Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi Hollywood virum Enn war

Film

Wéi Hollywood virum Enn war

D'Joer 1963 war eent vun deene schlëmmsten an der Geschicht vun Hollywood. Nach ni waren esou wéineg Filmer produzéiert ginn, gouf et esou e Finanzdesaster. Mat Filmer wéi "Cleopatra" hu sech déi grouss Studioe selwer ruinéiert.

auto_stories

7 min

"Cleopatra" war net nëmmen e finanziellen Desaster

1962 hat sech eng vun den Ikone vun Hollywood, d'Marylin Monroe d’Liewe geholl. D’Stëmmung an der Filmstad war schlecht. Leit ewéi d'Marylin oder och den James Dean hunn an den 1950er Jore fir den Hollwoodsystem eng grouss Roll gespillt. Mat hirem Image als liicht verruchten Duersteller sollte si hëllefen, de Public, dee sech ëmmer méi fir d’Televisioun begeeschterter huet, bei der Staang ze halen.

Ee Joer nom Fräidoud vun der Monroe hu sech vill Leit gefrot, ob nach weider kéinte Studiofilmer wéi an der Tëschekrichszäit gemaach ginn. Am halwe Joerhonnert virun 1963 war fir Hollywood keen esou katastrophale Bilan gezu gi wéi an deem ominéise Joer.

"Julius Cesar"

Ee Film steet haut nach an der Geschicht vun Hollywood als Symbol fir de Finanzdesaster. De Joseph Leo Mankiewicz hat de Ruf vun engem Oskar-Regisseur, an en hat virun allem eng grouss Erfahrung am Ëmgang mat de ganz groussen Hollywood-Staren.

1953 hat hie fir d’Metro Goldwyn Mayer dem Shakespeare sain "Julius Cesar" fir de groussen Ecran adaptéiert. Mat ënnert aneren dem Marlon Brando als Markus Antonius an dem James Mason als Brutus. Dat war groussen Hollywoodkino. E Produkt vun engem System, dee sech besonnesch an den 30er Joren, dem gëllen Zäitalter vun Hollwood, bewäert hat.

Televisioun amplaz Kino

Am Joerzéngt vun der Grousser Depressioun an der Dustbowl, also och dem Edward Steichen senge Bitter Years, an där Zäit sinn d’Amerikaner masseweis an de Kino gaangen, fir op d'mannst e bëssen hir Alldagssuergen ze vergiessen. Am Ufank vun den 1930er Jore si bis zu 80 Millioune Leit am Joer an de Kino gaangen.

E bëssen esou ass et dann och am neie Wuelstand vun de 1950er gaangen. Esou wéi sech vill Amerikaner an den 1920er Joren deen éischten Auto op Kredit kafe konnten, ass et nom Zweete Weltkrich mam Televisounsapparat gaangen. 1945 gouf et an den USA nach manner wéi 10.000 Televisounsempfänger, 1950 waren et der sechs Milliounen an 1960 waren et der scho 60 Milliounen.

Hollywood huet Ufanks de 1960er och ugefaange Filmer just fir d’Televisioun ze produzéieren.

Mam "Cleopatra" an de Ruin

Déi klassesch Groussproduktiounen hunn ugefaange wéi Dinosaurier ze wierken. Ee vun deenen Dinosaurier war ganz sécher 1963 dem Mankiewicz säi "Cleopatra". E Peplum mat Starbesetzung. An den Haaptrolle waren déi deemools ominéis Schauspillerkoppel, Elizabeth Taylor a Richard Burton. Uganks war "Cleopatra" mat zwou Milliounen Dollar budgetiséiert. De Film huet der schlussendlech 31 kascht. D’Elizabeth Taylor hat emol direkt en neie Rekord gebrach wéi si eng Millioun Dollar fir hir Haaptroll krut.

De Filmproduzent Walter Wanger war engagéiert gi fir en neie Budget vu siwe Milliounen ze geréieren. Hie war ee vun deenen, déi déi al Stommfilmstaren zënter 1929 duerch eng nei Generatioun vu Leit ersat huet. Schauspiller, déi net nëmme schwätzen, mee och sange konnten. De Walter Wanger huet d'Dréiaarbechte vun Hollywood op London verluecht. De Musical-Regisseur Robert Mamoulian gouf engagéiert fir alles ze dirigéieren.

Mee et ass alles schifgaangen...

Wéi de Jospeh Mankiewicz d’Regie iwwerholl huet, hat d’"Cleopatra"-Produktioun scho fënnef Milliounen Dollar verpolvert, ouni datt och nëmmen ee Meter bräuchbare Film dobäi erauskomm wier.

Ee Mëssgeschéck nom Aaneren

Wéi den Tournage eriwwer war ass de Mankiewicz och nach entlooss ginn. En ass awer séier nees engagéiert ginn. Hie war deen Eenzegen, deen déi Onmass u Filmopnamen nees zu engem eenegermoosse kohärente Film konnt zesummeklauschteren. Well den Tournage ëmmer nees ënnerbrach gouf, an d’Elizabeth Taylor net nëmmen e gudden Agent mee och e gudde Kontrakt hat, war hir Pai eleng schonn op siwe Milliounen Dollar geklommen. Wéi si schwéier krank ginn ass, gouf den Tournage op e Neits fir e puer Méint ënnerbrach. De ganzen Dekor ass ofgerappt ginn. D'Filmcrew huet missen op Roum an d'Cinecittà plënneren, well déi ugeschloen Taylor dat schlecht Wieder an England net verdroen hat. Dunn huet si och nach eng Affär mam Richard Burton ugefaang. Alle béid waren zu där Zäit bestued. Friemgoe war an der prüder Gesellschaft vum Ufank vun de 1960er Jore net gutt ugesinn.

