Radioen

On air

Notturno  |  Jarvis Cocker & Chilly Gonzales - Room 29

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Presidentin, nei Visiounen

20 Joer Theaterfederatioun

Nei Presidentin, nei Visiounen

D'Carole Lorang heescht déi nei an éischt Presidentin vun der Theaterfederatioun. No véier Presidenten an 20 Joer Theatrefederatioun huet d'Carole Lorang d'Relève vun hirem Virgänger Christian Kmiotek offiziell iwwerholl. Der neier Presidentin geet et elo virun allem drëms aus der Theaterfederatioun eng Federatioun fir de ganze Secteur ze maachen.

auto_stories

3 min

Carole Lorang, nei Presidentin vun der Theaterfederatioun Foto: Mani Muller

No Philippe Noesen, Jemp Schuster, Serge Tonnar a Christian Kmiotek – oder no engem Theaterdirekter, engem Auteur, engem Museker an engem Acteur iwwerhëlt mat der Carole Lorang déi éischt Fra d’Soen an der Theaterfederatioun. Fir d'Regisseurin, déi um "Institut National Supérieur des Arts du Spectacle et des Techniques de Diffusion” (Insas) zu Bréissel hiert Handwierk geléiert huet, gëllt et, fir direkt no fir ze kucken.

Déi nei Presidentin huet eng kloer Visioun. An zwar aus der Theaterfederatioun eng Federatioun fir de ganze Secteur ze maachen. Bis ewell war et eng Federatioun vun de Strukturen, souzesoe vun deenen déi de Kader gestallt hunn, esou d'Carole Lorang. Et misst een awer och déi mat u Bord huelen, déi Theater maachen an déi d'Inhalter ginn: Dat heescht d'Artisten an d'Intermittenten. Si sollen duerch hir memberschaft an der Theaterfederatioun e Sproochrouer hunn.

D'Intermittente musse sech organiséieren

Bei den Intermittenten denkt ee sécher u Schauspiller oder Dänzer déi op der Bühn stinn. Mee do hänkt^der Carole Lorang no nach vill hannendrun: Et wieren och Techniker, Bühnebildner, Regisseuren, Dramaturgen an esou weider. En éischte Schratt fir déi nei Presidentin ass d’Theaterfederatioun intern nei opzestellen fir méi efficace kënnen ze schaffen. Uschléissend wéilt si d'Gespréich mat den Intermittenten sichen. Déi missten sech dann awer och organiséieren fir datt Delegéierter vun hinnen an der Theaterfederatioun vertruede kéinte sinn.

E wibbelegen Kuerf voll Theaterstrukturen

D'Carole Lorang iwwerhëlt an der Theaterfederatioun d'Successioun vum Christian Kmiotek, dee véier Joer d'Federatioun presidéiert huet. Hien huet der neier Presidentin, wéi hien et genannt huet, "e wibbelege Kuerf voll professioneller Theaterstrukturen" iwwerginn. D'Strukture wieren am Sproch-, Danz-, Musek- Kanner- a Jugendtheater aktiv. An heiansdo géifen de Memberen hir Produktiounen och dës Kadere sprengen, esou de Christian Kmiotek.

An deem Kuerf fënnt d'Carole Lorang 19 Membere vun alle Gréissten an alle Modeller. Op där enger Säit, déi gutt dotéiert Gemengentheateren. An dann op der anerer Säit kleng professionell Truppen ouni Konventioun mam Kulturministère, déi ugewise sinn op punktuell Subsiden. Dertëscht fënnt een nach méi oder manner gutt finanzéiert a konventionéiert Strukturen. De Christian Kmiotek huet der Carole Lorang mat op de Wee ginn, datt et hir Missioun wier, déi ënnerschiddlech Intressen a verschidde Visioune vun de Membere vun der Theaterfederatiounen ënnert engem Hutt ze halen.

Nei Erausfuerderungen, eng verännert Gesellschaft

De Premier- a Kulturminister Xavier Bettel ass aktuell mam Fonctionnement vun der Federatioun zefridden. Hie seet, et wier sécher net un der Politik fir sech do anzemëschen. Doriwwer eraus wier d’Realitéit an de leschten 20 Joer net méi déi selwecht bliwwen, well et duerch den Internet aner Informatiounsquellen a Publikatiounsméiglechkeete géif ginn. Dernieft ass et fir de Kulturminister och wichteg, datt eng Theaterfederatioun d'Intresse vun der Theaterwelt verteidegt.

20 Joer huet Theaterfederatioun hannert sech, an elo leien nei Erausfuerderungen an enger verännerter Gesellschaft virun der neier Equipe ronderëm d'Carole Lorang.