Buchkritik Michel Clees - Parterre / Captcha

"Captcha a Parterre" heeschen déi zwee Stécker, déi de Michel Clees a senger Autoreresidenz am TNL geschriwwen huet. Elo koumen déi zwee Texter och a Buchform eraus. Eng Erausfuerderung un d'LieserInnen, fënnt d'Valerija Berdi.

Valerija Berdi / cbi

Michel Clees - Parterre / Captcha
Foto: radio 100,7 / Editions Binsfeld

D'Valérie, de Paul an de Mahmud deele sech eng Wunneng. Eng Wunngemeinschaft um Parterre vun engem Appartementshaus. De Paul, e Beamten, deen eng staark Relatioun zu senger Mamm huet, seng Fräizäit hanner dem Computer verbréngt an eng kal a grausam Vue op d'Welt huet.

D'Valérie, verwinnte Kand aus dem Mëttelstand, huet e Bachelor an Ëmweltwëssenschaften an de But d'Welt besser ze maachen, an dann de Mahmud, e Flüchtling, dee vum Staat bei hinne placéiert gouf, dankbar de Krich an de ganze Misär hanner sech ze hunn, probéiert aus der Erfarung eraus, seng Ëmwelt positiv ze gesinn.

Dräi Mënschen, dräi ënnerschiddlech Charakteren, dräi stellvertriedend Liewensgeschichten.

An de méi laange Monologe léiert een déi dräi Protagoniste kennen, wéi si denken, fillen, d'Mënschen an d'Mënschheet gesinn. D'Dialogen erlaben de Lieser e Bléck vu Baussen, verrode lues a lues d'Wiesenszich vun den Eenzelen, hir Net-Kompatibilitéit, den Nonsens vun dëser Gemeinschaft.

Gesellschaftskritesch

Wéi gewinnt vum Michel Clees, ass d'Stéck "Parterre" e gesellschaftskriteschen an engagéierten Text. Wéi gewinnt, ass et d'Spill mat der Sprooch, déi den Toun ugëtt. Dialoger, déi op den éischte Bléck an d'Absurd féieren, Wierder a Sätz, déi nei Konstrukter entstoe loossen, neie Sënn erginn, en Tac au tac, deen engem d'Schudderen de Réck eroflafe léisst. An alles huet net just ee Sënn, och net de Parterre.

Lëschteg geet et och am zweete Stéck mam Titel "Captcha" net zou. Captcha ass de System, deen eis freet, ob mer e Mënsch oder eng Maschinn sinn, wann ee muss total verschwomme Buschtawen a Zuelen antippen, fir sech iergendwou anzeloggen oder weider liesen ze kënnen.

Am "Captcha" si mer an enger Dystopie, e postdemokratescht Zäitalter, et regéieren déi, déi u Virgëschter gleewen a fir d'Land - et kann egal wéi een europäescht Land sinn - vun hire faschisteschen Iddien ze iwwerzeegen, gëtt eng Fra entféiert a gezwonge virun enger Webcam der Regierung hir Realitéit ze propagéieren.

E komplexe Monolog, dee sech aus méi Perséinlechkeeten zesummesetzt, och hei e Spill mat der Sprooch, mam Rhythmus, verstoppten Allusiounen a Messagen.

Zwee ganz exigent Texter, déi fir d'Bün geschriwwe goufen, déi den Intellekt erausfuerderen an trotz der u sech jo banaler Thematik, um ganz héijen Niveau, stilistesch an inhaltlech, iwwerzeegen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Guy Helminger
Guy Helminger -Die Lombardi-Affäre

A sengem neie Roman "Die Lombardi-Affäre" weist de Guy Helminger, wéi en Afloss de berüümte Sak Räis, deen a China ëmfält, déi Lëtzebuerger Konschtzeen beaflosst, an do feelt et net u méi oder nach méi bekannte Protagonisten.

Lëtzebuerger Buchpräis
Lëtzebuerger Literatur

An engem ganz klenge Kader goufe gëschter Owend an der Nationalbibliothéik d'Gewënner vum Lëtzebuerg Buchpräis ausgezeechent. Fënnef Präisser fir dräi Bicher, de grousse Gewënner ass d'Verlagshaus Binsfeld.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen