Alain Borer an Anise Koltz
“Anise Koltz est une comète, une étoile de la poésie française”, sot den Alain Borer, President vum Jury vum Prix Ganzo. "J'y ai trouvé une telle fulgurance", sot d'Claudine Delaunay, Member vun der Jury. Virun 200 Gäscht krut déi Lëtzebuerger Dichterin de Präis zu Saint-Malo iwwerreescht..
D'Duechter vum venezualeschen Dichter Robert Ganzo, no deem de Poesie-Präis benannt ass, war och bei der Zeremonie am Palais du Grand Large dobai.
D'Relatioun mat der Mamm an dem Mann
De Yvan Le Men, selwer Lyriker, dee vun der Académie Française fir seng Sammlunge priméiert ginn ass, huet verschidde Gedichter vum Anise Koltz iwwert d'Relatioun mat hirer Mamm an iwwer de fréie Verloscht vun hirem Mann gelies. D'Dichterin selwer huet vun hirer Kandheet, déi hiert Schreiwe beaflosst, gezielt, a vun hirem Mann René, deen un de Suitë vun der Gefaangeschaft an engem däitsche Konzentratiounslager ëmkomm war.
Um Literaturfestival "Etonnants voyageurs" zu Saint-Malo bedeelegt sech d'Anise Koltz och un engem Debat iwwert d'Verännerung vun hirer literarescher Sprooch: "Changer la langue comme on change de cheval ?"