Museksindustrie "Net einfach, dee Wee ze goen"

Nëmme wéineg Museker envisagéieren eng professionell Carrière zu Lëtzebuerg. Déi néideg Strukture feelen. Awer dat kéint sech änneren. De Wëllen ass do, fir eng Museksindustrie ze schafen.

Yves Stephany

Riicht Eraus Museksindustrie
v.l.n.r. Marco Batistella (Kulturministère), Sacha Hanlet (Museker), Sam Reinard (Rocklab), Giovanni Trono (Exportbureau)

"Mir stiechen nach an de Kannerschong, awer de Wëllen ass do, fir einfach méi wäit ze goen", seet de Sacha Hanlet, Batteur bei Mutiny on the Bounty a Sänger vun Them Lights. D'Lëtzebuerger Musekszeen hätt Retard par Rapport zum Ausland. "Mir schaffen alleguer drun, fir déi Industrie ze kreéieren", seet den Giovanni Trono vum Exportbureau Music:LX.

En Ecosystem ronderëm den Artist

Wéi eng Strukture feele konkret zu Lëtzebuerg? Als Museker bräicht ee fir d'éischt eng Booking-Agence, déi engem Concerten organiséiert, seet de Sacha Hamlet. Virun allem am Ausland. E Label an eng Distributioun wieren och gutt ze hunn. Och wann dat hautdesdaags net méi onbedéngt noutwenneg wier. Ee Manager, dee sech ëm den administrative Volet bekëmmert, géif de Museker enorm entlaaschten.

Dës Beruffer missten zu Lëtzebuerg méi promouvéiert ginn, seet de Sam Reinard, Responsabele vum Rocklab. "Dat wäert de kënschtleresche Propos op den nächste Step bréngen."

(Nach) keng Lobby

D'Onkäschten als Independant wieren enorm, seet de Sacha Hanlet, deen de Statut vum Intermittent du spectacle huet. "An engem Land, wou d'Liewen immens deier ass, ass et net einfach, dee Wee ze goen. Dat ass ee vun de Grënn, firwat vill Leit sech net woen, dee Schrëtt ze maachen." D'Museksbranche misst sech eng Lobby schafen, fir zum Beispill steierlech Avantagen oder besser TVA-Tauxen ze fuerderen, seet de Marco Batistella.

De Creative Cluster wier eng Méiglechkeet, fir am ekonomesche Beräich Sensibilisatioun ze bedreiwen, seet de Sam Reinard. "Et geet ëm Leit, déi mussen hir Rechnungen um Enn vum Mount bezuelen." Zu Lëtzebuerg hätt een zwar net déi Zeene parat, wéi an enger Groussstad, awer d'Musek wier eng Optioun. "An enger Welt, déi vernetzt ass, déi Internet-baséiert ass, spillt d'geografesch Positioun ëmmer manner eng Roll." Lëtzebuerg wier eng gutt Basis, awer et misst een als Museker seng Reseauen am Ausland opbauen.

Eng nei Fërderstruktur?

"De Ministère ass sech och bewosst ginn, datt et net nëmme Klassik zu Lëtzebuerg gëtt", seet de Marco Batistella, deen am Kulturministère de Museksecteur betreit. Initiative wéi Music:LX an d'Rockhal hätten dozou gefouert, datt d'Popmusek haut besser opgestallt wier, wéi viru 15 Joer. De Staat misst den néidege Kader schafen, fir eng Museksindustrie z'erméiglechen. Et géif Iwwerleeunge ginn, fir en Instrument ze schafen, wat lassgekoppelt vum Ministère kéint iwwer Hëllefen decidéieren.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Riicht eraus: Carole Lorang, Josée Hansen, Simone Beck, Kerstin Thalau
Bühnekonscht zu Lëtzebuerg

Den Theater hält der Gesellschaft de Spigel vir. Eng rezent Inszenéierung vum Carole Lorang heescht "Miroirs troubles". Ass d'Reflektéiere vun der Bühn erof fir Theaterleit net méi richteg méiglech?

Pascal Schumacher
Eurosonic 2018

De radio 100,7 huet "Drops and Points" fir dee gréisste Showcase-Festival aus Europa selektionéiert. Mam elektronesche Projet wéilt hien ënnert anerem de Pop-Marché cibléieren, seet de Pascal Schumacher.

Stephan Gehmacher
Philharmonie

Verschidde Concertshaiser experimentéiere mat Interaktioune mam Spectateur während dem Concert. An der Philharmonie wier dat net virgesinn, seet den Direkter. Aner Forme vu Concerten allerdéngs schonn.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen