Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Muss alles gedréckt ginn, wat geschriwwe gëtt?

Literatur

Muss alles gedréckt ginn, wat geschriwwe gëtt?

Kann een zu Lëtzebuerg vu Literatur liewen? Wéi wäit gi SchrëftstellerInne vum Staat ënnerstëtzt? Kucken d'Editeuren op d'Qualitéit vun den agereechte Wierker a wéi steet et iwwerhaapt ëm den Niveau vu publizéierte Bicher? Froen iwwer de Lëtzebuerger Literaturbetrib.

auto_stories

4 min

D'Valerija Berdi stellt sech Froen iwwer de Lëtzebuerger Literaturbetrib

Mat der Literatur kënnen eng Rei virtuell Bicherbutteker, deen een oder aneren Editeur a ganz seelen en Auteur räich ginn. Dës Faiten treffen awer kaum op de Lëtzebuerger Bicherbetrib zou.

De Staat ënnerstëtzt sou muench literaresch Projeten. De Kulturministère, d'Focuna an nach déi eng oder aner Fondatioun ass bereet, mat enger minimaler Zomm den Auteuren an Editeuren entgéint ze kommen. Dobäi handelt et sech ëm eng Reendrëps op den Ayars Rock. Also et brauch ee sech weder Erwaardungen un iergendwellech finanziell Virdeeler ze maachen, nach mat der Iddi ze spillen, vu senger Schreifkonscht liewen ze kënnen.

Schreiwen ass schaffen

Zu Lëtzebuerg hu mir eng eenzeg Schrëftstellerin, déi den Statut vun artiste professionnel indépendant huet. Hir gëtt, nodeem si eng Onmass vu Konditiounen erfëllt huet, eng Zort Aarmutspai vum Staat zougestanen.

"La personne reconnue en tant qu’artiste professionnel indépendant et dont les ressources mensuelles n’atteignent pas le salaire social minimum pour travailleurs qualifiés a droit à l’octroi d’aides financières à caractère social. Ces aides sont destinées à parfaire le salaire social minimum pour travailleurs qualifiés et peuvent atteindre au maximum la moitié de ce même salaire. Elles peuvent être touchées mensuellement, sur demande de l’artiste", kann een op guichet.lu noliesen.

Schreiwen ass schaffen, huet mir kierzlech eng aner Schrëftstellerin an engem Gespréich gesot. Iergendwéi traureg, datt esou eppes muss artikuléiert ginn. Mä de Klischee vum introvertéierten, der Wäin- oder der Whiskyfläsch zougeneigte Fainéant, deen am Dag schléift a sech nuets seng Raibergeschichten ausdenkt an der Gesellschaft asozial an onsozial op der Täsch läit, hält sech nach ëmmer ganz haartnäckeg.

Datt gutt Literatur Zäit, Energie a vill Recherche verlaangt, gëtt dacks einfach ignoréiert. En Asaz, dee wéineg Uklang dobausse fënnt, ausser et heescht ee Musso, Levi oder Coelho. Mee da muss een dat Wuert gutt erëm sträichen. Fir d'Mass schreiwen a vun der Mass gelies ginn, ass ee weidert Phänomen, dat Lëtzebuerg zimlech friem ass.

D'Tënt fléisst

An awer gëtt zu Lëtzebuerg onwahrscheinlech vill Literatur produzéiert a publizéiert. Déi Mannste vum schreiwende Vollek sinn op d'Akommes, dat duerch de Verkaf vun den eegene Wierker erakënnt, ugewisen. Wéi kéinte si och? Bei Oplage vun duerchschnëttlech 200 Exemplairen? Schreiwen ass eng Niewebeschäftegung, zu engem Hobby degradéiert. U sech ee Luxus, dee sech net jidderee leeschte kann, ob Talent do ass oder net, ob ee wierklech eppes z'erzielen huet oder net.

Ronn 70 Bicher ginn am Joer zu Lëtzebuerg publizéiert. An iergendwéi mussen déi Bicher jo och verkaf ginn. Editeuren drécken déi kaum, well duerch hir Oderen Tënt fléisst, mä si denke sech wuel eppes derbäi.

Wann ee sech d'Bestseller-Lëscht vun der Federatioun vun de Librairen ukuckt, entdeckt een an der Sparte Fiktioun vu de fënnef meeschtverkaafte Bicher am Januar just zwee Prosatexter. Déi aner dräi si "Bandes dessinées". Da fänkt och spéitstens den Aussestehenden un, sech Gedanken ze maachen.

Seet dat eppes iwwer d'Lieser oder iwwer d'Qualitéit vun de Bicher aus? Wuel Béides.

Wiem d'Schong passen ...

Bei aller Léift fir d'Literatur a ganz vill Sympathie fir Wierker, déi hei am Land publizéiert ginn, et ass erschreckend, wéi vill Onliesbares op de Maart kënnt. Et freet ee sech, wéi ee Lektorat, falls een disponibel ass, do hannen dru stécht?

Wéisou dréckt en Editeur, dee jo awer eng minimal Ahnung vu Literatur misst hunn, Bicher, déi an enger Sprooch geschriwwe sinn, déi héchstens dem Niveau vun enger Schülerzeitung entspriechen? Exercises de style ginn als iwwerraschend Sprooch verkaf, déi véiert Couverture versprécht, wat de Roman a kengem Fall hält, langweileg Liewenswäisheeten, Bistrotswitzer, flaach Plotten, näichtsoend Gespills mat dichtege Wierder.

Et ass souguer bal onméiglech ee Buch ze fannen, wou Orthographie- a Grammairesregelen agehale ginn.

An dobäi hunn eng ganz Rei Auteuren an Autorinnen eppes ze bidden, mä si ginn ënner am ganze Dschungel vu perfekt designte Buchdeckelen, am Vermësche mat Kach- a Comicbicher, déi de Lëtzebuerger hir léifste Lecture sinn, an um Manque vun der Ënnerstëtzung vun der ëffentlecher Säit.

De banale Sproch, Qualitéit ass méi wéi Quantitéit, trëfft wuel och hei zou. Ech wënsche mir, datt déi richteg sech dëse Schong undoen.