Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Zelt am Bulli

Literatur

Mam Zelt am Bulli

D'Festivalliewen als Flucht aus enger vum Kapitalismus zerstéierter Gesellschaft. Dem Jeff Schinker säin neie Roman "Ma vie sous les tentes" (Editions Hydre) ass u sech eng Flucht - iwwert d'Sprooch.

auto_stories

7 min

"(...) je me disais que, peut-être, j'écrivais comme j'installais me tentes, me lançant à l'aventure à chaque fois sans savoir comment je ferais pour achever l'édifice, me servant du matériau de base pour tenter de construire quelque chose de brinquebalant, d'éphémère, mais quelque chose qui serait conscient de ce caractère précaire, et qui en jouirait, puisant d'abord dans les outils à ma disposition pour créer une sorte de charpente, autour de quoi j'allais par la suite, plaçant et enfonçant les éléments de la phrase comme autant de piquets dans le sol de la syntaxe, consolider, remplir, meubler, puis essayant, une fois la chose debout, d'y dormir et d'y vivre, d'y revenir aussi, ivre parfois, de tenter d'y faire la fête en rameutant des gens, d'y glisser des tentatives de vécu et de voir si, à la fin, ça allait tenir."

Dräi Joer no sengem ambitiéise mee, éierlech gesot, relativ indigeste ''Sabotage'', een a véier verschiddene Sprooche verfaasste Recueil vu véier Geschichten, huet de Jeff Schinker elo e Roman verëffentlecht iwwer déi ''éternelle et festive adolescence'' vun engem vu Musek a Literatur begeeschterte Jugendlechen, respektiv jonken Erwuessenen, deen enges Daags Schrëftsteller wollt ginn. De fréieren äifrege Festivalgänger, dat ass de Jeff Schinker selwer, haut Responsabele vum Kulturressort vum Tageblatt an, jo, Schrëftsteller.

Am Genre vun der Autofiktioun, deen e wéinst sengem nombrilistesche Charakter zwar net gären huet, mee fir seng formal Méiglechkeete schätzt, kuckt de Mëtt-Drësseger op e Liewen zeréck, deem säin zentraalt Evenement aus de sëllege Rockfestivalle besteet, fir déi e Saison fir Saison mat senger Schwëster an enger Handvoll beschte Kolleegen uechter Europa gereest ass : e Liewen ënnert den Zelter, gewierzt mat Drogen, Alkohol, Sex a virun allem Frëndschaften.

"Vie de guerrier"

Sinn d'Festival-Reesen eng essentiell Erfarung, där hir Lektiounen der Wäert sinn, de méi jonke Generatioune weider ze vermëttelen ? Wat hätten déi Leit soss z'erzielen, vu datt se kee Krich oder soss kollektiv politesch Kämpf erlieft hunn, quitt datt de Jeff Schinker vun enger ''vie de guerrier'' schreift, ''rythmée par une certaine nonchalance envers mon propre bien-être'' an eng England-Eskapade an der klassescher Form vum Epos erzielt.

Mee d'Festivalliewen ass méi wéi just eng interessant Manéier, fir sech am jonken Alter d'Zäit ze verdreiwen ier ee sech an den Eescht vun der Existenz als Erwuessene muss stierzen. De Jeff Schinker beschreift et als eng Flucht aus enger enttäuschender Realitéit, ''loin de la désolation de ce que le monde est devenu, ou de ce qu'il en reste''. A weider :

''Se rendre à un festival, c'était fuir un monde où tous les rapports entre les humains étaient gouvernés par la logique du commerce et du néolibéralisme''.

Jeunesse dorée blénkt net méi

Et ass d'Flucht aus enger vum Kapitalismus zerstéierter Gesellschaft, paradoxerweis ergraff vu Jugendlecher aus soziale Klassen, déi am meeschte vun der Maartwirtschaft profitéiert hunn. Respektiv sinn d'Notznéisser Eltere gewiescht, där hir Kanner elo ëmmer méi och selwer déi neoliberal Logik ze spiere kréien. Sou beklot sech den Auteur iwwer e System, an deem ee kaum nach fir eng Aarbecht bezuelt gëtt. Am Kulturmilieu, wou Konscht duerch Business ersat ginn ass, trëfft dee Constat ëmmer méi zou.

De Roman portraitéiert also e bestëmmten Deel vun der Jugend, dee sech natierlech e Liewen an der Festival-Bohème ka leeschten. Och den Auteur gëtt sech als Kand vun der Bourgeoisie z'erkennen : e Familljenappart zu Juan-les-Pins, eng ''enfance, niaisement heureuse et diaboliquement ennuyeuse'', Unistudien op der Paräisser Sorbonne, asw. Op enger Plaz am Roman geet rieds vun engem Kolleeg, en aarme Schauspiller, deen net konnt matfueren, well e keng Suen hat.

Den Auteur selwer bleift vum pessimistesche Constat net verschount : keen Interessi fir sech an enger Bezéiung ze bannen, Onfäegkeet fir sech der Aarbechtswelt unzepassen. Ass een dann zu engem Liewen an der Einsamkeet verdaamt ? Nee, well : ''Quand il dispose de livres et de musique, aucun homme n'est seul.'' An iwwerhaapt:

''le mieux qu'on peut faire aujourd'hui, c'est de danser sur les décombres d'une société qui ne vaut peut-être même plus d'être sauvée.''

Festivalbekanntschaften

Ëmmerhi bleiwe jo nach d'Rockgruppen, deenen een nopilgert, dofir dausende Kilometeren Autobunn muss friessen an niewelaanscht och ganz approximatiivt Fudder, am beschte mat improviséierten Alkoholmixturen erofzespullen. Et verzicht een op all biergerleche Confort, fir - provisoresch - an der Keelt an am Bulli ze hausen - warscheinlech glécklech ewéi Schwäin.

