Neie Krimi vum Tom Hillenbrand Militäresch Strategie aus dem Gastro-Guide

De Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer enquêtéiert nees. "Gefährliche Empfehlungen" dréint sech ëm en ale Guide gastronomique. Den Tom Hillenbrand huet ee spannende Plat mat historeschen Elementer gewierzt.

Jean-Claude Majerus / kk / ys

Tom Hillenbrand
Tom Hillenbrand (Foto: Wolfgang Schmidt)

Et ass déi fënnefte Kéier, datt aus dem Lëtzebuerger Kach Xavier Kieffer, mat sengem gemittleche Restaurant "Deux Eglises" am Stadgronn, eng Zort gastronomesche Sherlock Holmes gëtt. Den Tom Hillenbrand huet awer nei Aspekter mat an de Roman bruecht. Ënner anerem historesch Elementer, op deenen déi spannend Geschicht opgebaut ass. Ausserdem spillt d'Handlung dës Kéier op verschiddene Zäitniveauen.

Kulinaresche Guide am Zweete Weltkrich

D'Haaptroll géif des Kéier ee franséischen Guide gastronomique spillen, erkläert den Tom Hillenbrand: De Guide Gabin. Deen ass deene meeschte Xavier Kieffer-Fans wahrscheinlech schonn aus deene leschte Bicher bekannt. An enger Editioun vum Gabin vun 1939 verstoppt sech ee Geheimnis, wat mam Zweete Weltkrich zesummenhänkt. A wéi dat muss sinn: Et stierwe Leit, Bicher verschwannen an de Xavier Kieffer muss déi ganz Saach opklären.

Den Tom Hillenbrand beschäftegt sech net mat der Scholdfro. Et geet ëm den Aspekt vum franséische Gastro-Guide, dee "kriegswichtig" gëtt. D'Virbild wier natierlech de Guide Michelin. D'Kaartematerial do dra wier immens detailléiert gewiescht. Dat wier souwuel fir d'Nazien an d'Wehrmacht, wéi och fir d'Alliéiert eng wichteg Informatiounsquell gewiescht. Déi Däitsch hätten d'Kaartematerial aus dem Michelin benotzt.

D'Geheimdéngschter an de Mëssbrauch vun hirer Muecht ass een aneren Aspekt, deen den Tom Hillenbrand am neie Roman interesséiert. "Datt mir u sech guer keng Kontroll méi driwwer hunn, wat déi do maachen. A wat eis Gesellschaft méi digital gëtt, wat et och wahrscheinlech éischter méi schlëmm wéi besser wäert ginn", fäert den Auteur.

Verfilmung vum Debut geschwë Realitéit?

"Gefährliche Empfehlungen" ass ee reusséierte Krimi. En ass kuerzweileg, spannend, informativ a gutt ze liesen. Dobäi kënnt, datt d’Personnagen aus de leschte Bicher och nees derbäi sinn. D'Figuren hunn alleguer hiren eegene Charakter a gi präzis beschriwwen. An datt dem Tom Hillenbrand säi kulinaresche Krimi ukënnt, weist deen ëmmer méi konkrete Projet fir deen éischte Roman "Teuflesfrucht" mam Moritz Bleibtreu ze verfilmen.

Grad géif de Casting lafen a bei der Finanzéierung géifen déi lescht Detailer gekläert ginn. Wann elo alles klappt, wier de Lancement wahrscheinlech nach am Fréijoer. Den Tom Hillenbrand ass ganz optimistesch. De Film soll och vu Lëtzebuerger gemaach ginn. Deemno kéint een eng gewëss "Werkstreue" erwaarden.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Aname.jpg
Literatur

"Aname" vum Charles Meder, deen dëst Joer den 100,7 Radiopräis gewonnen huet, werft mat all Säit nei Froen op. Wéinst der Komplexitéit vun där Geschicht sinn awer keng einfach Äntwerte méiglech.

Bretonische Flut
Literatur

Krimi, Touristeguide oder Guide gastronomique? Dem Jean-Luc Bannalec seng bretonesch Geschichte sinn e bësse vun Allem. Elo ass dee fënnefte Band "Bretonische Flut" erauskomm. Eng Kritik vum Jay Schiltz.

Todfeind
Marco Schank - Todfeind

Dem Marco Schank säin aachte Krimi spillt nieft Lëtzebuerg och an der Ukrain. Eng Konferenz iwwer dee maroden Atomreakter vun Tschernobyl huet de fréieren CSV-Ëmweltminister dozou inspiréiert.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen