Radioen

On air

Notturno  |  Karen Dalton - In A Station

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Loosst d'Fangere vun den Drogen!

Offiziell Kompetitioun

Loosst d'Fangere vun den Drogen!

De kolumbianesche Thriller "Birds of Passage" (Pájaros de verano), vun de Realisateure Cristina Gallego a Ciro Guerra, kombinéiert de klassesche Gangster-Epos mat engem Portrait vun der Wayuu-Ethnie.

auto_stories

3 min

De kolumbianesche Marihuana-Boom ("bonanza marimbera") an den 1970er Joren ass e Seegen och fir de Rapayet a seng Famill, déi zur Wayuu-Ethnie gehéiert. Iergendwann awer geréit deen Drogentrafic a Konflikt mat den traditionelle Wäerter vun de Wayuu. Den Zesummenhalt vun de verschiddene Clane vun där Ethnie dreet auserneen ze briechen.

"Birds of Passage" (Pájaros de verano) kombinéiert de klassesche Genre vum "rise and fall"-Gangsterfilm (d'Entwécklung iwwert ee Joerzéngt an de Fall vun enger krimineller Organisatioun) mam Portrait vun enger ethnescher Communautéit. D'Wayuu, déi eng Arawak-Sprooch schwätzen, liewen am Norde vu Kolumbien op der Hallef-Insel La Guajira, op der Grenz mat Venezuela.

Portrait vun der Wayuu-Ethnie

De Film stellt den traditionellen, um Matriarchat opgebaute Liewensstil vun de Wayuu mat senge Ritualer duer, virop eng Zeremonie, an där d'Meedchen an de Jong - déi zukünfteg Koppel - sech géigesäiteg aussichen. Mat ästhetesch schéinen a schwongvollen Opnamen ënnersträichen d'Realisateure Cristina Gallego a Ciro Guerra d'Sequenz vum rituellen Danz, deen dës Zeremonie ausmécht. Hei gëtt nämlech de Grondsteen geluecht fir de floréierenden Drogebusiness: Fir d'Dott fir seng Braut kënnen ze finanzéieren, léisst sech de Rapayet op een Deal mat Amerikaner fir eng gréisser Marihuana-Liwwerung an.

Wärend virun allem de Geheimdéngscht CIA dofir bekannt ass, mam Drogenhandel (Vietnam, Afghanistan) seng illegal Operatiounen ze finanzéieren, sinn et am Film jonk Amerikaner vum Peace Corps (eng Zort Sozialdéngscht an Drëttweltlänner), déi dee Business a Kolumbien an d'Weeër leeden...

Clan-Logik vs Drogenhandel

Am Ufank schéngt sech den Drogentrafic ouni Problem an de Liewensstil vun de Wayuu z'integréieren. No an no stoussen d'Clan-Logik (Éier, Solidaritéit) an d'Contraintë vun deem Handel awer openeen. Zousätzlech belaascht gëtt dat komplext Geflecht duerch d'Relatioune mat den "alijunos" (net-Membere vun der Ethnie) respektiv duerch de Generatiounskonflikt, dee bannent de Wayuu ausbrécht. Déi onbaarmhäerzeg Logik vun der Vendetta setzt an, d'Clane bekriche sech géigesäiteg a riskéieren hir eege Kultur auszeläschen...

De Kärmessage vu "Birds of Passage": den Drogenhandel (oder ass et net méi allgemeng de Kapitalismus?) huet déi traditionell Uerdnung zerstéiert. D'Cristina Gallego an de Ciro Guerra leeschte mat hirem Film ee Bäitrag zur Befriddegung vun hirem Land, Kolumbien, dat un de Konsequenze vun engem joerzéngtelaange Biergerkrich ze knaen huet.

Net vun ongeféier gouf de Film vun der amerikanescher USAID matfinanzéiert. Déi Regierungs-Agence ass dorops spezialiséiert, d'Interête vun der amerikanescher Politik uechter d'Welt ze promouvéieren, ënnert anerem duerch de Finanzement vu politeschen Oppositiounen a Länner, an deene fir ee "regime change" soll gesuergt ginn. An deem heite Fall schéngt et d'Zil ze sinn, aarm Baueregemeinschaften aus dem Drogecircuit eraus ze léisen.


"Birds of Passage" leeft nach en Donneschdeg 14. Mäerz um 18.30 am Utopia, am Kader vum Luxfilmfest.