Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir léieren d'Kanner, wéi een Decisiounen hëlt a se verteidegt"

Schach

"Mir léieren d'Kanner, wéi een Decisiounen hëlt a se verteidegt"

Net eleng duerch seng Rivalitéit mam Gary Kasparov an de leschte Jore vum Kale Krich, hat den Anatoly Karpov Geschicht geschriwwen. Déi russesch Schach-Legend war Weltmeeschter vun 1975 bis 1985 an 1993 bis 1999 (FIDE-Titel). Ufanks der Woch war hien hei am Land fir eng Konferenz. Schach spillt hien och nach haut. Virun allem ass den Anatoly Karpov Deputéierten am russesche Parlament.

auto_stories

11 min

Michel Delage: Vill Leit soen, datt Schach um héchsten Niveau langweileg ginn ass, besonnesch no der leschter Weltmeeschterschaft tëschent dem Magnus Carlsen an dem Fabiano Caruana. No 12 Remisen hat de Gewënner missten an enger Schnellschach-Belle ermëttelt ginn. Ass Schach, Ärer Meenung no, langweileg ginn?

Anatoly Karpov: De Problem war net de Schach, mee de System. Ech hat dem Magnus Carlsen seng Aart a Weis net verdeedegt, mee hie weess, datt hien am Schnellschach ee grousse Virdeel huet. De Carlsen hat net versicht am regulären Deel vum Match ze gewannen, fir esou an d'Belle ze kommen. Seng Erwaardunge waren erfëllt ginn an hien hat och mat Liichtegkeet gewonnen. Mee e Champion misst sech am Haaptdeel beweisen an et net op ee System ukomme loossen, deen u sech problematesch ass.

Ech denken, datt d'Kritik méi grondsätzlech ass. Schach gëtt ëmmer méi vum renge Kalkül dominéiert amplaz vum inspiréierte Spill ...

Dat huet mat de Spillprogrammer um Computer ze dinn. Modern Schachspiller hunn hir Virbereedung geännert, eppes wat ech vill kritiséieren. Mënschen hunn e Virdeel géigeniwwer Computeren, wat d'Virstellungskraaft an d'Verständnes betrëfft. D'Preparatioun ass hautdesdaags méi einfach ginn, fir Spillvariatiounen anzestudéieren.

Wéi wäert de Schach sech an deenen nächste Joren entwéckelen? Hin zu ëmmer méi Perfektioun?

Nach ginn et vill Saachen ze entdecken. An all Turnéier ginn et Innovatiounen.

"D'Press war um Schach interesséiert, wéi si d'Politik konnt mat an d'Spill bréngen"

Den éischten Deel vun Ärer Carrière als Profispiller war während dem Kale Krich. Deemools gouf et staarke politeschen Drock, zum Beispill wéi Dir géint de Gary Kasparov gespillt hat: et war e Géigesaz tëschent Osten a Westen, eppes wat et haut an där Form net méi gëtt. War dat trotz allem eng gutt Saach fir de Schachsport, oder hat dat Iech dru gehënnert, fir méi fräi kënnen ze spillen?

Fir d'Press war dat méi wichteg. D'Press war méi um Schach interesséiert, wéi si d'Politik konnt mat an d'Spill bréngen. Schach war populär, de Publikum hat sech jorelaang dofir interesséiert. Ech ka mech nach un Zäiten erënneren, wéi d'Politik nach näischt mat Weltmeeschterschafts-Matcher ze dinn hat. Zum Beispill 1927, de (José Raúl) Capablanca géint den (Alexander) Alekhine, oder méi spéit, 1960-1961, deen interessantsten am opreegendste Match, de (Michail) Botvinnik géint den (Michail) Tal. Duerno Spasski géint Petrossian, dat war immens interessant. D'Politik war mam Bobby Fischer an de Schach komm, an natierlech war se all kéiers do, wéi ech gespillt hat.

Wéi war Dir mat deem mediateschen a politeschen Drock ëmgaangen?

Ech hat versicht, mech do erauszehalen a meng ëffentlech Optrëtter während de Matcher ze limitéieren. Ech hat keng Zeitunge gelies a keng Tëlee gekuckt, fir mech eenzeg an eleng op de Schach ze konzentréieren, op meng Virbereedung a mäi Spill.

Foto: Bigstock/yuriimoroz

"Schach verbessert d'Disziplin"

Spillt Dir haut och nach? Ech menge verstanen ze hunn, datt Dir haaptsächlech Blëtz- a Schnellschach spillt, manner déi laang Partien ...

