Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liebesgeschicht a Flüchtlingsdrama

Däitsch Literatur

Liebesgeschicht a Flüchtlingsdrama

Den aktuelle Flüchtlingsdrama mat enger Liebesgeschicht ze verbannen, ass ouni Zweiwel eng gewoten Approche. Do hänkt dach garantéiert vill Pathos a Kitsch an der Luucht. Den däitschen Auteur Bodo Krichhoff, deen a senger laanger Schrëftstellercarrière ëmmer nees d'Léift an eiser Zäit thematiséiert huet, ass d'Erausfuerderung fir dës zwee Theme mateneen ze verbannen, agaangen. An e krut fir seng Novell "Widerfahrnis" och den Däitsche Buchpräis.

auto_stories

3 min

De Bodo Kirchhoff beim Göttinger Literaturherbst 2016 (Foto: picture alliance / Jan Vetter)

"Diese Geschichte, die ihm noch immer das Herz zerreißt, wie man sagt, auch wenn er es nicht sagen würde, nur hier ausnahmsweise, womit hätte er sie begonnen?"

Den éischte Saz am Bodo Kirchhoff senger Novell "Widerfahrnis" ass eng Zoumuddung oder eng Erausfuerderung - wéi een och wëll. Op alle Fall ass de Saz gewot an e seet esou gutt wéi näischt aus. Grad wéi den Titel "Widerfahrnis", dee just emol verréit, datt Buch d'Geschicht vun engem Mënsch erzielt, deem eppes geschitt ass.

An dobäi ass de Reither, de Protagonist vum Buch, am Fong guer kee passiven Typ, mee wibbeleg an duerchorganiséiert. De Reither geet op déi 70 Joer duer. Hien huet grad säi Verlag liquidéiert, well antëscht méi Leit liesen an der manner schreiwen. De pensionnéierte Sproochepurist huet gären einfach a schéi Sätz. Laang Dialoger kann hie net leiden. Pathos a Klischeeë fäert hien an "Nullwierder" haasst en. Am Resumé, de Reither ass sproochlech präzis a lieft dauernd mat der Schéier am Kapp.

A grad dee Pedant léist sech op eng Aventure mat der Leonie Palm an. Si ass déi Responsabel vun engem Liesatelier, wat am Fong awer en Atelier vun Auteuren ass. Eng Kéier owes steet d'Hobbyschrëftstellerin bei Reither virun der Dier, an éier dee reagéiere kann, sëtzt hie schonn an hirem ale Kabrio. Zesumme fuere se am Hierscht vun hirem Liewen an Direktioun Fréijoer.

Reese mat verschiddene Perspektiven

De Bodo Kirchhoff huet sech bekannt Biller als Ophänkert vu senger Liebesgeschicht ausgeduecht. D'Rees féiert de Reither an d'Leonie a Sizilien a si komme sech lues a lues méi no. Fir de Reither, dee mam Liewe quasi fäerdeg war, ginn et duerch déi Léift nees nei Perspektiven.

Iwwerdeems et fir si Direktioun Süde geet, sinn d'Flüchtlingen Direktioun Norden ënnerwee. Och d'Refugiéë sinn op der Rees, de Wonsch no enger besserer Zukunft ass hir dreiwend Kraaft. De Flüchtlingsdrama beréiert ufangs just um Bord d'Geschicht, bis de Reither an d'Leonie awer direkt domat konfrontéiert ginn. E Flüchtlingskand fält hinnen op, a si bekëmmeren sech ëm d'Meedchen. Esou wéi een dat vu gutt situéierte Westeuropäer och erwaart. A genee op där Plaz kritt "Widerfahrnis" eng nei Dimensioun, well de Reither ass net deen eenzegen, deem eppes geschitt. Dem Meedche geet et och esou.

"Wortgehalt" a "Wortgewalt"

De Bodo Kirchhoff schreift:

"Widerfahrnis ist die Faust, die einen unvorbereitet trifft, aber auch die Hand, die einen einfach an die Hand nimmt. "

Dem Auteur seng gewote Vermëschung vu Liebes- a Flüchtlingsgeschicht fonctionnéiert net nëmmen thematesch iwwerraschend gutt. Si bréngt neien Driff an d'Novell, déi engem "Roadmovie" gläicht. No engem gelongenen Ufank, tuckert d'Geschicht roueg viru sech hin, grad wéi deen ale Kabrio, dee vum Reither, dem "Rider", gesteiert gëtt.

Am Kirchhoff sengem Buch fënnt ee vill Metapheren, Biller a Gläichnesser. Eng Uspillung op déi aner, alles ass iergendwéi matenee verbonnen a bis an de Detail geplangt. De Bodo Kirchhoff weess no 19 Bicher an iwwer 30 Joer Handwierk ganz genee, wéi d'Sprooch an d'Erzielung fonctionnéiert. D'Novell "Widerfahrnis" ass virop e Buch iwwert d'Liesen an d'Schreiwen, iwwer "Wortgehalt" an "Wortgewalt". A genee dat mécht et absolut derwäert, gelies ze ginn.


Dem Bodo Kirchhoff seng Novell "Widerfahrnis" ass an der "Frankfurter Verlagsanstalt" erauskomm.