Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bleachers - Call Me After Midnight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neien online-Katalog fir Literatur vu Lëtzebuerg

Luxembourg Online Rights Desk

Neien online-Katalog fir Literatur vu Lëtzebuerg

Lord.lu ass no laangem Waarden elo online. Op der Internetplattform ginn niewent Contenu och verschidde Rechter verkaaft. De Site kéint gläichzäiteg fir eng nei Dynamik bei Auteuren an Editeure suergen.

auto_stories

2 min

Lord.lu baut op zwou grouss Strukturen op. Engersäits d'Verwäertungsgesellschaft Luxorr, déi zënter zéng Joer existéiert. An op där anerer Säit Luxcontent. Dëse Groupement d'intérêt économique regruppéiert mëttlerweil d'Majoritéit vun den Editiounshaiser zu Lëtzebuerg.

Lord.lu wier deemno en neit Doheem vun den Editeuren, awer och vun Auteuren, erkläert de Lucien Czuga, President vu Luxorr. Iwwer 300 Auteure gi mëttlerweil duerch d'Verwäertungsgesellschaft vertrueden.

Reproduktiouns-Rechter online kafen

D'Weltpremière vu lord.lu wieren d'Rechter, erkläert den Direkter vu Luxorr Romain Jeblick. Iwwer de Site lord.lu kéint de User sech zum Beispill direkt d'Reproduktiouns-Rechter vun engem Wierk aus dem Katalog kafen.

Fir de Konsument bedeit déi nei Plattform virun allem eng vereinfacht Sich. Um Site fënnt ee sech intuitiv an de verschiddenen Kategorien erëm. Et kann een online Literatur recherchéieren a kafen. Dëse Webkatalog vu lëtzebuerger Wierker gëtt et och als App fir de Smartphone. Domat kann ee Publikatiounen online kafen. An et kritt ee se vum Siège zu Rolleng geschéckt.

Eng nei Basis fir Auteuren

Donieft kéint lord.lu och als Export-Basis genotzt ginn. Et géif méi professionell wierken, wann een ee gemeinsame Katalog hätt, erkläert de Romain Jeblick. "Déi Professionell gesinn, wat zu Lëtzebuerg leeft a kënne Rechter professionell kafen." Am Toun a Video-Beräich, wou d'Luxorr d'Rechter net géif vertrieden, géif e Link op den Ayant Droit gesat ginn.

Et géif keng Lëtzebuerger Schrëftstellervereenegung méi. "Dat hei ass vläicht de Moyen fir d'Auteuren nei ze motivéieren, fir sech auszedrécken, an ee representatiivt Organ vun den Auteuren ze schafen." Zesumme kéint ee méi maachen, wéi jiddereen a sengem Eck, sou de Lucien Czuga.