D'Filmproduktioun vu Kleopatra war wéi eng Titanik, déi poulriicht op den Äisbierg duerfiert. Deen éischte Schnëtt vun dëser Monumentalproduktioun hat iwwer sechs Stonnen. Wéi de Film an d'Kinoe komm ass hat e véier Stonnen an zéng Minutten. E Rekord. Et ass dee längste kommerziellen Hollywood-Film, deen esou an d’Kinossäll komm ass.

D’Liz Taylor huet a "Cleopatra" 65 Mol de Kostüm gewiesselt. D'Schauspillerin huet spéider gesot, si géif de Film einfach nëmme vulgär fannen. Dat nämmlecht Joer war iwweregens dem Uderzo säin "Asterix et Cleopatre" als Feuilleton an der Comic-Zäitschrëft "Pilote" erauskomm. Op e puer Plaze ginn do ganz sarkastesch Allusiounen op de Film gemaach.

Den D-Day als Rettung

D’20th Century Fox war un dësem Finanzdebakel bal Faillite gaangen. D’Rettung war en anere Film aus dem Joer 1963 : "The Longest Day", deen den D-Day 1944 nogespillt huet, hat zwar 7, 5 Milliounen Dollar kascht. En huet awer weltwäit ronn 30 Milliounen agespillt.

Zu Hollywood filme war souwisou ze deier ginn. Ëmmer méi US-Produktiounen hunn ugefaangen am Ausland ze filmen. Grouss Produktioune sinn dacks an England, zum Beispill an de Pinewood Studioen, gedréit ginn. Mee d’Filmauteure waren elo net méi just Hollywood-Exilanten. Den Englänner David Lean huet zwee vu senge bekanntste Filmer a senger Heemescht gemaach: "Lawrence of Arabia" an "Doctor Zhivago". Déi grouss Produktioune sinn ze deier ginn. Esouguer wann ganz am Franco sengem Spuenien gefilmt ginn ass. Wéi beim "El Cid" vun 1961 mam Charlton Heston an der Haaptroll. Wann de Quentin Tarantino sech ganz stolz drop behaapt, datt hie säi leschte Film nees am 70 Millimeter Breedfilmfromat gedréit huet, da sinn d’Produzente scho Mëtt de 1960er Joren däers midd ginn. Et huet alles ze vill kascht.

Ëm een Hoer d'Faillite

E weidert Beispill vu 1963 ass dem Nicholas Ray säi "55 Days at Peking". 1955 war de Ray mat "Rebel Without a Cause" mam James Dean an der Haaptroll berühmt ginn. An der Halschent vum Tournage vu "55 Days at Peking" ass de Nicholas Ray zesummegebrach an huet missten ersat ginn. Hie sollt ni méi zu Hollywood eng Regie-Aarbecht kréien.

De Produzent Allied Artists huet dräi Joer no dëser Produktioun missten eng Zäit laang mat der Filmproduktioun ophalen, fir net faillite ze goen. Och dësen Historiespektakel iwwert d’Boxer-Revolt am Peking vun 1898 ass a Spuenien gefilmt ginn. Mee och eng Besetzung mam Charlton Heston, der Ava Gardner an dem David Niven ass net duergaangen, fir de Public an de Kino ze lackelen. "55 Days at Peking" hat 17 Milliounen Dollar kascht mee huet der nëmmen zéng agespillt.

Hollywood war 'out'

Wäit ewech vun all deem hat 1963 e ganz anere Kino säin Duerchbroch bei engem internationale Publikum erlieft. Dem Ingmar Bergmann säin "Das Schweigen". En ass mat ganz anere Mëttel wéi déi grouss Studiofilmer gedréit ginn. Dësen interoriséierte Kino huet nei, méi intellektuell a modern Inhalter vermëttelt. Dem Hollywood-System ass dat net gelongen.

Hollywood war almoudesch ginn. Och Technologië wéi CinemaScope, Technicolor oder och 3-D konnten näischt dorunner änneren. Mëtt de 1960er huet eng nei Generatioun ugefaangen an de Kino ze goen: déi vun de Baby Boomer. Direkt nom Krich koum et ënnert anerem an den USA zu enger grousser Steigerung vun de Gebuerten. Eleng 1950 waren 2,5 Millioune Kanner op d'Welt komm. Déi konnten net méi vill mat den Inhalter an der almoudescher Ästhetik vum Kino vun hiren Elteren ufänken.

Zäit fir "New Hollywood"

Et war elo un der Zäit vun engem Generatiounewiessel, och hannert der Kamera. Et war un engem "New Hollywood", mat Regisseure wéi dem John Cassavetes, dem John Schlesinger, dem Hal Ashby oder dem Denis Hopper fir nëmmen dës ze nennen.

Den amerikanesche Kino huet sech net nëmme radikal moderniséiert. En huet sech och vum ale Studiosystem befreit.