Radioen

On air

De Moien  |  Aaron Frazer - Bad News

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Traueren an Duerchhalen

Filmkritik

Traueren an Duerchhalen

"Manchester by the Sea" ass en Drama iwwert eng dysfunktional Famill, an där d'Leit Schwieregkeeten hunn, hir Gefiller z'artikuléieren. De Film léist sech net an enger schmalzeger Versöhnungszeen an a Wuelgefalen op, mee bleift realistesch. Dat ass eng vu senge grousse Stäerkten – deen een oder aneren Oscar ass dofir duerchaus dran.

auto_stories

3 min

Den amerikanesche Cineast Kenneth Lonergan ass e Spezialist fir déifgrënneg an iwwerzeegend psychologesch Dramaen. Säin neie Film "Manchester by the Sea" ass zentréiert ëm de Personnage vum Lee Chandler, duergestallt vum Casey Affleck. Hie lieft zu Boston, an enger Excuse fir en Een-Zëmmer-Appartement, am Sous-Sol vun engem gréissere Wunnkomplex. Do schafft hien an engems als Homme à tout faire. Wëll soen: Verstoppten Toiletten deblokéieren, no der Heizung kucken, den Dreck erausdroen, Schnéi schëppen... an d’Remarken an d’Laune vun de Locatairen iwwert sech ergoe loossen. Wat de Lee Chandler mat engem konsequente Stoizismus mécht.

Mee enges Daags schellt dem Haaptpersonnage säin Telefon an hie kritt d’Noriicht, datt säi Brudder um Stierwe läit. Deen huet zu Manchester by the Sea gewunnt: Engem pittoreske Fëscherduerf, dat och am Wanter an am Schnéistuerm ee raue Charme distilléiert. Säi Brudder hannerléisst ee 16 Joer jonke Bouf, mat deem och de Lee emol ganz gutt war. An hien hannerléisst en Testament. Dora steet, datt de Lee soll den Tuteur vum Jong ginn. Doriwwer ass all Mënsch verwonnert, an de Lee ass deen éischten, dee sech selwer als komplett ongëeegent fir dës Tâche bezeechent.

Trotzdem eens ginn

En attendant datt se eng Léisung fannen, mussen déi zwee méi oder wéineger mateneen eens ginn. De Bouf, dee säi Päckelchen ze droen huet an ëm säi Papp trauert, ass een alerte Kärelchen.

Parallel zu dësem Plot dévoiléiert de Film a Flashbacken, wéi d’Schichte vun enger Ënn déi eng no där anerer erof geschielt ginn, dem Lee Chandler seng Vergaangenheet zu Manchester by the Sea. Esou gëtt ee gewuer, firwat d’Awunner vun deem schéinen Dierfchen, bis op e puer Ausnamen, dem Protagonist am beschte Fall aus dem Wee ginn. Wéi bäileefeg gëtt een Aschnëtter am Lee Child senger Biografie gewuer. Ee gespréichegen ass hien net. Hien ass ee vun där Zort déi éischter eng Kläpperei an engem Bistro siche ginn, wéi eppes iwwert hire Gemittszoustand z’erzielen.

"Manchester by the Sea" ass ee ganz männerlastege Film. En handelt vum trotzdem-eens-ginn a weiderliewen. Dovun datt déi eenzeg Optioun déi ee bei der Trauer huet – ausser ofsacken – déi ass, fir sech op déi ze konzentréieren, déi iwwreg bliwwe sinn. De Realisateur Kenneth Lonergan erzielt dës Geschicht vu Verloscht an Duerhalen op eng Aart a Weis, déi ganz no um Liewen ass.

E Sak voll Nominatiounen

Mat poeteschen Opname vum Duerf a vum Mier, ënnermoolt mat Musek – Händel virun allem – déi Gefiller méi däitlech artikuléiert, wéi d’Figuren. A souguer mat engem Zeste dréchenen Humor, dee sech vun Zäit zu Zäit manifestéiert.

Kee Wonner, datt "Manchester by the Sea" där nächster Oscar-Zeremonie mat engem Sak voll Nominatiounen entgéintkuckt – vum Casey Affleck als Haaptacteur bis zu deene kuerzen, mee prägnanten Niewerollen. Et ass ee schéine Succès fir de Kenneth Lonergan, dee mat sengem Film "You Can Count On Me" grouss erauskomm war. Deen awer mat sengem Projet duerno, "Margaret", ee jorelaange Konflikt mat senge Produzenten an Distributeure huet missen ausdroen, dee bal e Schlussstréch ënnert seng Carrière gezunn hätt.