Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir geet et meeschtens ëm d'Sprooch"

Invité am Moies-Magazin

"Mir geet et meeschtens ëm d'Sprooch"

Mam Roman "Schmit ist tot" ass de Raoul Biltgen elo fir ee vun de bedeitendste Krimi-Präisser nominéiert, seng Theaterstécker ginn an Éisträich, Däitschland a Lëtzebuerg opgefouert a säi Blog "Adam spricht" ass äusserst amüsant.

auto_stories

1 min

De Raoul Biltgen am Gespréich mam Valerija Berdi

D'Sprooch wier dat, wat him am wichtegsten ass, seet de Raoul Biltgen. Am Endeffekt wier him dofir de Genre och zimlech egal. "Duerfir steet beim 'Schmit ist tot' och net 'Krimi' drop, mä et steet 'Roman' drop, well et ass e Roman, egal ob et ëm e Krimifall geet oder net." Am Endeffekt wier et eng Geschicht tëschent zwee Bridder, déi just erzielt gëtt, well ee vun hinnen ënnert komeschen Ëmstänn ëmkomm wier.

De Raoul Biltgen ass heiansdo genervt dovunner, datt alles a verschidde Kategorië muss agedeelt ginn. "Krimi" géif dann nëmmen als "Unterhaltung" an als net sou gutt wéi gehuewe Literatur gëllen. Et wier wichteg, och iwwert d'Grenzen ewech ze kucken an ze schreiwen. "E Krimi kann och Literatur sinn, a Literatur ka Krimi sinn, a Literatur kann och Unterhaltung sinn", esou de Raoul Biltgen.