Op jiddwer Fall an enger sympathescher Ambiance, an där ee flüchteg, iwwerflächlech, dofir awer éierlech Bekanntschafte ka maachen, eng Form vu frëndschaftleche Relatiounen, déi trotz der ëmmer méi grousser Kommerzialiséierung vun de Festivallen iwwerlieft hätt:

''Ces connaissances de festival sont à la fois superficielles et honnêtes. Elles n'engagent à rien, raison pour laquelle l'on se réjouit d'autant plus de les voir se perpétuer.

Elles nous permettent d'imaginer une forme de vivre ensemble plus subtile, une sorte de détachement qui ne serait pas de l'indifférence, mais un accueil de ce qui arrive, une écoute du moment, une attente vague, non pas fébrile mais patiente. Une propension à une amitié sans promesses, mais aussi la certitude que, à force de fréquenter les mêmes endroits, d'écouter le même son, de vivre pour le même art - car il s'agit d'un train de vie, d'une passion sans bornes, d'une énergie investie -, l'on se recroisera.''

Formelle Sammelsurium

Wat dem Roman elo eng zousätzlech Dimensioun gëtt, ass seng Form. Wéi a ''Sabotage'' liese mer och a ''Ma Vie sous les tentes'' laang, heiansdo ganz laang, um grousse Virbild Proust inspiréierte Sätz, déi dem Mouvement vun der Erënnerung solle gerecht ginn, enger Memoire, déi sech net onbedéngt chronologesch entfaalt, mee a Couchen, an dann nach: et muss ee ronderëm d'Erënnerungsbléck dréinen, an der Hoffnung, se sou gutt et geet z'erfaassen:

''parce que dans nos vies, il faut circonstancier, relativiser, amortir, atténuer, parce qu'il ne faut jamais énoncer les choses dans leur nudité, sans quoi elles vous baisent, les choses.''

D'Digressioune ginn als Stilmëttel affichéiert an assuméiert, mat all deene Klammeren, an de Klammeren an de Klammeren (''ces parenthèses nécessaires qui s'ouvrent dès lors que s'enclenchent les souvenirs et avec eux les inévitables renvois internes''), Debordementer vum Text an de Foussnouten, mat enger Hellewull u Referenzen, Uspillungen, Picken an iwwerflëssege Bemierkungen, déi bewosst doruechter gestreet ginn (och wa se dacks forcéiert wierken), fir eben dat Spillerescht, dat Humoristescht vun der Sprooch z'ënnersträichen.

Den Auteur ameséiert sech, kuckt sech beim Schreiwen no, kommentéiert wat e grad mécht, begréisst seng Kolleegen an enger Zort friend name dropping, riicht sech un de Lieser, freet en ëm Gedold bei ze laange Sätz, woubäi dee längsten, am zentrale Kapitel vum Roman, iwwer 22 Säite geet... fir awer dann ouni Punkt op en Enn ze goen. Hie jongléiert mat Fachbegrëffer aus der Narratologie, der Grammatik, geheit en ironeschen, desabuséierte Bléck op seng Aktivitéit als Schrëftsteller (''plus personne ne lit''), behandelt och alt emol - ganz eescht - d'Bezéiungen tëschent Fiktioun a Realitéit, liwwert dem Lieser souzesoen de Code, fir den Text z'entzifferen.

Méi konzentréiert ewéi "Sabotage"

Déi komplex formell Spillereie maachen tatsächlech Sënn, well se, wéi gesot, de Mechanismus vun der Erënnerung reproduzéieren, mee och well se d'Flucht aus der Realitéit - Sujet vum Roman,- illustréieren. Och wann hei elo kee pueren art pour l'art bedriwwe gëtt: d'Realitéit, déi platt Realitéit, liwwert dem Auteur de Virwand fir sech mat Wierder seng eege Welt opzebauen. Bezeechnenderweis fënnt een am Roman bal keng Dialogen. Mir sinn am Auteur sengem Kapp:

''écrire quelque chose de réel dont je tenterais de désamorcer le caractère platement réaliste et traumatique par la jouissance de l'écriture et l'enchantement de l'invention (...), le défi étant donc de réussir à dire le réel en le réinventant, en essayant de donner de la folie loufoque et drôle et littéraire à quelque chose de froidement, de tristement fou.''

''Ma vie sous les tentes'' ass de Roman vun engem talentéierte Schrëftsteller, dee säin Handwierk beherrscht, hei awer méi räif wierkt wéi a sengem viregte Buch ''Sabotage''. Dat neit Buch ass thematesch méi konzentréiert, manner iwwerlueden - woubäi d'Bläifstëftzeechnunge vu sengem Festival-Kumpan Alasdair Reinert den Text hëllefen ze lëften. Am direkte Verglach ass dat heite Buch méi zougänglech, manner drop aus, eng Virtuositéit ze demonstréieren, déi riskéiert, an d'Eidelt ze verlafen, an d'Onlieserlechkeet ze verfalen.

''Ma Vie sous les tentes'' ass och e melancholeschen Hommage un eng alternativ Liewensweis, un eng Jugend, déi net de geréngste Wëllen hat, fir d'Gesellschaft ze veränneren, mee sech hir verschounten Inselen op Festivalle siche gaangen ass.

Leider ass et mer physesch net gelongen, iwwer dem Liesen all déi Lidder matzelauschteren, déi de Jeff Schinker an den Titele vun de Kapitelen uginn huet - Merci awer fir déi interessant Playlist!