Superhelde-Blockbuster Neie Spider-Man ass erstaunlech reusséiert

Keen huet duerno gefrot, awer de Spider-Man ass nees eng Kéier um groussen Ecran ze gesinn. Spider-Man: Homecoming heescht déi nei Superheldeproduktioun. Den Tom Holland ka mat Spannennetzer schéissen an New York sécher halen.

Tom Dockal / ys

SPIDER-MAN™: HOMECOMING
Den Tom Holland ass de Spider-Man (Foto: Chuck Zlotnick ©2017 CTMG, Inc. All rights reserved)

D'Liewe vun engem amerikanesche Filmstudio-Executive ass kee Kichelchen. Fréier huet d'Alldaagsroutine vun deene Mënschen doranner bestanen, sech vu Moies bis Owes Pitchë vun eventuelle Produktiounen unzelauschteren an dann ze decidéieren, wien d'Sue kritt a wien net.

Well sech iwwert d'Joren erauskristalliséiert huet, wat richteg déck Profitter mécht, ginn d'Suen entweder op 200 Milliounen Dollar Glocalwood-Filmer dropgemaach, oder et gi butzeg Filmer produzéiert, bei deene jiddereen wierklech just de strikte Minimum verdéngt. De Mëttelklass-Blockbuster vun 30 bis 50 Millioune stierft aus.

Show me the money!

Richteg zynesch gëtt et, wann et ëm d'Veraarbechtungsrechter vu Propriété intelectuelle geet. Fallbeispill: Spider-Man. Viru 15 Joer, vun 2002 bis 2007, huet de Sam Raimi mat sengen dräi Spider-Man Filmer de Spannemann an d'21. Joerhonnert geholl. Du stoung Sony virun enger Decisioun. Loosse mir eis Rechter verfalen a verléiere mir d'Geldkou Spider-Man un en anere Studio? Oder séchere mir eis déi fir weider 10 Joer, andeems mir einfach en neie Spider-Man casten an héchstwahrscheinlech e mediokere Film produzéieren. Show me the money!

Mat zwee Amazing Spider-Man-Filmer gouf de Spectateur fir domm verkaf a gepéngegt. Du koum d'Nouvelle dat Sony an Disney eng Joint-venture starte géifen, an de Superheld an de Marvel Cinematic Universe géif incorporéiert ginn. En drëtte Reboot bannent quasi 15 Joer Du jamais vu.

Spider-Man vs Vulture

Spider-Man: Homecoming ass de programmateschen Titel fir dësen zweete Marvel-Superheldefilm vum Joer. De Peter Parker war d'lescht Joer am Captain America: Civil War an der Persoun vum Tom Holland virgestallt ginn. Elo däerf hien ausféierlech a sengem Habitat optrieden. New York.

Hien ass e pubertäre Schüler, deen zesumme mat senger Tatta May wunnt an e Meedchen unhimmelt, wat scheinbar kilometerwäit out of his league ass. An der Schoul waart hien all Dag drop, datt hie vun der Schell erléist gëtt, fir kënnen mat sengem vum Iron Man geschenkte Spandexkostüm duerch d'Stad ze fléien an de Leit ze hëllefen. Iwwerdeems soll den Tony Stark sech endlech mol bei him mellen, fir hien op eng wichteg Avengers-Missioun anzelueden.

Dem Michael Keaton säi Personnage, ee vun den Avengers net ouni Grond desillusiounéierten Aarbechter an Ingenieur, mécht sech en décke Portefeuille domadder, Alien-Tec Waffen ënnert der Hand ze verkafen. Et ass evident, datt sech déi zwee géigeniwwer stoe wäerten. De Spider-Man an de Vulture.

En absolute Volltreffer

Drëtte Spider-Man Inkarnatioun a 15 Joer, sechste Film a sechs Joer. Dat alles am Numm vum Big Business. Maache mir eis do näischt vir. Wou bleift do d'Visioun? Kann de Film iwwerhaapt eppes daachen? Iwwerraschenderweis ass Spider-Man: Homecoming en absolute Volltreffer. Dat ka just nees um Genie vun de Responsabele vum MCU an dem bis elo onbefleckte Realisateur Jon Watts leien. Mat enger Sensibilitéit fir d'Superheldefilmercode mat engem 80er High School-Charme ze verbannen, gëtt dëse Film dem Comic Spider-Man gerecht.

Ok, de Peter Parker huet d'Tragedie mam Doud vu sengem Monni erlieft, mee et geet weider an d'Prioritéite leien enzwousch anescht. An déi leien och net dobäi, d'Origin-Story vum Held eng drëtte Kéier ze zielen. Mir wëssen all, wéi de Parker zum Spannemann gëtt. Den Antagonist gëtt a knackegen zéng Minutte kohärent agefouert.

De Film steet op eegene Féiss, passt gläichzäiteg an déi méi grouss Storyline, ouni dobäi erageprafft ze wierken. D'Sidekicks sinn häerzeg, d'Dialoge si sprëtzeg, d'Situatiounen immens witzeg a locker vun der Hand inzenéiert. An virun allem mécht den Antagonist dem Spider-Man reel an novollzéibar Kappzerbrieches. Och wann de grousse Showdown klassesch dohirkënnt. Marvel hunn et also alt nees eng Kéier fäerdegbruecht. Dem Kommerz zum Trotz.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

IMG_6787.jpg
Leipziger Buchmesse

Manga, Anime a Cosplayer - zënter 2014 ass d'Manga-Convention op der Bicherfoire zu Leipzig doheem. Bei der Editioun vun dësem Joer war net jidderee vun dëser Kombinatioun begeeschtert.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen