Radioen

On air

Nei Musek  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënsche mat Hoffnungen an Dreem

Fotografie

Mënsche mat Hoffnungen an Dreem

Den 3. Februar war den EU-Sommet op Malta. Dee wichtegste Sujet war d'Flüchtlingsproblematik. De maltesesche Fotograf Darrin Zammit Lupi nennt d'Flüchtlingen "Isle Landers". Fir hie si si keng Zifferen, keng diffus Mass, oder Statistiken. Mee zanter knapps zéng Joer den Haaptsujet vu senger Fotografie. An déi presentéiert hien den Ament am Neimënster.

auto_stories

4 min

Den Darrin Zammit Lupi ass 1968 op Malta op d’Welt komm. Seng Carrière als Fotojournalist ass 1992 beim Malta Independent ugaangen. No enger Weiderbildung an England gëtt hien zanter 1996 bei der Times of Malta a bei der Agence Reuters als fräischaffende Fotograf seng Biller of.

Wat drop ass? Albanien, de Kosovo an haaptsächlech Bosnien an den 90er, also komplett ausgebrannt. Tsunami-Tragedien a Süd-Ost-Asien an op Sri-Lanka, Aquila an Italien nom Äerdbiewen, a méi rezent de Krich a Lybien. Dramberuff Krisefotograf?

Versiess op Neiegkeeten, sou beschreift den Darrin Zammit Lupi sech selwer um Ufank vu senger Carrière. En plus wier hien immature an immens éiergäizeg gewiescht. Hie wollt Action, Opreegung, Adrenalin, déi richteg Story, quoi! De Beruff Fotojournalist hätt hien déi Zäit mat Auslandsreesen associéiert, bis hie verstanen hätt, datt d'Geschichten net just do wuessen, mee tatsächlech och a sengem Gaart.

Schluss mat Poesie

Malta huet eng Surface vun 316 Quadratkilometer. Also ongeféier en 1/8 vu Lëtzebuerg. An awer sinn et knapps 450.000 Awunner. D'Insel zielt zu de Länner mat der héchster Densitéit. Si läit 80 Kilometer südlech vun Italien, knapps 300 Kilometer ëstlech vun Tunesien a ronn 350 Kilometer nërdlech vu Libyen.

Obschonn den Ursprong vum Term "Malta" ganz gutt "Hunneg" kéint heeschen, ass "Hafen" oder e "Refuge" net auszeschléissen. Mee zanter 2002 sinn eng 20.000 Bootsflüchtlinge aus Afrika an dem Mëttleren Osten op der Insel ukomm. Dann ass natierlech Schluss mat Linguistik oder Poesie. D'Mënsche goufen an Internéierungscampe verfracht an houngen do fest, well si kee Statut als Krichsrefugiéë kruten. Mëttlerweil sinn d'Küste fir Flüchtlingen zou. An dës Decisioun huet Konsequenzen op internationalem Plang mat sech bruecht.

Den Darrin Zammit Lupi beschäftegt de Sujet zanter Dezember 1998. Deemools huet hie Migranten aus dem westafrikanesche Staat Sierra Leone bei hirer Arrivée geknipst, an e puer Biller u Reuters geschéckt. Wéi hien den nächsten Dag d'Tëlee ugemaach hätt, wier him do eng italienesch Zeitung opgefall, sou de Fotograf: um Cover war eng vu senge Fotoen.

Foto: Darrin Zammit Lupi

An duerno hätt hien anerer op anere wichtegen Titelsäite gesinn. Dës Geschicht war also méi grouss wéi Malta, si war vun internationalem Interessi. Hie krut du Commandë vun engleschen, hollänneschen, franséischen, italieneschen an amerikanesche Medien. Dee Moment huet de Lupi realiséiert, datt aus him tatsächlech e Fotojournalist ginn ass, datt hie wichteg Sujeten traitéiere kann an datt hien et vun doheem aus maache kann.

Dem Fotograf seng Missioun

Wa Flüchtlingen op Malta ukomm sinn, war et der Allgemengheet verbueden, fir mat hinnen ze schwätzen. D'Campe waren och fir d'Medien zou. Den Darrin Zammit Lupi huet awer säi Wee bei d'Réfugiéë fonnt. D'Hëllefsdéngschter, d'ONGen huelen hie gäre mat. Doduerch ass hien a Kontakt mat ville Flüchtlinge komm. Jiddereen huet do seng Geschicht ze zielen, och wann et zum Deel Sproochebarrièrë ginn. Déi gesammelt Erzielungen an Impressioune wëllt den Darrin Zammit Lupi mat der Allgemengheet deelen, via Fotoen, déi human an net voyeuristesch gewollt sinn, op Ausstellungen an iwwert säi Blog https://islelanders.com/

Fir den Darrin Zammit Lupi geet et an éischter Linn ëm Sensibiliséierung, an dann awer och dorëms, e gewëssen Drock op Politiker an Decideuren auszeüben. Déi sollten net nach laang nokucken, wa riets Gedanke wuessen a wuessen, sou de Fotograf. Hie kéint just doriwwer staunen, wéi vill Leit op Malta riicht eraus rassistesch wieren. Déi géifen him den Ament vill Angscht maachen.

All dës Mënsche wéilt de Fotograf mat senge Biller uschwätzen, fir hinnen ze weisen, datt d'Flüchtlinge ganz normal Leit sinn, mat Hoffnungen an Dreem. Mënschen, déi wëssen, datt d'Stroossen an Europa net mat Gold paweet sinn, datt et do haart gëtt, mee datt si zoupake wëllen, fir erfollegräich ze sinn.

D'Ausstellung "Isle Landers" vum maltesesche Fotograf Darrin Zammit Lupi ass bis den 28. Februar am Kräizgank vum Neimënster ze gesinn.