Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marriage Story vum Noah Baumbach

#Venezia76

Marriage Story vum Noah Baumbach

Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 zu Venedeg fir déi 76.Editioun vum Filmfestival. Hie pickt sech all Dag ee Film eraus, deen hie méi genee ënner d'Lupp hëlt. De Film vum éischten Dag: "Marriage Story", deen neie Film vum Amerikaner Noah Baumbach. Mam Scarlett Johannsson a mam Adam Driver an den Haaptrollen.

auto_stories

4 min

"Kramer vs. Kramer", "Blue Valentine", "Wildlife", "Loveless", "A Separation" an natierlech "Scener ut ett äkstenskap". Bon, net jiddweree ka schwedesch: Scenes of a Marriage, Szenen einer Ehe vum Bergman.

Metteur en scènen, Regisseur a Regisseurinnen, déi sech preliminär fir d'Psychologië vum interrelationelle Zesummesinn interesséieren, lande fréier oder spéider beim Trennungsfilm. "Marriage Story", esou de soberen Titel, ass genee esou eng Etapp elo fir den Noah Baumbach.

Obwuel, esou ganz richteg ass dat natierlech net. Et ass scho säin zweeten Tour quasi. Säin Duerchbroch huet hie viru bal 15 Joer mat "The Squid and the Whale" gefeiert. Dës béid Filmer dierf een als déi zwou Säiten vun där eng an där nämmlechter Mënz verstoen. "The Squid and the Whale" hat zwee Bridder am Mëttelpunkt, déi d'Trennung a Scheedung vun hiren Eltere vun A bis Z materliewen. Bei "Marriage Story" ass et d'Trennung aus der Siicht vun den Erwuessenen, déi vu vir bis hannen duerchgeknat gëtt.

Zwou Säite vun enger Geschicht

An dobäi fänkt alles esou harmonesch un. Ofwiesselnd erzielen zwou Off-Stëmmen - déi vu Scarlett Johannsson an Adam Driver incarnéierte Personnagen - wat deen/dat eent un deem anere wäertschätzt. Et ass en einfachen Exercice, am Montage wéi am Schreiwen. Mee en huet esou eng pur Qualitéit, déi dann nach ënnerstrach gëtt dovunner, well Driver a Johannsson esou immens schéi sinn. Hie mat sengem éiweg verschlofene Bléck a breede Schëlleren, hatt mat senge kuerzen Hoer an enger Aura, déi zanter "Lost in Translation" einfach net ewechzekréien ass.

Schnëtt. Den Exercice war en duebelen Exercice. Ee fir de Baumbach, fir seng zwee Protagonisten an e puer kuerze Minutte virzestellen. An ee fir d'Koppel. Si sëtzen nämlech un den zwee respektive Borde vun engem Canapé. Beim Koppeltherapeut. Si hunn opgeschriwwen, wat si ebe bei deem anere wäertschätzen a sollen hiren Text deem anere virliesen.

Mee - besser gesot, wéi gemaach. Kuerz - et geet net. An och wann de Film ëmmer nees an deenen am Ganzen 135 Minutte versicht, deen een oder aneren Hoffnungsschimmer eranzestreeën, dann ass et vun dësem éischte Géigeniwwer oder besser gesot Nieftenaner u kloer, datt et tëschent deenen Zwee net méi gutt gëtt.

D'Trennung, déi u sech eng amiabel soll sinn, entwéckelt sech lues a lues, a bal ouni datt si et matkréien zu engem Gemetzel, wéi et am Billerbuch steet. Zwee Mënschen. Zwee Affekoten. Zwou Liewensastellungen. Zwou Stied. New York a Los Angeles, wat Woody Allen-ähnlech kommentéiert gëtt. Zweemol alles a kee gemeinsame Liewensplang méi. Just dat gemeinsamt Kand.

Wat bréngt also elo "Marriage Story", e Film dee sech ganz kloer an eng Rei vun engem Subgenre vum Melodrama areit? Wat hunn all déi aner Filmer oder ganz einfach d'Liewe vu ville Mënschen net - soi-disant - besser oder einfach méi staark geschriwwen?

Dem Baumbach säi Film fält an eppes, aus deem den amerikaneschen Theater zum Beispill net erauszekomme schéngt. "Marriage Story" ass esou um éischte Grad dat, wat am Titel steet. Am aller naturalisteschste Sënn vum Wuert. Dat ass u sech jo net esou schlëmm, mee wie "Loveless" vum Andrey Svyagintsev gesinn huet, huet d'Trauregkeet vum Film nach déif an de Schanken.

Den Noah Baumbach einfach ze New York'esch a säin Dréibuch ze perséinlech an net vu senger eegener Erfarung ze trennen. Respektiv, d'Distanz-huelen als kënschtleresch Opschaffen ass net wierklech. Wat seng Vir- an Nodeeler huet. De Film streckt sech mat verschiddenen net op en Enn kommenden Zeenen op ganzer zwou Stonne 15 an ass leider nees ze laang.

D'Balance gléckt net ganz

Et gëtt versicht, d'Trennung vun de béide Säiten ze beliichten, ass awer an der Balance net ganz ausgeglach. Wéi dann och, schafft de Baumbach jo seng eege Scheedung op. Driver a Johannsson ginn alles, kanaliséieren den dréchene Witz an den Dialoge super, mee wierklech ervirzehiewen ass d'Hellewull un Niewepersonnagen. Laura Dern, Ray Liotta als Affekoten, d'Julie Hagerty aus "Airplane!" an der Roll vun der Rosé-schluppender Mamm an den Alan Alda, vun deem een einfach net genuch kritt! Dat huet och en Noah Baumbach verstanen.

De Star vum Film ass awer de Randy Newman, dee mat senger Filmmusek "whimsy" mat engem W-Majuskül schreift a mat senger Musek méi d'Tréine provozéiert wéi alles, wat d'Schauspiller un Text deklaméieren. "Marriage Story" bleift awer e ganz éierlech léiwe Film, deen een iergendwann wäert op Netflix kucke kënnen.