Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Sécherheetsmesurë fir de Kultursecteur

Kultur

Nei Sécherheetsmesurë fir de Kultursecteur

Och am Kultursecteur gëlle vun haut un nei Reegele wéinst dem Covid-19. Wat heescht dat fir d'Kënschtler a wat fir de Public? Gëschter Mëtteg huet d'Kulturministerin Sam Tanson Informatioune ginn.

auto_stories

3 min

Bis véier Leit gëtt et weiderhi keng Maskeflicht an och d'Distanz vun zwee Meter ass net gefuerdert. Bis néng Leit musse Masken gedroe ginn a vun zéng bis 100 muss nieft dem Mask och d'Distanz vun zwee Meter agehale ginn an d'Leit musse setzen. Esou d'Kulturminsterin Sam Tanson den Donneschdeg an enger Konferenz, déi iwwer webinar gehale gouf an un där net just Journalisten, mee och Leit aus dem Kultursecteur konnten deelhuelen a Froe stellen.

Wat bedeiten déi nei Mesuren fir d'Artisten , déi op der Bün stinn?

"Dat gëllt net fir professionell Artisten. dat heescht, all déi Acteuren, déi professionell täteg sinn, egal vu wéi enger Konschtsspart, brauche keng Mask unzedoen wärend der Aktivitéit, déi si maachen."

Dat selwecht gelt fir Conferencieren.

A si ginn och net bei de Maximum vun Honnert gezielt, dat heescht och wann zéng Leit optrieden, kënnen awer bis 100 Zuschauer kommen.

Professionell heescht, datt ee fir seng artistesch Aktivitéit bezuelt gëtt. Wien a senger Fräizäit enger kultureller Aktivitéit nokënnt, fir deen zielen déi nei Sécherheetsmesuren.

En Appell un d'Eegeverantwortung

D'Regierung wier amgaang iwwer e weideren Hëllefspak fir Kulturschafender ze schwätzen.

"Fir mech ass et eng Evidenz, wa mer dat maachen, datt d'Reglement erëm muss a Kraaft trieden, fir de Statut vum Intermittent fir d'Konditiounen méi einfach ze maachen fir eranzekommen."

Muséeën, Galerien, Theateren a Kinoe bleiwen also op, mee anescht wéi am Horesca-Secteur dierfen op Concerten, an den Theateren an a Kinoe just Leit beienee sëtzen, déi am selwechte Stot zesummeliewen. Heescht dat, datt e beweise muss, datt een zesumme wunnt?

"Nee, et muss ee keen Certificat de résidence matbréngen, et muss een einfach responsabel sinn. Mir sinn der Meenung, datt d'Leit jo wëssen, ob si matenee wunnen oder net matenee wunnen, an dann Ticketen a Funktioun dovunner reservéieren, esou wéi dat bis elo och de Fall war."

Buvetten, Bare mussen zoubleiwen

Eng weider Mesure seet, datt all zousätzlech Aktivitéit a kulturelle Reim net erlaabt ass. Esou musse Buvetten, Baren asw, déi an engem kulturellen Haus just wärend Manifestatiounen Iessen a Gedrénks zerwéieren, zoubleiwen.

"Et geet dorëms, datt Aktivitéiten nach kënne stattfannen, mee, datt mer awer Usammlunge vu Leit, déi net onbedéngt musse sinn, datt mer déi solle probéieren ze evitéieren. Mir hätte gär, datt Theater ka gespillt ginn, da maache mer dat méiglech. Da kënnen d'Leit an den Theater kommen, sollen duerno awer heem goen."

Schoulklassen, déi am Kader vun enger Schoulaktivitéit an den Theater, an de Kino oder op e Concert ginn, déi kënnesech, wéi an hirer Klass, zesumme sëtzen. De Mask ass obligatoresch, mee do muss net d'Distanz vun zwee Meter agehale ginn.