Radioen

On air

Notturno  |  Napoleon Gold - Room 224 (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen"

Flüchtlingen

"Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen"

“Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen”: Dat ass net nëmmen eng Zeil aus dem Michel Lentz sengem “Feierwon” vun 1859. Et ass och eng Organisatioun, déi sech d’lescht Joer am Oktober gegrënnt huet. D’ONG organiséiert Projeten, déi Awunner zu Lëtzebuerg mat Flüchtlingen zesumme soll bréngen.

auto_stories

8 min

© onsheemecht.lu

Am Foyer Lily Unden um Lampertsbierg. Frae sangen a klappen an d’Hänn, an der Mëtt danzt ee 14 Joer aalt Meedchen en traditionellen Danz aus senger Heemecht am Noen Osten. Et si keng Männer am Raum. Och Frae sollten emol eppes eleng maachen an aus sech erauskommen dierfen, seet d’Sabine Tonnar-Stolz.

Si ass ee vu véier Grënnungsmemberen vun der Organisatioun “Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen”. D’ONG wëll Leit aus Lëtzebuerg zesumme bréngen. D’Iddi hat hire Mann, de Sänger a Museker Serge Tonnar, wéi virun e puer Méint vill Flüchtlingen op Lëtzebuerg komm sinn. D’Leit hei am Land hätten deelweis mat Angscht op d’Flüchtlinge reagéiert. Dogéint wollte si eppes ënnerhuelen.

“Dem Michel Lentz säi Lidd De Feierwon’ gëtt dacks fir patriotesch Zwecker mëssbraucht”, sou d’Sabiner Tonnar-Stoltz. “Am Fong ass d’Zeil Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen’ eppes ganz Positives. Deen anere weist dann och vläicht seng Kultur”. Et wéilt een e géigesäitegt Weise, Ginn a Kenneléieren erreechen.

Verschidde Fraen dinn hire Schleier aus

Den Danzowend wier extra fir d’Flüchtlingsfraen an aner Fraen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, organiséiert ginn. D’Fraen, déi sech op anere kulturellen Owenter e bësse méi zeréck halen, géifen aus sech erausgoen. Verschiddener géife souguer och emol hire Schleier ausdoen.

D’TheaterstéckLetters from Luxembourg” ass ee weidere Projet vun der asbl. De Serge Tonnar an d’Dänzerin Sylvia Camarda hunn et op d’Bee gestallt. An der Tëschenzäit féiert de Kënschtlerkollektiv Maskénada et weider. Den 28. Juni ass eng Opféierung am Kapuzinertheater.

De syreschen Engleschproff Yazan Aldebal ass beim Stéck Theaterassistent. Hie gouf ënnert anerem engagéiert fir z’iwwersetzen. Sproochlech Barrièren tëschent den Acteuren a Scenariste kënnen esou iwwerwonne ginn. “Letters from Luxembourg” wieren all méiglech Bréiwer vun a fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg, Bréiwer fir Familljememberen, Frënn, och administrativ Bréiwer, déi duerchaus kéinte schockéieren, sou de Yazan Aldebal. “Wéi eng Noriichte kéinten se zeréck schécken, domat beschäftegt sech d’Stéck”.

"Mir kënnen eppes zur europäescher Kultur bäidroen"

Vun dëser Woch un trainéiert d’Equipe vu 27 Dänzerinnen an Dänzer ronn véier Stonnen den Dag. De Yehia, e jonken Dänzer vu 17 Joer, huet a senger Heemechtsstad Aleppo scho gedanzt a freet sech hei kënne matzemaachen. Wa sech Leit vu verschiddenen Natiounen an engem Projet wéi dësem engagéieren, kéint ee vill vunenee léieren. “Ech wollt domadder och weisen, datt mir eppes zur europäescher Kultur kënne bäidroen”

Heiansdo ass et schwiereg, wa Männer a Frae mat verschiddene kulturellen Hannergrënn openeen treffen. Am Theaterstéck “Letters from Luxembourg”, wou dat de Fall ass, géif et keng Problemer ginn, sou d’Martine Kohn. “Et gëtt hei keng Beréierungsängschten. Déi kulturell Ënnerscheeder si vläicht net esou grouss wéi een dobausse gemengt huet”.

"Loosst ärer Kreativitéit fräie Laf”

“Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen” huet net zum Zil, d’Refugiéeën z’animéieren. Zesumme Projete maachen, se plangen, dorëms géif et goen, erkläert d’Sylvia Camarda. “Mat Net-Professionelle schaffen ech normalerweis fir d’éischt un Improvisatiounen. Ech soen och ëmmer: mär sinn hei op enger anarchistescher Plaz, där däerft maache wat der wëllt a braucht och net pardon ze soen. Loosst einfach ärer Kreativitéit fräie Laf.”

Och wa sech den Theaterprojet u jidderee géif riichten, hätte sech vill Leit gemellt, déi och schonn an hirer Heemecht eppes mat Konscht ze dinn haten, sou d’Dänzerin Sylvia Camarda. Et kéint ee flott Saachen zesummen erreechen, wann een nëmme wëllt, betount d’Martine Kohn.