Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LiteraturLabo 9: American dream?

Literaturlabo 9

LiteraturLabo 9: American dream?

Dëst ass eng Invitatioun aus déifstem Häerz: d'LiteraturLaboranten Valerija Berdi, Ian De Toffoli an Nathalie Bender, invitéieren Iech den nächste Mëttwoch, 4. Juli, fir hallwer 8 owes op den 9. Literaturlabo mam Thema American Dream. Dir sidd wëllkomm Iech op eng Iwwerleeung anzeloossen, wat an der rezenter amerikanescher Literatur bliwwen ass vum amerikaneschen Dram

auto_stories

4 min

Wien dreemt net gär - vun enger besserer Zukunft, vun enger méi gerechter Welt, vun eppes ganz Perséinlechem? Dreemen ass eng vun de grousse Fräiheeten, déi de Mënsch huet - Gedanke féieren, déi néierens affichéieren, déi kënnen utopesch Zich unhuelen, en Dram ka wonnerschéi sinn oder an engem Albdram ausgoen.

De bewosst artikuléierten Dram vun deenen, déi de 4. Juli 1776 déi amerikanesch Onofhängegkeetserklärung ënnerschriwwen hunn, war, datt d'Mënschen all d'nämmlecht sinn, an datt zu all Mënsch senge fundamentale Rechter Liewen, Fräiheet an d'Striewen no Gléck gehéieren.

D'Recht säi Liewen eegeverantwortlech ze féieren an d'Méiglechkeet duerch e fräit Liewen alles kënnen ze erreeche wat een ustrieft - wann een nëmmen haart genuch schafft - dat sinn dann och zum deel déi Wäerter, déi mam inflationär zitéierte Begrëff American dream verbonne sinn.

John Freemann Gill: "The Gargoyl Hunters"

Dreem si Matière Première fir all Schrëftsteller - grad wéi d'Condition humaine. A just da wann d'Dreem onheemlech oder enorm attraktiv ginn an d'Liewensëmstänn net méi auszehale sinn, gëtt d'Matière fir den Auteur am Interessantsten. Sou zum Beispill am John Freemann Gill sengem Wierk "The Gargoyl Hunters": dee klenge Griffin, e Bouf, deen 1960 zu New York gebuer gouf, probéiert sou gutt et geet mat senger zimlech exzentrescher Mamm a sengem op d'mannst grad sou spezielle Papp eens ze ginn. D'Eltere si getrennt, an de Bouf dreemt dovun, datt säi Papp an him méi gesäit, wéi dee Klengen, deen doheem probéiert d'Mamm bei Laun ze halen, och wann de Papp - deem säin Haus et ass, ëmmer nees de Moment verpasst, fir der Mamm net en iwwerflëssege Message iergendwou op Pabeier gekrozelt ze hannerloossen. De Griffin fënnt op emol eraus, wat säi Papp wierklech mécht: hien ass e Gargoyl Hunter, geet deemno nuets, an natierlech illegal, op d'Juegd no historesche Fassadendeeler, deels Gargoyls, oder aner sculptéiert stengen Deeler vu Gebaier, déi soss géifen der Moderniséierung vun der Stad geaffert, wëllt heeschen, einfach ofgerappt an zerstéiert ginn.

Op der Sich no Unerkennung, no Sënn am Liewen, an no enger souwäit wéi méiglech intakter familiärer Atmosphäre verstréckt dee jonken Protagonist sech ëmmer méi an dat, wat um Enn vläicht de Vol vum Joerhonnert gëtt.

Marisha Pessl: "Night Film"

Ëm ganz aner Dreem geet et an der Marisha Pessl hirem fulminanten "Night Film": hei stierft dem mysteriéise Filmmécher Stan Cordova seng op d'mannst sou skurril a geheimnisvoll Duechter Ashley - d'Police geet vu Suizid aus, awer dee Mann, dee wéinst fréiere journalistesche Recherchen iwwer de ganz komesche Personnage Cordova alles verluer huet - Job, Fra, Renommée - de Scott McGrath - gleeft net u Fräidoud. A sengen Ae stécht eng ganz terribel Intrig hanner dem talentéierten Ashley sengem Doud. Hie mécht sech op d'Sich - a wat hie méi wullt, wat méi ellen Ofgrënn sech virun him opdinn.

"Silence breakers" an Opus magnum "4321" an nach vill méi

En Dram, dee wouer gouf, war et wuel och, wéi am Joer 2017 déi amerikanesch Publikatioun Time als Person of the Year déi sougenannt Silence breakers op d'Une gesat hunn: déi Fraen, déi ëffentlech driwwer geschwat hunn, datt si vu méi oder manner aflossräiche Männer sexuell belästegt goufen. En Dram kann et awer och sinn, säi Liewe véiermol, op véier verschidde Manéieren ze liewen - sou wéi de Paul Auster et a sengem Opus magnum "4321" beschreift. Jiddereen huet seng Siicht, wat dowäert ass gedreemt, erdreemt, gedagdreemt ze ginn, och de Philip Roth, d'Toni Morrison, d'Siri Hustvedt an aner amerikanesch SchrëftstellerInnen, hunn eis duerch hir Bicher mat dreeme gelooss. Oder och mat fäerten.

Wann Dir neie Stoff braucht, fir ze liesen, ze dreemen, ze iwwerleeën, dann zéckt keng Sekonn a kommt mat eis op Entdeckungsrees an déi rezent amerikanesch Literatur. Mir freeën eis op Iech, dëse Mëttwoch, 4. Juli.