Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Filmer tëschent China a Lëtzebuerg

Kino

Nei Filmer tëschent China a Lëtzebuerg

An der neier Kinoswoch lafe sechs nei Filmer an de Lëtzebuerger Kinoen un. Ënner anerem deen deierste chinesesche Film vun allen Zäiten an eng lëtzebuergesch Co-Produktioun mat der Isabelle Huppert. Hei ass alles wat ee muss wëssen.

auto_stories

3 min

The Great Wall

Dee gréisste Film vun dëser Woch ass "The Great Wall" vum Zhang Yimou. Genee wéi am "Exodus" vum Ridley Scott gouf och am Virfeld zu dësem Film iwwer de sougenannte "Whitewashing" geschwat. Am deierste chinesesche Film vun allen Zäiten huet de Matt Damon d'Haaptroll. Dëst war dem Realisateur no ee legitime Choix. De Matt Damon wier him vu kengem Studio imposéiert ginn. Dat ass wahrscheinlech déi interessantsten Diskussioun iwwert de Film.

Den Damon muss mat enger Rëtsch chinesesche Wiechter op der bekannter chinesescher Mauer een aussiichtslose Kampf mat Monsteren halen. Déi sinn natierlech wéi a ville Filmer op soss näischt aus, wéi d'Mënscherass ze liquidéieren. Donieft spillen nach mat: Willem Dafoe, Pedro Pascal, Tian Jing an Andy Lau.


Live By Night

De Ben Affleck hat d'lescht Joer net nëmme Succès. Hien hat de Schratt an de Superhelde-Business gewot. Domat hat hie sech awer net wierklech ee Gefale gemaach. Säi Batman ass bei de Kritiker net gutt ukomm. Et bleift awer nach ze kucken, ob dat net dem "Zack" Snyder säi Feeler war. Eege Realisatioune vum Ben Affleck haten ëmmer erëm Succès beim Public. Dowéinst dréint hien elo säin eegene Batman Film.

Säin neie Film "Live By Night" kennt zimlech aus dem Näischt. Hien adaptéiert ee Buch vum Dennis Lehane, deem seng Wierker schonn dacks Erfolleg an de Kinoen haten. De Film erzielt d'Geschicht vun engem Fils vun engem respektéierte Flic, dee während der Prohibitioun ëmmer méi an d'Kriminalitéit rutscht. Aner Rollen iwwerhuelen d’Zoë Saldana, de Brendan Gleeson, d’Sienna Miller an d’Elle Fanning, wat an de leschte sechs Méint a ganz ville Filmer ze gesi war.


Souvenir

Souvenir ass eng lëtzebuergesch Co-Produktioun. De Realisateur Bavo Defurne bréngt mat der Isabelle Huppert eng Cantatrice op den Ecran, déi an hirer beschter Zäit d’Eurovisioun net gewonnen hat. Am Film léiert si ee Boxer kennen, dee probéiert, fir hir bei engem Comeback ze hëllefen. An der Roll vum Boxer kann de Public de Kévin Azaïs bewonneren.


A Street Cat Named Bob

"A Street Cat Named Bob" ass eng Buchadaptatioun vum Roger Spottiswoode. Et war just eng Fro vun der Zäit, bis datt de Bestseller ronderëm déi wouer Geschicht vun engem Drogenofhängegen géif verfilmt ginn. Dëse kritt säi Liewen enges Daags mat Hëllef vun engem erbäigelafene Kueder erëm einegermoossen op d’Rei. De Luke Treadaway spillt d'Roll vum James Bowen. De Realisateur Spottiswoode dierft beim Dréi kee Problem mam Kueder gehat hunn. An den 80er hat hie schonn de Film "Turner & Hooch", mat engem Mupp a mam Tom Hanks gedréint.


Underworld - Blood Wars

"Underworld - Blood Wars" ass de fënneften Deel aus der Underworld-Serie mam "Kate" Beckinsale. D'Schauspillerin, déi d’lescht Joer am flotte Whit Stillman Film "Love & Friendship" matgespillt huet, klemmt nees an d'Roll vum Selene. Op deenen zwou Säiten, de Vampiren an de Werwëllef, steet den hallwe Cast vu Game of Thrones. Also méi genee deen, deen et net bis déi aktuell Saison iwwerlieft huet an elo nei Aarbecht sicht.


Ritter Rost 2 - Das Schrottkomplott

"Ritter Rost 2 - Das Schrottkomplott" ass een typesch däitsche Filmproduit aus der Schoul: Kannerbuchverfilmungen aus den 90er Joren. Hei geet et computeraniméiert ëm d'Aventure vun engem Roboterritter aus Stol. Concernéiert Famille ginn, oder mussen dat mat hire Kanner kucke goen.