Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Angel a Samuel Hamen

Am Gespréich

Marc Angel a Samuel Hamen

Zwee, déi sech fonnt hunn: mam Schrëftsteller Samuel Hamen a mam Zeechner Marc Angel hu sech zwou Generatioune vu Kënschtler zesummegedoen, fir eng originell hybrid Form ze schafen. Fir hiert Buch "Zeeechen. Erzielungen a grafesch Geschichten" (Editions Guy Binsfeld) gouf den Duo den 19. November mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur ausgezeechent.

auto_stories

4 min

De Marc Angel an de Samuel Hamen

Am Ufank war et dem Samuel Hamen seng Loscht fir en intermediale Projet ëmzesetzen. Duerch d'Vermëttlung vum Editeur Marc Binsfeld war dunn d'Zesummenaarbecht mam Marc Angel (dem Zeechner, net dem Politiker) entstanen.

D'Resultat, d'Graphic Novel "Zeeechen" (an et ass keen "e" ze vill!), huet d'Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis iwwerzeegt. Den Auteuren-Duo begréisst, datt eng hybrid Form belount gouf.

Den Zeechner Marc Angel gesäit an deem Choix och eng besonnesch Unerkennung vun der BD, ee Genre, déi laang als mannerwäerteg ugesi gi war: "Ech weess net u wat et hänkt, mee och zu Lëtzebuerg kritt een elo eng Unerkennung, déi ee virdrun net krut."

"Et ass eng nei Oppenheet an der Literaturzeen ze gesinn, datt esou hybrid Formater net nëmme méi gelies, mee och méi geschriwwen a gemoolt ginn," erkläert de Samuel Hamen.

Den éischten Deel lauschterenplay_arrow

Zwee Niveauen

Dem Samuel Hamen seng dräi Erzielungen ("Bal", "Elo" an "Djö") louche scho vir, Kandheetserënnerungen, déi hien net eendeiteg als seng eege wëllt bezeechen. Et wier him elo net drëms gaangen, déi Erënnerungen einfach nëmmen ze illustréieren, esou de Marc Angel. Hien hätt seng eege Saach mam Material gemaach.

Kann ee soen, datt déi zwee Auteuren zwee verschidden Niveaue geschaaft hunn, ee méi konkreten Niveau an den Erzielungen, ee méi abstrakten, grondsätzlechen an den Zeechnungen? Marc Angel:

"Den Ënnerscheed ass deen, datt de Samuel en Ech-Erzieler ass, am Géigesaz zu mir. Doduerch kann ech et verallgemengeren, méi spilleresch domadder ëmgoen."

"Wat mer esou gutt gefall huet, ass, datt de Marc mat enger Zort vu Genre-Erzielung reagéiert: eng Krimigeschicht, e Western, eng mythologesch Expeditiounsgeschicht", esou de Samuel Hamen.

Den zweeten Deel lauschterenplay_arrow

Intermediales

D'Erzielungen an déi grafesch Deeler vun "Zeeechen" kéinten onofhängeg vun eneen existéieren. Tëschent deenen zwou Dimensiounen entsteet e Wiesselspill. Wéi ass de Marc Angel virgaangen?

"Ech hunn déi Texter gelies a mam Markéierstëft déi Passagen ugestrach, déi bei mir iergend eppes declenchéiert hunn. An ech hunn déi weiderentwéckelt."

Et ass net fir d'éischt, datt de Samuel Hamen Text a Biller matenee verbënnt. A sengem Roman "V wéi vreckt, W wéi Vitess" (2018) waren et Fotoen:

"Et ass eng ganz interessant Fro: wéi komme meng Biller an d'Welt, wéi schaffen ech mat Informatiounen? Eng Foto, déi direkt rezipéiert gëtt, huet eng aner Wierkung op déi eenzel Persoun wéi en Text, bei deem ee sech ganz anescht kognitiv engagéiere muss."

Den drëtten Deel lauschterenplay_arrow

Kandheet a Jugend

An hirer Begrënnung huet de Jury vum Buchpräis de Fräiraum ervirgehuewen, dat "Zeeechen" dem Lieser léisst. Nom Prinzip: "show, don't tell''.

"Et muss ee weisen, mee et muss een och kënnen ewechloossen. Dat ass wichteg beim Zeechnen", seet de Marc Angel.

D'Erzielunge behandele Kandheets- a Jugenderënnerungen. Wat bleift dann elo, dem Samuel Hamen no, aus där Zäit an Erënnerung?

"D'Essenz vu Kandheet, dat sinn Atmosphären. Et si Biller, et ass dat, wat ee richt. Et si punktuell Saachen, déi - firwat och ëmmer - hänke bliwwe sinn."

De véierten Deel lauschterenplay_arrow

Zukunft zu zwee?

Wäert den Duo Hamen/Angel seng Zesummenaarbecht verdéiwen, weiderentwéckelen? Déi Fro hätt sech nach net wierklech gestallt, well ee sech zanter engem Joer net méi gesinn hätt, seet de Marc Angel:

"Ech hu Loscht eppes weiderzemaachen, awer elo net een 'Zeeechen' reloaded. Dat wier eng schlecht Iddi."

De Samuel Hamen gesäit dat och esou:

"Dat Buch steet elo sou do, an et ass gutt esou. Deen intermedialen Aspekt ass fir mech interessant. An de Marc ass do natierlech eng Ulafstell."

De fënneften Deel lauschterenplay_arrow