Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ist das Kunst oder kann das weg?

Leipziger Buchmesse

Ist das Kunst oder kann das weg?

Tëschent de Stänn an Diskussiounsronne begéint een op der Bicherfoire zu Leipzig heiansdo och skurril a fantasteschen Gestalten, déi meeschtens ganz jonk a weiblech sinn. Zënter e puer Joer ass d'Manga-Convention e wichtege Bestanddeel vun der Foire. Fir déi eng sinn déi kostüméiert Manga-Fans eng Beräicherung, anerer fannen, datt d'Manga näischt mat Literatur a Konscht ze dinn huet.

auto_stories

3 min

Mat sengem Wierk Shintakarajima huet den Osamu Tezuka 1947 de Manga-Boom a Japan ausgeléist. Black Butler a Naruto hunn den Trend och an Europa etabléiert, a Sailor Moon an Dragon Ball waren an de 1990er Joren déi Anime-Serien, déi Millioune vu Kanner virun der Televisioun gefesselt hunn.

Manga ass eng Konschtform, déi a vill verschidde Genren ënnerdeelt ass: Horror, Krimi, Science-Fiction, Comedy. Mä och historesch Geschicht, Léift a Famill ginn an den Hefter an Zeechentrickfilmer behandelt. Sozialkritesch Theme wéi Erotik sinn an der Mangawelt besonnesch heefeg ze fannen.

Eng aner Welt

Weltwäit gi Manga-Comic-Conventions organiséiert, zënter 2014 och zu Leipzig. Parallel zu der grousser Bicherfoire kréien d'Fans vum Manga d'Geleeënheet sech an hire Kostümer ze presentéieren, als Cosplay. E jonken Däitschen trëtt als "Gekko Moriah aus der Serie "One Piece" op, dat ass ee vun de siwe Samurai-Cheffen. An der Serie gesäit et aus, wéi wann de Personnage gestuerwe wier. Ech portraitéieren de Gekko Moriah, wéi e géif ausgesinn, wann en iwwerlieft hätt."

Breet Flilleken, faarweg Parrécken a fantastesch geschminkte Gesiichter suerge fir vill Faarf an Ënnerhalung um Fest vun der Literatur. Och kuerz Räckelcher, Schwäerter aus Plastik a Baseballschléier gehéieren zu den heiansdo ondefinéierbaren Accessoiren.

En anere Mann beschreift seng Begeeschterung fir Manga a Cosplay esou: "All déi verschidde Costumer si ganz faszinéierend. Dobäi kënnt, datt d'Communautéit super ass. Vill Leit aus der Zeen sinn och Eenzelgänger an d'Manga-Con bréngt d'Leit zesummen." Eng jonk Fra gesäit dat ähnlech a well déi "faarweg Stänn a Costumer" ervirhiewen.

Ze grousse Kontrast?

Net jidderee gesäit den Optrëtt vun de Manga-Fans zu Leipzig positiv. Keng Plaz fir plakeg Huesen, huet de Schrëftsteller an SWR-Literaturredakter Carsten Otte en Artikel betitelt, an deem hie sech ganz vehement géint d'Presenz vu Cosplayer op der Leipziger Buchmesse wiert.

Wenn sich Kinder in farbenfrohe Kostüme werfen, kann man sich freuen. Wenn Teenies vor den Fotoapparaten zumeist mittelalter Herren viel Bein und viel Brust zeigen, mag man sich wundern, aber wenn minderjährige Cosplayer Gefallen an pornographischen Posen finden, sollten Erwachsene nicht nur verschämt zur Seite schauen, sondern einschreiten.

Liberale Intellektuelle wollen nicht als antiquiert, autoritär und lustfeindlich gelten. Doch der Massenauftritt der leicht bekleideten Comicfiguren mit Plüschtier unterm Arm wird zum Hohn auf den Rest der Messe.

Tëschent literareschen a politeschen Diskussiounen, Appelle fir d'Meenungsfräiheet an dem Engagement fir Schrëftsteller a Journalisten, déi ënner Diktaturen an hire Länner leiden, géif de "Klamauk a kulturindustriellen Hokuspokus" net hipassen. Mat sengem Fazit huet de Carsten Otte d'Onverständnis an d'Roserei vun dausende vu Manga- an Animefans op sech gezunn.

Den Oliver Zille, Direkter vun der Leipziger Buchmesse, stäerkt de Cosplay iwwerdeems de Réck. Et hätt nach vu kengem Aussteller héieren, datt d'Cosplayer engem géifen op de "Geescht" goen. D'Organisateure sinn houfreg op hiren heterogene Publikum. De villsäitege, literareschen, kulturellen a politeschen Interessi wier grouss, an un der Kombinatioun vun den zwou Veranstaltungen wéilte si och an Zukunft näischt änneren. Et dierft deemno am nächste Joer eng fënneft Editioun vun der Manga-Conventioun zu Leipzig ginn.