Radioen

On air

Notturno  |  Secret Night Gang - When Will The Sun Rise Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net sou onschëlleg wéi mer ëmmer geduecht hunn"

Kino

"Net sou onschëlleg wéi mer ëmmer geduecht hunn"

Scho viru senger Sortie huet "Eng nei Zäit" vill vu sech schwätze gedoen. Elo ass de Film an de Kinoe – an hält wat e versprécht. Mat staarke Biller an engem staarke Casting. A virun allem mat enger Geschicht déi et a sech huet.

auto_stories

5 min

De Luc Schiltz an der Roll vum Jules (Copyright Foto: Samsa Film)

Deen zentrale Personnage an "Eng nei Zäit" ass de  Jules, e Lëtzebuerger deen am Krich a Frankräich am Maquis war an elo heemkënnt. Hien ass traumatiséiert duerch seng Erliefnisser, mee versicht trotzdem sech en neit Liewen opzebauen. Hie fënnt Aarbecht als Hëllefsgendaarm, an hëlt Deel un enger Enquête iwwert ee spektakulären, fënneffache Mord: en däitsche Bauer a seng Famill, de Kniecht an eng lëtzebuergesch Mod aus dem Duerf, sinn ëmbruecht ginn.  De Jules huet och eng perséinlech Motivatioun, bei der Enquête mat ze schaffen: hie war frou mat der Mod.

De Mord vun der Famill berout op reelle Fait'en, déi sech 1945 zu Welschent an der Géigend vun Ettelbréck ofgespillt hunn. D'Viviane Thill, Zeenaristin vum Film – zesumme mam Realisateur Christophe Wagner – ass op d'Geschicht gestouss, wéi si en deementspriechenden Artikel vum Historiker Claude Wey gelies huet.

"Wat ass méi wichteg, d'Wourecht oder den Ordre social?"

De Mord – an de Film – spillen an enger Zäit vu soziale Spannungen, an där d'Nokrichsjoere knapps ugefaang hunn. D'Kapitulatioun vun Däitschland ass dräi Méint hir, d'Rundstedtoffensive siwe Méint. Lues a lues komme virun allem d'Männer aus dem Krich heem, sou wéi de Jules. An op villes kënnt en schwéieren Deckel. Dat erlieft och de Jules – perséinlech mat senger eegener Geschicht, mee virun allem och a senger Aarbecht un der Enquête vum Mord un der däitscher Famill. De fënneffache Mord, deen an eng Period fält wou eben eng nei Zäit sollt ugoen, ass an der Hinsicht nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg.

Fir de Realisateur vum Film, Christophe Wagner,  ("Doudege Wénkel") war den Haaptintérêt vum Film folgend Fro: "Wat ass méi wichteg, d'Sich no der Wourecht oder d'Erhalen vum Ordre social?". An d'Fro déi dohannert stécht: "Ware wierklech all d'Lëtzebuerger couragéiert am Krich, bis op déi puer Leit déi gerecht bestrooft gi sinn?" De Produzent Claude Waringo seet sengersäits dozou: "Mir fänken och lo mol réischt un erauszefannen datt mer net sou onschëlleg si wéi mer ëmmer geduecht hunn".

Analyse vum Historiker Claude Wey 

De Film bleift no un der historescher Enquête, déi den Historiker Claude Wey gutt kennt. An dës Enquête passt an de Kontext vun der Zäit: eng däitsch Famill gëtt exekutéiert, an als Täter gëtt de Nikolaus Bernardy ausgemaach, deen am Krich an engem däitschen Zuchthaus war. Allerdéngs, seet de Claude Wey: d'Famill déi zu Welschent ëmbruecht gouf war alles anescht wéi nazifrendlech. "De Jong war antifaschistesch an d'Elteren hunn der Resistenz gehollef", sou de Claude Wey. Firwat hat d'Famill dann am Duerf net nëmme Frënn? "Materiellen Näid kéint e Grond sinn. Hiren Haff hat d'Rundstedt-Offensiv gutt iwwerstan", erkläert den Historiker.

De Nikolaus Bernardy, deen als Täter ermëttelt gëtt, kritt herno d'Doudesstrof. Et war déi läscht Doudesstrof déi no engem Urteel exekutéiert gouf. Eng Decisioun déi och am Kontext vun der Epuratioun ze gesinn ass. De Claude Wey seet awer och: mam Nikolaus Bernardy gouf versicht e kriminellen iwwerfall als antinazistesch Dot duerzestellen.

Nei Weeër an der Distributioun

Mat 3,8 Milliounen Euro war de Budget vun "Eng nei Zäit" kleng, am Verglach mat ähnleche Produktiounen am europäesche Kino. Zil vun der Produktioun (Samsa Film) ass et awer op mannst souvill Publikum fir de Film ze kréie wéi deemools mat "Doudege Wénkel".

An deem Sënn ginn och nei Weeër a Saachen Distributioun gaang. "Mir mussen agesinn, datt et bal eng Saach vun der Onméiglechkeet ass, e lëtzebuergesch-sproochege film op déi klassesch Aart a Weis, zum Beispill a Frankräich, mat 200 Kopien erauszebréngen. Et muss ee wëssen datt a Frankräich all Woch 10 nei Filmer erauskommen, dovun 9 franséischer an een internationalen", erkläert de Claude Waringo.  Dofir gouf elo decidéiert, "Eng nei Zäit" geziilt an d'Kinoe vun der Groussregioun ze bréngen an och do gezillt ze promoten. A propos Promotioun: ronderëm de Film gëtt et eng ganz Rei Projeten, dorënner eng Expo an e Colloque.  Méi Informatiounen heizou um Site vum Film.

An de Fazit?

Wann d’Reaktioune vun de Journalisten op der gutt besichter Presseprojektioun vun "Eng nei Zäit" eppes wäert sinn, da misst de Film eng schéi Carrière erliewen. Aussoe wéi: "dee beschte Casting deen ech jee an engem lëtzebuerger Film gesinn hunn", oder dat vill verdéngte Luef fir déi prachtvoll Biller, zeie vun der Begeeschterung mat där de Film opgeholl gouf. Eng e bëssen iwwerrascht Begeeschterung – wéi wann een dat engem lëtzebuerger Projet net wierklech zougetraut hätt.

Mee et stëmmt: déi oppulent Landschaften déi de Jako Raybaut agefaangen huet, déi vill Detailer, dee grousse Soin mat deem Suerg gedroe gouf fir credibel ze sinn, an déi iwwerzeegend Interpretatioune vun de Schauspiller, mat virop dem Luc Schiltz an der Haaptroll, droen hiert derzou bäi fir aus "Eng nei Zäit" een definitiv gudde Film ze maachen.