Nee, ech spillen heiansdo nach laang Partien. Ech hunn zwou héichrangeg Equippe gegrënnt, an deenen ech Kapitän sinn, am Ural a Russland, an och zu Hockenheim an Däitschland, wou mir eng gutt zweet Plaz an der Meeschterschaft erreecht hunn. Mee fir klassesche Schach hunn ech keng Zäit, well ech am russesche Parlament schaffen a vill ëffentlech Verflichtungen hunn. Zanter 20 Joer kämpfen ech schonn net méi ëm de Weltmeeschtertitel. Ech denken, datt ech net all meng Zäit an de Schach kann investéieren.

Dir hutt ganz jonk mam Schach ugefaangen, am Alter vu véier Joer, mengen ech. An osteuropäesche Staate war Schach jo ëmmer Deel vum Bildungssystem, oder net?

Nee. Mir versichen elo de Schach an de Primärschoulen anzeféieren. A 16 vun den ëm déi 80 russesche Regioune gëtt d'Aféiere vu Schach an de Schoulprogrammer recommandéiert, d'Decisioun hänkt da vun de respektive Schouldirekteren of. Mee dee Prozess entwéckelt sech iwwerall, zum Beispill a Frankräich. Ech si vun der Slowakei a vu Kirgistan, an och der Provënz Sofia a Bulgarien gefrot ginn, fir esou Programmer ze leeden. Ech soll deemnächst och Enseignanten an der Tierkei ausbilden ... Dat gëtt et elo wierklech iwwerall.

Wéi ass et da mam Image vum Schach, dee wichteg ass fir Jonker fir dee Sport ze interesséieren? Schach hat jo laang als oncool gegëllt ... Mam Magnus Carlsen gëtt et elo eng Zort Superstar, ee glamouréise Schachspiller. Kann hien do eng positiv Roll spille fir Jonker unzezéien?

Dat ass natierlech wichteg, virun allem fir de professionelle Schachsport. Wat elo d'Alldagsaktivitéite betrëfft, do léiere mir d'Kanner, wéi een Decisiounen hëlt a se verteidegt, mir liwwere Grondwëssen iwwer Strategie, Logik, d'Entwécklung vum Gediechtnes. Dat alles ass néideg fir d'Liewen, an zwar an all Beruff. Mee mam Schach ass et méi einfach wéi mat anere Fächer, fir déi Informatiounen an dat Wëssen ze vermëttelen. Iwwerdeems ass bewisen, datt Schach d'Disziplin verbessert, a wann d'Disziplin verbessert gëtt, hunn d'Schüler besser Resultater an anere Fächer.

Wat sinn déi jonk Schachtalenter, déi, Ärer Meenung no, an deenen nächste Jore wäerte grouss erauskommen?

Dat kann een esou net soen. Mee et gëtt nei a gutt Länner. Am Iran hu mir ee ganz talentéierte Jong, an Indien hu mir ee weidere Groussmeeschter, a Russland gëtt et een, deen zwar nach net Groussmeeschter ass, mee dat dierft geschwënn de Fall sinn, China gëtt ëmmer méi staark ... Mir hunn eng nei Schach-Geographie.

Huet dat net och mat der Politik ze dinn? Ënnerstëtzt China seng Spiller fir d'Land an der Welt ze vertrieden?

Jo, dat ass een Aspekt. Wann d'Chinesen eng Decisioun huelen, da bleiwe si drun, op engem seriöen Niveau. D'Strukturen, déi si am Schach hunn, goufen um Wësse vun der sowjetescher Schachschoul opgebaut. Dovun hu si dat Bescht zeréckbehalen a weiderentwéckelt. China huet de Moment déi am beschten organiséiert Schachfederatioun op der Welt. D'Zuel vun de Leit spillt och eng Roll. D'Wahrscheinlechkeet, ënner honnerte Spiller Talenter ze entdecken ass vill méi kleng, wéi wann een op Millioune kann zeréckgräifen ... Natierlech brauch een och Enseignanten an Traineren, déi d'Talenter erkenne kënnen. Jiddefalls hunn d'Chinesen e System opgebaut, deen ze funktionéiere schéngt.

"Ech wëll de Leit d'Virdeeler vum Schach erklären"

Dir sidd ënner anerem fir eng Konferenz hei op Lëtzebuerg komm. Wéi ee Message wëllt Dir un de Public bréngen? Geet et ëm Schach, ëm d'Liewen am allgemengen?

Et geet mir drëms, d'Leit besser iwwer Schach ze informéieren, datt si d'Virdeeler vum Schach verstinn. Um Enn läit et un hinnen, ob si dat akzeptéieren oder net ...

Gefält et Iech ëmmer nach, fir ze spillen?

Jo, ech spillen ëmmer nach gär, Schach mécht mir ëmmer nach Spaass.

