Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mëttelméissegkeet am Mikrokosmos

Konscht zu Lëtzebuerg

Mëttelméissegkeet am Mikrokosmos

Lëtzebuerg steet net genuch hannert sengen Artisten, seet d'Josée Hansen. Zanter 20 Joer suivéiert si als Konschtjournalistin de Milieu vu bannen. An iwwerleet, wéi een et kéint besser maachen.

auto_stories

3 min

Josée Hansen ©Patrick Galbats

Am Kader vun der Luxembourg Art Week huet d'Josée Hansen hiert Buch "Piccolo Mondo - Un an d'art contemporain au Luxembourg vu de l'intérieur" virgestallt. D'Buch huet 352 Säiten. Dat wär awer just ee witzegen Zoufall, seet d'Journalistin am Gespréich mam Nathalie Bender.

Geréngschätzung vu Lëtzebuerger Kënschtler

D'Josée Hansen gesäit hiert Buch als Ustouss zur Diskussioun. Si vermësst zu Lëtzebuerg d'Kultur vum Débat. Et wär net alles sou super, wéi et op ville Plaze géif duergestallt ginn. Si kritiséiert "déi Klengheet, dacks och d'Mëttelméissegkeet, de Manktem un Ambitioun an och de Manktem u Kenntnis."

D'Journalistin fënnt et traureg, datt et zu Lëtzebuerg kee Musée gëtt, deen d'Missioun huet fir d'lëtzebuerger Konschtzeen ze suivéieren. "Et ass ee politesche Problem, datt nach ëmmer kee Kulturministère gesot huet, mir maachen ee Musée fir lëtzebuergesch Konscht." Et wär richteg a gutt, datt am Mudam international Konscht op engem héijen Niveau gewise géif. Awer d'Auteurin veruerteelt déi allgemeng Geréngschätzung vun de lokale Kënschtler.

Wéi Konscht geschitt

D'Iddi zu "Piccolo Mondo" koum den Josée Hansen bei der Lecture vu "7 days in the art world" vum Sarah Thornton. Déi kanadesch Soziologin erzielt an dësem Wierk d'Konschtwelt vu bannen. Well d'Josée Hansen d'lëtzebuerger Konschtzeen zanter 20 Joer suivéiert, huet si decidéiert, eppes Ähnleches ze maachen: "Ech wollt de Leit weisen, wéi Konscht geschitt. Vun der Iddi bis d'Realisatioun."

Fir ee Bléck hannert d'Kulissen z'erlaben, begleet d'Journalistin de Filip Markiewicz am éischten Deel vum Buch bei der Kreatioun vu sengem Pavillon bei der Biennale zu Venedeg.

Am zweeten Deel gi sechs lëtzebuerger Artisten a fréier Artiste portraitéiert, déi allerdéngs all net méi zu Lëtzebuerg liewen. "Meng Ambitioun war, fir dat eng Kéier a mengem perséinleche Stil festzehalen: Do si Leit, déi maache super spannend Saachen. Wou si se drun, wéi denke si iwwer Lëtzebuerg, iwwer Konscht, iwwer hir Carrière, iwwert de Marché."

Deen drëtten Deel geheit méi ee kritescht Aen op de Mikrokosmos Lëtzebuerg. Hei beschäftegt d'Josée Hansen sech ënner anerem mam Generatiounswiessel, dee momentan an der Konschtzeen stattfënnt: "Déi Nei sinn net méi sou Pionéier. Et ass net méi McGyver, mee si kommen a fest Strukturen."

Déi dreckeg Säit vum Konschtmilieu

D'Auteurin huet si sech net op eng eenzeg Erzielform beschränkt: "Ech wollt Facebook drabréngen an Twitter, a perséinlech Gespréicher a Medien-Extraiten. Den Défi war et fir déi riseg Quantitéit vun Informatiounen an enger Geschicht, déi sech gutt liest, erëmzeginn." Den Deel iwwert de Filip Markiewicz ass geschriwwe wéi een Tagebuch. Et ass bewosst an der éischter Persoun erzielt. Ganz am Contraire zu den Artikele Josée Hansen am Lëtzebuerger Land.

Am Buch "Picolo Mondo" sinn och vill Biller, déi d'Josée Hansen selwer gemaach huet. Dobäi huet si Wäert drop geluecht, fir déi méi dreckeg Säit vum Konschtmilieu ze weisen.