Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Provënzliteratur oder Literaturprovënz?

Lëtzebuerger Literatur

Provënzliteratur oder Literaturprovënz?

Véier rezent Wierker vu Lëtzebuerger Auteure sinn den Ophänkert fir en Echange iwwert d'Literatur vun an zu Lëtzebuerg. Wat zeechent déi aus? Wéi schlecht ass se wierklech? Iwwert dës an aner Sujeten aus dem literaresche Liewen diskutéieren d’Literaturlaborante Valerija Berdi a Jerôme Jaminet. De Claude Mangen huet moderéiert.

Michel Delage

auto_stories

8 min

Jérôme Jaminet, Claude Mangen a Valerija Berdi

An der zweeter Emissioun Literaturlabo goufen, noeneen, déi heite véier Wierker diskutéiert:

  1. Jean Back: “Zalto mortale” (Kremart)
  2. Claudine Muno: “Komm net kräischen” (Op der Lay)
  3. Marc Graas: “Eiszeit” (Saint-Paul)
  4. Anise Koltz: “Somnanbules du jour” (Gallimard)

Zalto mortale

Dem Jean Back seng dräi Erzielungen, déi hien ënnert dem Titel “Zalto mortale” versammelt huet, fënnt de Jérôme Jaminet stilistesch “ganz staark”. D’Figuren erschéngen him an den extreme Situatiounen, an deene se sech befannen, “vläicht e bëssen entfriemt”. Den Auteur vergläicht de Kritiker éischter mat engem Gast Groeber wéi engem Vertrieder vun der eelerer Generatioun wéi de Roger Manderscheid.

D’Valerija Berdi fënnt et “faszinant”, datt de Jean Back mat sengen Erzielungen iwwer gewësse Grenzen eraus géif goen. An der Lëtzebuerger Literatur wier dat schonn “exceptionnel”, ënnert anerem hieft si d’Vermëschung vu sproochleche Regëster ervir.

“Komm net kräischen”

Dem Claudine Muno seng Erzielung “Komm net kräischen” hätt deelweis Längten. De Lieser géif zum Schluss awer belount ginn, well d’Autorin an d’Déift géif goen, uerteelt d’Valerija Berdi. Erfrëschend wier, datt sech mat där Duerstellung vun enger Meedche-Papp-Bezéiung vun typesch Lëtzebuerger Theme wéi Krich a Misär géif distanzéiert ginn. “D’Claudine Muno huet e puer immens flott Aussoen iwwert d’Sprooch gemaach. Do gesinn ech eng Entwécklung”.

Grad do seet sech de Jerôme Jaminet enttäuscht. D’Claudine Muno hätt sech vum Skurrilen, dat si am beschte kéint, ewech beweegt. An “direkt am éischte Kapitel sinn enorm vill Sentenzen dran, déi net besonnesch déif sinn”. Allerdéngs hält hien d’Duerstellung vun de Gedanke vum Haaptpersonnage Marie fir glafwierdeg. Coming-of-age Literatur hätt een doriwwer eraus schonn dacks gesinn. “Eng kleng Erzielung, sans plus”.

Eiszeit

Dem haaptberuffleche Psychiater Marc Graas sengEiszeit” wier "duerchaus ënnerhalsam", sou de Jerôme Jaminet. Méi komplex wéi e gewéinleche Krimi, gutt an de wëssenschaftleche Beschreiwungen. “Muenchmol stilistesch zimlech onbehollef”.

Ee “page turner”, fënnt d’Valerija Berdi. D’Geschicht vun enger Sekt an engem totalitäre Regime wier awer simplistesch (“béis Kommunisten”), géif ee sexistescht Bild vun der Fra prägen, et wier allgemeng keng Reflexioun dran.

Somnanbules du jour

Fir d’Literaturlaborantin Valerija Berdi ass d’Anise Koltz eng “immens couragéiert Lyrikerin, déi net rondrëm schwadrounéiert”, kee Wuert ze vill, keng Wuertspillereien. De Géigendeel vun deem, also, wat an der franséischer Poésie Usus wier. Der Anise Koltz, Joergang 1928, wier et mat der Kollektioun “Somnanbules du jour” eng Kéier méi gelongen, “net sech an de Virdergrond ze setzen, mee hire Message, hir Sprooch”.

Och de Jerôme Jaminet seet sech begeeschtert. D’Anise Koltz “ass fir mech am beschte Sënn vum Wuert eng Zäitzeien”. Engagéiert, sensibel fir dat wat passéiert, sproochlech elegant, einfach mee net simpel. Dem Kritiker ass opgefall, datt d’Schrëftstellerin “am Moment méi nach iwwer Stierflechkeet nodenkt wéi bis elo”.

“Engagéiert, couragéiert.. dat si jo eigentlech lauter Wierder, déi een trotzdem mat méi jonke Schrëftsteller a Schrëftstellerinne kéint verbannen. Dat mécht se extrem jonk an zäitgenëssesch”, sot fir säin Deel de Claude Mangen.

Literaturland Lëtzebuerg?

“Generell ass et net vill anescht wéi bei anere Länner och: mir hu ganz vill Trivialliteratur, haaptsächlech op de Bestsellerlëschten. Awer mir hunn eben och Auteuren, déi international duerchaus kompetitiv sinn”, erkläert de Jerôme Jaminet. An zitéiert Auteure wéi Jean Back oder Tullio Forgiarini, déi scho mam europäesche Literaturpräis ausgezeechent goufen, a Leit ewéi Anise Koltz, Guy Helminger oder Raoul Biltgen, déi am Ausland als Auteuren etabléiert wieren.

D’Valerija Berdi notéiert eng “immens Entwécklung an de leschten 20-25 Joer, och wat d’Thematike betrëfft”. Mee: “däerf ee Lëtzebuerger Literatur kritiséieren? Däerf ee soen: dat dote Buch daacht näischt? Ech hunn d’Gefill, datt een dat nach ëmmer net däerf, a soulaang een dat net däerf, si mer eng Provënz”.

Wie sollt een an Zukunft am A behalen? Fir d’Valerija Berdi sinn dat beispillsweis d’Nathalie Ronveaux (“eng Schrëftstellerin mat nach immens vill Potential”) oder d’Nora Wagner (“een onwahrscheinlecht Talent”). De Jerôme Jaminet mécht op déi nach ganz jonk Auteure Valentine Tusa a virun allem de 15 Joer alen Olivier Demmer opmierksam. Et wier “wahrscheinlech nach verfréit, fir ëm eng grouss Zukunft virauszesoen”, an awer hätt e schonn zwee Bicher geschriwwen, déi gutt gelonge wieren.