Radioen

On air

Tockcity  |  Contrahouse - Streetcorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Monitoring Rapport - Esch 2022 um richtege Wee?

Dräizéng Recommandatioune vu Bréissel

Monitoring Rapport - Esch 2022 um richtege Wee?

De 27. Mee huet d'Equipe vun Esch 2022 zesumme mam Kulturministère der Europäesche Kommissioun de Rapport vun 2019 an Ufank 2020 präsentéiert. Elo huet d'Kontrollkommissioun vu Bréissel Esch 2022 am Ganzen 13 Recommandatioune mat op de Wee ginn.

auto_stories

2 min

An der éischter Recommandatioun gëtt drop higewisen, datt en Iwwerpréiwe vum Organigramm néideg wier. Ambitiéis Ziler an eng héich Zuel u Partner géif och eng adaptéiert Unzuel u Mataarbechter verlaangen, grad esou eng gutt intern Kommunikatioun an effikass Decisiounsprozeduren.

Changementer vun der Direktioun an dann elo och kierzlech an der Direktioun vun Esch 2022, dann de Confinement, Esch 2022 stéing an enger politesch a finanziell stabeler Situatioun a géif national Unerkennung genéissen. Natierlech ass zu Bréissel d'Fro opkomm wisou den artisteschen Direkter - also de Christian Mosar - ersat ginn ass an. D'Äntwert un d'Europäesch Kommissioun war grad esou schwammeg wéi déi déi d'Press hei zu Lëtzebuerg kritt huet. Et wier zu Mëssverständnisser komm beim Areeche vu Projeten, elo wieren awer d'Acteure vun der Kultur bereet um Projet Esch 2022 deel ze huelen.

Eng weider Recommandatioun vun der Kontrollkommissioun ass, datt sech de Projet méi staark op d'Stad Esch soll fokusséieren. Weider gëtt drop higewisen, datt et elo un der Zäit ass, datt all Porteur de projet e Bescheed kréien, ob hier agereechte Projeten elo ugeholl ginn oder net an et missten och elo Kontrakte mat de jeeweilege Kulturacteuren ënnerschriwwe ginn.

Et sinn awer nach eng ganz Rei Projeten, déi net evaluéiert sinn a grad esou vill Acteuren, déi nach keng Äntwert kritt hunn. Do dierft et dann och deemnächst zu weiderer Onzefriddenheet kommen, virun allem wa Projeten aus Zäitmanktem net méi kënne realiséiert ginn.

Eng enk Zesummenaarbecht mam professionelle Secteur gëtt gefuerdert grad esou wéi datt de Klimawandel a Form vu Konscht déi sech mat der Thematik ausenanersetzt, eng méi grouss Plaz am Projet soll kréien.

Esch 2022 soll dann och e Bléck op aner Europäesch Kulturhaaptstied a kulturell Institutioune geheien, déi am post-industriellen Ëmfeld geschafft hunn fir eng eege Geschicht iwwer Esch ze scahfen an eng Zesummenaarbecht mat Kënschtler a kulturellen Institutiounen aus dem Ausland soll dann och déi héchste Prioritéit kréien.