkinos.

Lëtzebuerg war ënnert anerem duerch de Film "Noces" vertrueden. De Film gouf vun der belscher Firma "Dailight Films" produzéiert. Koproduzéiert gouf de Long-métrage vun "Tarantula" mat Sëtz zu Kielen.

Tëscht zwou Kulturen

"Noces" dee vum Stephan Streker realiséiert gouf, erzielt vun engem pakistanesche Meedchen, dat an der Belsch lieft. D'Zahira huet sech gutt integréiert, mee da gëtt si schwanger. Si wëll d'Kand behalen, mee hir Eltere sinn dogéint. "Si muss sech mat der Kultur vun hirer Famill ausernee setzen, wat net ëmmer evident ass a ganz dramatesch ausgeet", esou den Donato Rotunno vun Tarantula. Am Film gëtt e Crime d'honneur thematiséiert.

Den Donato Rotunno seet, d'Thematik vum Film hätt hien direkt ergraff. Dofir wier hie frou gewiescht, datt hien de Film konnt mat produzéieren. "Esou Projete sinn net evident fir ze finanzéieren, ob d'Been ze setzen an duerno ënnert d'Leit ze bréngen." Mat der Hëllef vum Lëtzebuerger Film Fong war et méiglech, d'Koproduktioun bal ganz zu Lëtzebuerg ze dréien.

Eng Dier op de populäre Marché

Datt de Film zu Angoulême vertruede war, war fir den Donato Rotunno wichteg. De Festival géing d'Dieren op de franséischen a populäre Marché opmaachen. Dat wier fir e Film wéi "Noces" wichteg. Et géing iwwert de Film geschwat ginn, "ouni an enger ze vill elitärer oder elitistescher Positioun ze sinn."

Op Festivaler wéi deem vu Cannes géing ee séier kategoriséiert ginn, fënnt den Donato Rotunno. Angoulême wier méi populär a méi op fir de grousse Public. "Dat ass fir de Film och gutt, well et ass eng Thematik déi jidderee soll uschwätzen."

"Noces" passt gutt an d'Traditioun vum franséische Kino. Eng Traditioun vun der Recherche a vum A-Fro-Stellen, esou den Donato Rotunno.