Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch Animatioun zu Cannes

Festival de Cannes

Lëtzebuergesch Animatioun zu Cannes

Pachamama vum Argentinesche Realisateur Juan Antin ass deen eenzege Lëtzebuerger Projet deen dëst zu Cannes um Filmfestival vertrueden ass. Den Animatiounsfilm ass e "work in progress" deen am Dezember dëst Joer soll an de Kino kommen. Mam Produzent David Mouraire geet rieds iwwert Indianer, d'Peruanesch Anden an d'Technik vun der Animatioun.

auto_stories

2 min

"Pachamama" erzielt d'Geschicht vun zwee klengen Indianer déi an d'peruanesch Ande ginn, fir hiren Duerftotem dee vun den Inkae geklaut gouf zeréck ze bréngen. Eng Geschicht fir Klenger a Grousser erkläert den David Mouraire vun Doghouse Film, a Co-Produzent vu "Pachamama".

De Film ass ee Mix tëschent 2D an 3D. Aus budgetäre Grënn hätt een op dës Animatiouns-Technik zeréck gegraff erkläert de Produzent.

3D-Personnage kéint ee méi séier montéieren. Et hätt een awer och den 2D-Aspekt wéilten halen. Um Ecran mierkt ee bal net datt et 3D ass. Mir wollten net mat Länner wéi China oder Indien zesumme schaffen, dofir hu mir mam Budget missten oppassen. Mir wollten datt et en europäesche Film bleift.

Déi lëtzebuergesch, franséisch, kanadesch Co-Produktioun hätt schonn 2013 ugefaangen. De Wee bis op Cannes wier net ëmmer einfach gewiescht erkläert den David Mouraire. Déi grouss Schwieregkeet bei engem Animatiounsfilm wier d'Dauer. Et wier net wéi bei enger normaler Fiktioun. De Realisateur géif schonn zanter 15 Joer um Film schaffen. 2013 hunn d'Aarbechte fir de Film ugefaangen; eréischt dëst Joer wäert en an de Kino kommen. De Film gouf e puer mol ëmgeschriwwen, d'Technik huet och e puer mol changéiert an war och net einfach de Finanzement ze fannen, seet den David Mouraire.

Lëtzebuerger Animatiounssecteur

Zu Lëtzebuerg géif et ee flotten Animatiounssecteur ginn. Den David Mouraire erënnert u Filmer wéi "Monsieur Hublot" deen 2014 en Oscar gewonnen huet, un "Ernest et Celestine" den och bei den Oscaren nominéiert war oder un "The Breadwinner" deen dëst Joer beim Luxfilmfestival den Opening-film war.

Verschidden Animatiounsstudioe wieren immens kompetent. Et géif ee sech ënnerteneen sou gutt verstoen, datt een eng Federatioun fir den Animatiounsberuff gegrënnt hätt. "An do sinn alleguerten d'Studioen zu Lëtzebuerg vertrueden", seet den David Mouraire.

De Realisateur Juan Antin konnt selwer net op Cannes kommen, hie géif um Film schaffe seet den David Mouraire. Dee soll Dezember 2018 an d'Lëtzebuerger Kinoe kommen.