Dir hat jo och vill Bicher iwwer Schachtheorie geschriwwen. Beschäftegt dat Iech ëmmer nach, theoretesch Iwwerleeungen iwwer Taktik a Strategie?

Ech hu leider net méi genuch Zäit, fir Bicher ze schreiwen, sou wéi ech dat deemools gemaach hat. Meng Chance war et, datt ech no all Tournoi Artikele geschriwwen hat, Honnerte vun Artikelen, mat deenen et da méi einfach war, fir Bicher dorausser ze maachen. Op déi Aart a Weis ware séier ëm déi honnert Bicher zustane komm. An Zukunft géif ech awer gäre meng Serie vu klenge Biographië vu Schachmeeschtere weiderféieren. Dat lescht Buch doriwwer hat ech virun 20 Joer geschriwwen, an Tëschenzäit si jo nei Meeschteren dobäi komm an nei Partien, déi ech nach muss analyséieren. Ee weidert interessant Thema ass d'Kinniginnen-Affer an de Matcher vu Weltmeeschteren, dat ech schonn ufanks den 90er Jore behandelt hat. Och do ass elo vill méi Material disponibel.

Méi Material, heescht dat net och, datt et fir Spiller vun haut am Prinzip méi komplizéiert gëtt? Si musse méi Partie kenne wéi zu Ärer Zäit ...

Am Géigendeel, hautdesdaags ass et vill méi einfach, well een iwwer Computer Zougank zu den Informatioune kritt. Wéi ech ugefaangen hat, do hat ech misse Bicher liesen, Artikele liesen, neit Material sammelen ... Haut dréckt Dir op e Knäppchen a kritt esou alles wat Dir braucht!

Wann Dir dorëmmer reest, laaft Dir bestëmmt fréiere Rivale wéi dem Gary Kasparov iwwer de Wee, deen iwwregens ëmmer nach am Profi-Circuit aktiv ass. Schwätzt Dir mateneen? Wat ass är Bezéiung?

Mir hunn eng normal Bezéiung. Mee mir treffen eis net dacks, well hien zanter bal zéng Joer zu New York lieft. Fir wichteg Schach-Evenementer komme mir dann zesummen an hunn dann och normal Gespréicher.

Dir hat d'éinescht Äert Engagement an der russescher Politik ugeschwat ...

Zanter aacht Joer sinn ech Member vum Parlament, schaffen a verschiddene parlamentaresche Kommissiounen, leeden déi ëffentlech Organisatioun "Gréngt Russland", war mat der Ëmweltproblematik beschäftegt. Wéinst menger Ausbildung an der Ekonomie hat ech an der Wirtschaftskommissioun geschafft. An zanter dräi Joer sinn ech an der baussepolitescher Kommissioun. Natierlech versiche mir, d'Relatiounen tëschent Russland an anere Staaten ze verbesseren. Wann een Erfarung a vill Frënn am Ausland huet, sinn d'Kontakter vill méi einfach.

Gesitt Dir Iech als en Ambassadeur vun Ärem Land, deen een am Ausland gutt kennt, wéinst senger Schach-Carrière? D'Bezéiungen tëschent Russland an dem "Weste" sinn de Moment jo zimlech gespaant ...

Meng éischt Auslandsrees war 1966 a Schweden. Et war zwar während dem Kale Krich, mee Schweden hat deemools besser Bezéiunge mat der Sowjetunioun - an dat war een anere System - wéi elo mat Russland. Ech stelle fest, datt den Niveau vun de politesche Leaderen drastesch gefall ass, a Bezuch op d'Wëssen, d'Verstees-de-mech, wann et drëms geet aner Positiounen ze verstoen, oder se op d'mannst emol ze héieren. An de leschte Joren, wann Dir probéiert hutt iwwer richteg Problemer ze diskutéieren an Är Meenung zum Ausdrock ze bréngen, soen déi meeschte Leit um héchste politeschen Niveau: "Nee, nee, mir brauchen net ze diskutéieren, mir stinn zu eiser Positioun". Mee wéi geet dat, wann een net alles weess?

(Den Anatoly Karpov hat an der Ëffentlechkeet d'Annexioun vun der Hallefinsel Krim duerch Russland verteidegt an d'Verdäiwelung vum russesche President Putin kritiséiert. Eng VISA-Demande fir an d'USA ze reesen, déi hien ufanks des Joers gemaach hat, gouf méintelaang net beäntwert. Op Drock vun der Ëffentlechkeet géifen déi amerikanesch Autoritéiten noginn, sot den Anatoly Karpov an engem rezenten Interview, md)

Wéi de Kasparov ugefaangen huet an der russescher Politik matzemëschen, war hien der Meenung, datt hie besser Bescheed wéisst wéi anerer, well hien e Schachweltmeeschter war, also méi intelligent wéi anerer. Dat huet natierlech mat senger Perséinlechkeet ze dinn. Mee ass et dann esou, datt een als Groussmeeschter am Schach d'Politik besser versteet?

