Radioen

On air

Notturno  |  Sun Glitters - Feel It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lieve Joris - Fonny

Buchtipp fir de Summer

Lieve Joris - Fonny

Déi belsch Schrëftstellerin Lieve Joris ass bekannt fir hir Reesliteratur. Si ass liewenslaang a Krisegebidder gereest, huet do gelieft a geschriwwen. Elo huet d'Lieve Joris en autobiographesche Roman erausginn, an deem awer net si, mee hir Famill a virun allem hire Brudder Fonny am Fokus steet. De Fonny ass d'Suergekand vun der Famill mat den néng Kanner.

auto_stories

3 min

"Sur la route d'Hasselt à Tongres, la voiture de Fonny est rentrée dans un arbre et a fait deux tonneaux."

Mat engem Autosaccident, deen de Fonny duerch staarken Alkohol- an Drogekonsum verursaacht, fänkt der Lieve Joris hire Roman un. "Fonny" ass den Titel vum Buch, Fonny ass de Brudder vun der belscher Schrëftstellerin, ee vun hiren aacht Geschwëster an och den Ulass fir dëst Wierk.

D'Lieve Joris, Joergang 1953 huet dësen autobiographesche Roman net geschriwwe fir sech en Denkmal ze setzen, mee fir dat opzeschaffen, virun deem si u sech e Liewe laang geflücht ass. Virun engem Familljeliewen, dat si dacks iwwerfuerdert huet, virun der Ausenanersetzung mam Fonny senger Roserei an Aggressivitéit, senger Drogesucht a senge Ligen an der Aart a Weis, wéi hir Elteren domat ëmgaange sinn.

Sou ass net just d'Lieve Joris selwer, mee de Brudder Fonny, d'Gesëschter an d'Elteren, déi d'Haaptroll spillen.

Ganz sachleche Schreifstil

Et handelt sech awer an dësem Roman op kee Fall ëm e sougenannten Tatsaachebericht, an deem lamentéiert gëtt, d'Entsetzen a Reproche sech iwwerschloen an d'Matleedsschinn gefuer gëtt. Absolut net, am Géigendeel. "Fonny" ass en immens duusse Roman, voller Léift un eng Famill, wou eben net alles riicht gaangen ass.

Nom Accident vum Fonny, wou kee weess, ob hien iwwerlieft a wann, a wéi engem Zoustand hien da wär, kënnt déi ganz Famill zesummen, wou sech ebe getréischt gëtt, awer och gestridden. Vun deem Moment u léisst d'Lieve Joris hir Kandheet a Jugend Revue passéieren. Si erënnert sech un dat schwieregt Kand, dat de Fonny war, un d'Mamm, déi net just mat dësem Fils, mee einfach mat den néng Kanner iwwerfuerdert war, un de Papp, dee sech ni wollt zougestoen, datt de Fonny e Problem huet an Hëllef brauch, an dann déi ganz ënnerschiddlech Bridder a Schwësteren.

D'Lieve Joris schreift ganz sachlech an doduerch kritt een och beim Liesen e Bezuch ze dëser Famill, hirem Denken a Fillen a virun allem fillt ee sech der Schrëftstellerin immens verbonnen, well si et fäerdeg bréngt esou vill Komplexitéit an enger einfacher an dach preziser a schéiner Sprooch duerzestellen.

"Nous nous comportons comme toujours quand nous sommes réunis: nous déambulons tels des animaux mécaniques remontés à bloc, discutons en aparté à la cuisine et dans le living, nous félicitons mutuellement, nous tripotons, examinons rides, cheveux gris et kilos excédentaires - des singes qui s'epouillent."

Eng einfach Geschicht, an awer eppes ganz Besonnesches

D'Geschicht vun der Famill gëtt net linear erzielt, et sinn ëmmer Erënnerungsfetze mat koherenten Iwwergäng, Erënnerungen, Reflexiounen, mol ganz nodenklech, mol philosophesch, mol kritesch, mol lëschteg, awer ëmmer mat vill Akzeptanz an och Distanz.

Distanz a gläichzäiteg Léift a Selbstreflexioun an och, wann de Fonny den Haaptpersonnage ass, sou ass et d'Lieve Joris, fir déi een eng immens Sympathie entwéckelt, well si virun allem déi eegen Defauten a Muechtlosegkeet, hir Freed an hir Trauer ganz diskret, bal schei nidderschreift. D'Relatioun mat hirer Groussmamm, bei där si ëmmer e Refuge fonnt huet, ass e wichtegt Fragment vun dësem Roman an natierlech dann och den Deuil, wann d'Bobonne stierft:

"Depuis l'enfance, je passais devant chez elle en sachant qu'elle m'attendait. Je ne m'habitue pas à ce que plus rien ne bouge là, à l'obscurité qui règne à la tombée du soir."

Fonny ass u sech eng einfach Geschicht vun enger einfacher Famill, an d'Lieve Joris mécht mat hirer Literatur eppes ganz Besonnesches doraus...