Radioen

On air

Espresso Beats  |  Twen - SeaStar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Mënschheet ka sech scho selwer ausrotten"

Theater

"D'Mënschheet ka sech scho selwer ausrotten"

De Kaleidoskop-Theater proposéiert vun e Freideg 20. Januar un dee wuel gréissten däitschen Dramatiker op der Bühn am Beetebuerger Schlass: dem Johann Wolfgang von Goethe säi "Faust 1", an enger Mise en scène vum Jean-Paul Maes. De Faust an eng méi modern Zäit gewéckelt, versprécht eng intressant Aventure.





auto_stories

3 min

“Ech hu geduegt: elo bass de schonn esou laang beim Theater an esou al schonn, elo probéiers de eng Kéier de Faust”, seet de Jean-Paul Maes, a muss laachen. Dem Metteur en scène no géif dat Stéck der Regie déi meeschte Méglechkeete ginn, awer och déi meeschte Fale setzen.

De Jean-Paul Maes wier vun der Gretchefro (“wie hast du’s mit der Religion?”) ausgaangen. “De Faust ass dee Wëssenschaftler, deen esouwäit an d’Schöpfung virdrénge wëll, dee wësse wëll, ob et iwwerhaapt eng Gottheet gëtt a wouduerch mer existéieren”. Hautdesdaags kéint een dat ëmmer méi erausfannen. “Mee wéi wäit kënne mer goen, a wéi héich ass de Präis?”

"Et kann een alles kréien, mee et huet säi Präis"

Fir de Jean-Paul Maes ass de Faust e weidere Mann vun der Strooss, deen ee wuel permanent gesäit, deen awer eppes ganz aneschters a sech bannen dran huet. A genee an déi Richtung geet déi Beetebuerger Inzenéierung. “De Faust si mir alleguerten. An dann hu mer de Mephisto, deen net säi Géigespiller, mee hie selwer ass”.

De Mephisto wier, dem Regisseur no, och net onbedéngt dee Béisen, obwuel en dat Béist wëll. Et wier och deen, dee warnt: “Et kann een alles kréien, mee et muss een awer wëssen, datt herno de Präis ze bezuelen ass”. An dat géif de Faust, respektiv mir Mënschen, ganz gär vergiessen.

Faust als Spigelbild vun der aktueller Welt

Dem Jean-Paul Maes säi Faust spillt an eiser Zäit, wat och richteg ass. Wéi vill där Fausten lafen den Ament duerch d’Weltgeschicht, wou een net weess, wat se alles maachen. Dem Goethe säi Faust ass e Spigelbild vun deem, wat aktuell op eiser Welt geschitt, erkläert de Metteur en scène. D’Finanzsituatioun, mat de risege Scholden, wier ee wonnerbart Beispill – op der Bühn awer net méiglech, duerzestellen, sou de Jean-Paul Maes.

Kann een nach un dat Gutt am Mënsch gleewen? Sécher eng berechtegt Fro, mengt de Regisseur vum Stéck. “D’Mënschheet brauch haut kee Mephisto. D’Mënschheet bréngt et scho fäerdeg, sech selwer auszerotten.”