Natierlech kennen ech d'Welt, ech si vill dorëmmer gereest, an iwwer honnert Länner, a verschiddenen och alt emol méi dacks. Dann als Schachspiller: wann een zum Beispill eng Weltmeeschterschaft virbereet, probéiert een, eege Feeler net ze widderhuelen an d'Feeler vum Géigner ze entdecken. An da versicht een, all Beräich ze studéieren. Wann Dir dat eent oder dat anert net wësst, dann ass d'Wahrscheinlechkeet, Feeler ze maachen, méi grouss. Dofir muss ee sech dee beschtméiglechen Informatiounsstand verschafen. An der Politik sinn d'Leit der Meenung, datt een net alles ze wësse brauch fir d'Decisiounen ze huelen a se ze verteidegen. Dat ass e grousse Feeler.

"D'Schachspiller si méi propper wéi d'Schachpolitik"

Am Joer 2010 hat Dir - ouni Succès - Är Kandidatur gestallt fir President vun der internationaler Schachfederatioun (FIDE) ze ginn. Wat war d'Motivatioun deemools?

Majo, ech wollt an der schachpolitescher Welt opraumen, well d'Korruptioun an der Federatioun schrecklech war. Den (deemolege President Kirsan) Ilyumzhinov hat Stëmme vu klenge Länner kaf. Dat war déi eng Saach. An da wollt ech d'Rechter vu professionelle Schachspiller verteidegen. Do hätt ech kéinte méi intelligent Entscheedungen treffe wéi den Ilyumzhinov, dee vu Schach net vill Anung hat. Glécklecherweis ass et eis d'lescht Joer gelongen, hien ze verdreiwen, an elo hu mir Hoffnung op ee bessert Liewen.

Huet sech d'Gestioun vun der internationaler Schachfederatioun dann elo verbessert?

Ech erkennen en Trend. D'FIDE huet dëst Joer probéiert, déi knaschtegst Reegelen ewech ze loossen, déi den Ilyumzhinov ageféiert hat. Zum Gléck haten déi knaschteg Schachpolitiker keen Afloss op dat professionellt Liewen, et gëtt keng Korruptioun an den Turnéier, d'Spiller si méi propper wéi d'Schachpolitik.

Wéi et schéngt huet sech deen héchste politeschen Niveau an d'Schachfederatioun agemëscht, zum Beispill hätt de russesche President Putin säi Kandidat wëllen duerchsetzen ... Gëtt et do een Afloss vun der héijer Politik?

Nee ... D'Schachwelt hat es ganz einfach sat vum Ilyumzhinov a sengen Aktivitéiten. Nee, Russland wollt de Presidenteposte behalen, mee mat enger vill méi propperer Persoun. (Zanter Oktober 2018 ass den Arkadi Dvorkovich neie FIDE-President, md). Fir eis ass et eng gutt Geleeënheet, fir déi international Schachfederatioun ze veränneren.

Nieft der Politik sidd Dir och nach an der Zivilgesellschaft engagéiert ...

Ech sinn zanter 37 Joer President vun der Peace Foundatioun. Mir hu vill Initiativen ergraff. Ech hunn zum Beispill Chess for Peace an d'Liewe geruff. An och Chess against Drugs, ee Programm, dee mir an den USA, a menger éischter Schachschoul zu Lindsborg (am Staat Kansas) gestart hunn. Schach an Droge passen nun emol net zesummen, wie sech drogéiert, kann net Schach spillen.

Et brauch een also e klore Geescht fir kënnen ze spillen ...

Absolut! Et erkennt een direkt um Behuelen, wann eng Persoun drogéiert ass. De Spillniveau hëlt dramatesch of.

Ech hu viru kuerzem anzwousch gelies, datt d'Groussmeeschteren all e bësse verréckt sinn. Dir sidd dogéint ëmmer ganz calme eriwwer komm ...

An all Beruff huet ee verréckte Leit! Schach war jorelaang am Fokus vun der ëffentlecher Opmierksamkeet. Wa Journalisten eng Persoun mat engem anormale Behuelen entdecken, fänken si un driwwer ze schreiwen. An dann heescht et op eemol, datt et am Schach souvill komesch Leit gëtt. An dat ass awer net de Fall, net méi wéi an anere Beruffssparten!

Den Anatoly Karpov op engem Turnéier zu Moskau, 2009 (Foto: Bigstock/Marina_Bogumil)