Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mäin Hobby war: kucken a lauschteren"

Literatur

"Mäin Hobby war: kucken a lauschteren"

Am Emil Angel senger Kuerzgeschichtesammlung "Deemools a menger klenger Welt" (Editions Phi - autobiograPHIe) erënnert sech säin Alter ego u seng Péitenger Kandheet kuerz nom Zweete Weltkrich. Et geet ëm "Nopeschgeklaaps" an enger Welt, déi et esou net méi gëtt.

auto_stories

3 min

Auteuren, déi nach iwwer hir eege Kandheet an de Joren nom Zweete Weltkrich kënne schreiwen, gi mat der Zäit ëmmer méi rar. Den Emil Angel, Joergang 1940, ass een dovunner. Genee wéi a senger schonn 1995 verëffentlechter Sammlung "Mengem Papp seng Bréck" ass och an den eelef neie Kuerzgeschichten nees de Robi, dem Auteur säin Alter ego, den Erzieler.

Allerdéngs beschreift de Robi elo net seng eege Spiichten oder soss Aventuren. Hien ass hei just en Observateur vum Liewen an engem Péitenger Quartier:

"Och ouni Komeroden ass d'Zäit mer net laang ginn. Mäin Hobby war: kucken a lauschteren."

"Nopeschgeklaaps"

Wat e Bouf vun ëm déi zéng Joer vun der Trap virun der Hausdier aus matkritt an zréckbehält, rappt een als Lieser elo net grad vum Hocker. An de Kuerzgeschichten (oder sollt een net besser soen: Anekdoten) geet rieds vun enger skurriller Nopesch, déi dem Robi säi Schaukelpäerd fir en anert Kand mathuelen däerf, ouni datt de Jong gefrot gi wier. Mer hunn dann e soss ganz soberen Noper, dee säi Wunnengsschlëssel versëft, sech dofir d'Zäit an der Wiertschaft verdreiwe muss an nawell lëschteg zréck heem kënnt.

Datt e bestuete Mann opfälleg dacks mat enger bestueter Fra, déi net seng ass, koolt, huet "zwou, dräi Woche fir Opreegung am Quartier gesuergt". An datt de Struppi, de béisen Hond aus dem Quartier, iwwerrannt gouf, war alt d'Gespréichsstoff owes um Kaffisdësch...

Eng Welt, déi et esou net méi gëtt

Iwwer dat mat vill Léift verzielten "Nopeschgeklaaps" eraus informéieren dem Emil Angel seng Geschichtercher iwwer eng Welt, déi et esou net méi gëtt: Kanner, déi op Schifertafele schreiwen; de Staminee als Zentrum vum soziale Liewen; Resistenzler, déi mat der Broscht voller Gielercher op patriotesche Manifestatioune paradéieren; aner Helden, déi d'Ronn mat interessante Geschichten iwwer hir meeschtens harmlos Spiichte konnte begeeschteren; eng Noperschaft, déi - bis op wéineg Ausnamen - aus Stacklëtzebuerger besteet; eng Gesellschaft, wou et sech fir e Kand net gehéiert, en Erwuessene Mann mam Diminutiv "Misch" unzerieden; asw.

Wann et als eng "sensationell Nouvelle" gewäert gouf, datt eng Koppel wéi et schéngt jorelaang zesummegelieft hat ouni matenee bestuet ze sinn, deit op eng duerch an duerch konservativ Gesellschaft hin. Duerch hir sozial Kontroll haten d'Nopere schonn dofir gesuergt, datt d'Kierch am Duerf bliwwe war...

Almoudesch mee gutt geschriwwen

Den Emil Angel kommentéiert dat net weider - et war ebe seng kleng Welt. A genee well en dat alles ouni Distanz a mat enger assuméierter Nostalgie erzielt, wierkt seng Geschichtesammlung zimmlech almoudesch.

Den Emil Angel, nieft enger laanger Karriär am Enseignement, verëffentlecht schonn zënter véier Joerzéngte Kuerzgeschichten an diverse Publikatiounen, an och Bicher. Hien huet also eng geüübte Schreif, e ganz agreabele Stil. An de Merite vu Bicher wéi sengem ass et, datt se dozou bäidroen, de Räichtum vun der Lëtzebuerger Sprooch z'erhalen (wie weess nach, wat en Teimerchen ass, an datt een ee mam selwechte Resultat kann erwiergen oder ermëlzen).