Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Biréli Lagrène and Sylvain Luc - All the Things You Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationale Literaturpräis fir den James Leader

Lëtzebuerger Literatur

Nationale Literaturpräis fir den James Leader

Den Nationale Literaturconcours gëtt zënter 1978 all Joer verginn. Dat mam Zil, déi literaresch Produktioun zu Lëtzebuerg ze fërderen. De Präis ass all Joer engem anere Genre reservéiert. Dëst Joer louch de Schwéierpunkt op der Kanner- a Jugendliteratur. Laureat am Beräich Jugendbuch ass de James Leader mat "The Venus Zone".

auto_stories

3 min

James Leader

De Laureat vum Nationale Literaturconcours 2016 ass keen onbekannt Gesiicht. Den James Leader huet schonn zwee Romaner an englescher Sprooch publizéiert. Dernieft huet hie seng Iwwerleeungen zum Alldag, Politik, Bezéiungen a Renconteren an engem Gedichtband verschafft.

2012 krut hien de zweete Präis beim Nationale Literaturconcours mat senger Kuerzgeschicht "Rendition". An dëst Joer huet den James Leader – mam Bernd Gonner, Laureat am Beräich vun der Kannerliteratur – den éischte Präis beim nationale Literaturconcours beluecht. Ausgezeechent gouf hie fir seng Jugenderzielung "The Venus Zone".

My eyes snap open and I see her at the desk on the other side of the room. She’s wearing my shirt and
apparently nothing else. Pen in one hand, she’s doing the counting thing with the fingers of her other hand.
She sighs, scratches her head, scribbles, counts on her fingers, looks out the window. Scratches her head
again. Who would have thought poets scratched so much? Suddenly she jots down a whole rush of words,
feverish quick, and I sense she’s coming to an end. She draws a long line on the page, with something of a
flourish, and throws down the pen.
“Thibault? Wake up!”
I do a good impression of waking. “Eh? What?”
“I wrote you a poem.” She leans down over me, her hair dangling in my face, kisses me on the mouth.
“Wake UP!”
I prop myself on one arm, bracing myself for poetry. “Okay, I’m awake.”
She hands me a fancy piece of hotel stationery, with a crest embossed on the top. I look at it blearily.
“Why don’t you read it to me?”
She looks almost shy for a second but then begins...

Iwwer de Kapitalismus

Zwee Jugendlecher an zwee eeler Personnagen – den een ass e PDG, den aneren e Philosoph a Marxist – sinn d’Protagonisten an dëser Erzielung. Et geet ëm politeschen Aktivismus, eng Entféierung an ëm d’Léift. Inspiréiert huet den James Leader eng Renconter mat engem Employé vun enger Multinationale, déi dem Auteur no zu Lëtzebuerg a Steierhannerzéiung verwéckelt ass. "Hien huet gesot ech kéint Aktie kafen an dat hunn ech gemaach. An ech war bei enger Plenière zu London derbäi."

An der Geschäftswelt wier dacks Rieds vu Korruptioun a Skandaler a vun de Konsequenze vum Kapitalismus geschwat ginn. "Doriwwer wollt ech schreiwen", erkläert de Schrëftsteller.

Keng Priedegt

Och wann den Text e politeschen a sozialen Inhalt huet, esou ass et fir de James Leader keng didaktesch Geschicht. Seng Geschichten hätte kee Message, esou de Schrëftsteller. A senge Wierker missten d'Personnage mat komplexe Situatioune fäerdeg ginn. "Ech priedegen net", betount den James Leader.

De Jury vum Nationale Literaturconcours war vum James Leaders sengem Humor begeeschtert. En huet d’Geschicht als e richtege "Pageturner" bezeechent.

Hoffnung ginn

"The Venus Zone" ass en engagéierten Text, dee Jugendlecher an der Alterskategorie tëschent 16 an 18 Joer uschwätze soll. Si politesch a sozialkritesch Geschichte fir déi Altersklass uspriechend? Jo, mengt den James Leader. Zënter enger Zäit wieren déi Jonk politesch méi engagéiert. Dat géif een u Beweegungen, wéi "Occupy" gesinn. "Et gëtt eng gewësse Roserei géint Inegalitéit an Ongerechtegkeet." Dat géif déi Jonk concernéieren. Den James Leader ass selwer Proff am Secondaire. Hie seet, hie géif all Dag mat senge Schüler iwwer dës Saache schwätzen. Den Interessi wier do.

Mee et geet an "The Venus Zone" net just ëm Politik a Finanzen. Dem James Leader seng Geschicht huet vill méi ze bidden, virun allem vill Positives. Fir den Auteur ass et ee Buch, dat soll amuséieren an dat voller Hoffnung ass. "Mir liewen den Ament an enger donkeler Zäit. Am Buch fënnt ee vill Literatur, Poesie, Molerei, Léift ... Europa an all senger Schéinheet. Déi Jonk sollen d'Gefill kréien, datt si eppes ännere kënnen."


De 7. Dezember ass d’Präisiwwerreechung am Mierscher Literaturhaus.