Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Negationismus, Superhelden, Roserei an Honds-Reinkarnatiounen

Dëss Woch am Kino

Negationismus, Superhelden, Roserei an Honds-Reinkarnatiounen

Am Kino ass "Denial", de Coup de Coeur vum 100,7, an ee vun den Opmaacher vum Luxembourg City Film Festival, elo och am reguläre Programm ze gesinn. D'Cleo Thoma an den Tom Dockal hu sech dëss Woch och de Superhelden-Film "Guardians of the Galaxy Vol. 2" eragezunn, a sech vum spueneschen Thriller "Tarde Para La Ira" beandrocke gelooss. An da war do och nach e Film vum Lasse Hallström... iwwer Muppen.

auto_stories

5 min

"Denial" vum Mick Jackson ass den aktuelle Coup de coeur vum radio 100,7, a war den Opmaacher Film beim Luxembourg City Film Festival dëst Joer.

D’Rachel Weisz spillt d’Deborah Lipstadt, eng amerikanesch Historikerin, déi an den 1990er Jore vum Negationist David Irving wéinst, wéi hie behaapt hat, Diffamatioun viru Geriicht gezu gouf. Tatsächlech war et dunn un hier, ze beweisen, datt et den Holocaust wierklech gouf. Wat se mat enger Armada vun Affekoten an Historiker dann och fäerdeg bruecht huet.

De Succès vun dësem Film läit virun allem a senger soberer Manéier, fir u säi Sujet erun ze goen. A virun allem och de Leeschtunge vu senge Schauspiller. Net nëmmen d’Rachel Weisz, mä och den Tom Wilkinson an den Andrew Scott (de Moriarty aus der Sherlock-Serie) spillen op de Punkt, ouni grousst Gedauschs mussen ze maachen. An den Timothy Spall an der Roll vum Irving ass impressionnant.

Spuerhelde-Film mat enger Séil

Den Iwwerraschungserfolleg aus dem Haus Marvel Studios, an de Beweis, dat dës Produktiouns-Boîte mat esou gutt ewéi allem géif allem géif dovunner kommen, kritt elo eng Suite. "Guardian of the Galaxy, Vol. 2, vum James Gunn, ass deen éischten vun am ganzen dräi Superhelde-Filmer fir dëst Joer bannent dem Marvel Cinematic Universe.

D’Geschicht vum Star-Lord, dem Groot a Konsorten, gëtt hei eng zweete Kéier aus der Fieder vum James Gunn weidererzielt an och an Zeen gesat.

Leit, déi sech mam Marvel-Kosmos auskennen, dierften direkt ubäissen. Mä eigentlech, seet den Tom Dockal, schwätzt de Film vun tëschemënschleche Bezéiungen, an dat op eng Aart a Weis, déi duerchaus touchant ass. Ënnermoolt vu schnuckelege Pop-Lidder.

Beandrockende spueneschen Thriller

De spuenesche Revenge Drama, "Tarde Para La Ira", ass den éischte Film vum soss Schauspiller Raúl Arévalo. Déi kuerz Ufanks-Sequenz weist d’Enn vun engem Iwwerfall op eng Bijouterie, dee visiblement schif goung.

Schnëtt - aacht Joer méi spéit. Mir begéinen de José, deen et ëmmer erëm an eng Bar an engem bestëmmte Barrio zu Madrid hinzitt. Offenbar fir mam Patron senger Schwëster, där schéiner Ana, unzebändelen.

Allerdéngs stellt sech lues a lues eraus, datt de José direkt vun deem Casse an der Bijouterie betraff ass, an et schwéier op d’Täter sëtzen huet. Deen eenzegen, deen d’Police deemools erwëscht hat, soll elo, no aacht Joer, aus dem Prisong kommen. Hien ass dem Ana säi Lover, a Papp vun hirem Kand.

Mat enormer Efficacitéit an ouni eng Zeen oder e Wuert ze vill deet den Arévalo seng Personnagen dës Revenge-Tragédie duerchmaachen. An klot dobäi diskret de spuenesche Kult ëm d’Maskulinitéit un.

Beandrockend fir eng éischt Aarbecht.

A (nach) e Film iwwer Muppen

De schwedesche Cineast Lasse Hallström huet seng bescht Zäiten scho laang hannert sech. "My Life as a Dog" war an den 1980er Joren, "What’s Eating Gilbert Grape" gëtt d’nächst Joer 25 Joer al. Mee den Hallström schafft vill. An et fanne sech offenbar ëmmer nees Leit, déi seng Projete gutt fannen.

Zënter enger Zäit schonn huet hien et mat Muppen. 2009 koum "Hachi: A Dog’s Tale" mam Richard Gere eraus, ee skrupellosen Tear-Jerker. An elo "A Dog's Purpose", mat ënner anerem dem Dennis Quaid an enger Haaptroll. Hien ass awer net de Mupp.

De Mupp, deen de Voice-Over fir de Film liwwert, gëtt geschwat vum Josh Gad. An de Mupp stellt sech profund Froen am Genre: Wou kommen ech hir, wat ass de Sënn vu menger Existenz ?... an däers méi. Ausserdem re-inkarnéiert en sech, all Kéier wou e stierft.

Wat dem Hallström Geleeënheet gëtt, fir divers Muppeliewen ze verzielen.

“A Dog’s Purpose” ass e ridicult Konstrukt, mat bëllegen Esoterik-Momenter, dat sech net ze schued ass, fir net just een, mä e Grapp voll Muppe stierwen ze doen, also eng ganz Serie vun Attacken op d’Tréinendrüse vum Publikum ze lancéieren.