Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Boatly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng Welt, wéi se mer versprach gi war"

Literatur

"Keng Welt, wéi se mer versprach gi war"

Nom Kannerbuch “Glühschwéngchen”, dat de Luc Caregari zesumme mam Nora Wagener geschriwwen huet, publizéiert de Journalist säin éischte Roman: “Le Citron-Céphale”. Sex, Drugs and Terror... Et kann ee frou sinn, datt et sech hei ëm reng Fiktioun handelt.

auto_stories

4 min

"Blues vun der Mediokritéit zu Lëtzebuerg"

Virun aacht Joer hätt hien d’Iddi gehat, “gemautscht” hätt si zënter deem a sengem Kapp. “Do hunn ech mech eng gutt Woch bei de Mönchen zu Klierf ugemellt an hu mech do isoléiert mat allem wat ee brauch: e Laptop, een Dictionnaire, e puer Zigaretten.”

De Luc Caregari, u sech éischter bekannt als Journalist bei der lénks-alternativer Wochenzäitschrëft Woxx, huet elo mat „Le Citron-Céphale“ säin éischte Roman oder - wéi den Ënnertitel behaapt – ee “conte cruel” verëffentlecht. E puer Joer laang war hie mat deem literaresche Projet beschäftegt. De Roman ass elo am zweete Versuch, bei den Editions Phi eraus komm.

Et wier elo de richtegen Zäitpunkt gewiescht, seet de groussen James Ellroy-Fan. Den amerikanesche Schrëftsteller hätt hie fir dës Geschicht e bëssen inspiréiert. De “Citron-Céphale” wier kee Journaliste-Roman an och keng Doku-Fiktioun. “A scho guer net autobiographesch!”, betount de Luc Caregari.

Provokante Stil, ee bewosste Choix

“Ass deen Typ dann elo verréckt oder net?”, déi Fro sollt sech de Lieser um Enn stellen. Vill vun de Bicher, déi hien an der Lescht gelies huet, wiere fäerdeg, d’Fiktioun wier ofgeschloss. “Ech fannen, d’Literatur muss erëm méi Dieren opmaachen an d’Leit bewegen.” Säi Stil, dee vu verschiddenen als “provokant” géif empfonnt ginn, wier schonn e bewosst Geste, erkläert den Auteur.

D’Geschicht dréint ëm den Ich-Erzieler a fänkt u sech mam Schluss un. De Protagonist ass fest geholl ginn, an der Press gëtt säi Verbriechen als "9/11 grand-ducal" betitelt. Hie selwer bereet seng Verdeedegung vir, d’Zäit virun der Dot léisst hie Revue passéieren.

Sou erënnert sech den Erzieler un eng Rei Fraen, mat deenen hie ganz ënnerschiddlech Relatiounen hat: déi eng méi frëndschaftlech, anerer méi passionnéiert, déi dann och zu exzessive Situatioune gefouert hunn.

Kee Psychopat. Oder?

De Protagonist ass net grad e “womanizer”. Éischter e verluere Mënsch, deen net esou richteg weess, a wéi eng Richtung säi Liewen hi goe soll. Den enorme Genoss vun diversen Droge wierkt sech net grad positiv op seng Biographie aus...

Wat dann och den Titel vum Roman erkläert (“eng Alliteratioun, wat een am Journalismus net däerf”). Dem Luc Caregari säin Haaptpersonnage “ass ee Mënsch, deem säi Gehir e bëssen aigrisséiert’ ginn ass, dee grad dee ganze generationelle Blues do huet, deen e muss lassginn an ausliewen”. Kee Psychopat. Mee wat geschitt, wa bei esou engem Mënsch gewësse Barrièren ewech falen? Vläicht awer e Psychopat?

“Ofrechnung mat engem Lëtzebuerg, dat ech net gären hunn”

Et ass och eng kleng Ofrechnung mat Lëtzebuerg. Bekannt, awer och stigmatiséiert Stater Quartiere ginn am “Citron-Céphale” thematiséiert - “sou e Blues vun der Mediokritéit zu Lëtzebuerg, déi engem als Journalist no sou ville Joren an d’Gesiicht schléit”. Duerch d’Widderhuelung geet, dem Luc Caregari no, eng gewësse Credibilitéit verluer. “Et ass vläicht och e bëssen eng Ofrechnung mat engem Lëtzebuerg, wat ech net gären hunn. Gewësse Facetten, déi ech absolut kritikabel fannen”.

Dëst Buch ass fir de Luc Caregari just de Géigendeel vu senger journalistescher Aarbecht, well hien hei der Fiktioun fräie Laf konnt ginn. Et war awer och e weidere Besoin, dee mam Schreiwen an der Publikatioun vun dësem “conte cruel” erfëllt ginn ass. “Fir mech ass et och ee Vertrieder aus der Generatioun X, déi an den 90er opgewuess ass. Déi elo iergendwou fest stécht, an enger fester Carrière, sech och ni Froe gestallt huet. An elo och deelweis gesäit: oh, merde! D’Welt ass jo guer net méi esou, wéi mer se deemools versprach ginn ass.”

Decalagen tëschent der geliefter Realitéit an der Alteritéit dobaussen, dat géif hien intresséieren. “An deem Decalage geschitt och ganz villes, do existéiert jo och Konscht, Kultur”.


Luc Caregari, "Le Citron-Céphale. Conte cruel" (Editions Phi)