Radioen

On air

Notturno  |  Simon McCorry & Wodwo - By Water Mite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Grenzen tëschent de soziale Milieue si porös"

Literatur

"D'Grenzen tëschent de soziale Milieue si porös"

Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war de Laureat vum Prix Goncourt 2018, Auteur vu "Leurs enfants après eux" (Actes Sud), dës Woch hei am Land. Mam Nicolas Mathieu hu mir iwwer d'Gefill fir Klassenënnerscheeder, de sozio-ekonomeschen Ënnergang vun der Lorraine a Summerléift geschwat.

auto_stories

2 min

"Vun engem Dag op deen aneren ass d'Zuel vu menge Facebook-Kollege vu 500 op 5.000 geklommen", seet den Nicolas Mathieu iwwer den Effet vum Prix Goncourt. Och wann hie sech elo ronderëm d'Auer kéint mat senger Literatur beschäftegen, wier et him wichteg, weiderhin e Fouss an der Aarbechtswelt ze behalen.

Den Nicolas Mathieu ass 1978 zu Epinal an de Vogese gebuer. Elo lieft hien zu Nanzéch. No sengem éischte Roman "Aux animaux la guerre" (Actes Sud, 2014) gouf hien d'lescht Joer fir säin zweet Buch "Leurs enfants après eux" (Actes sud, 2018) mam Goncourt, dem wichtegste franséische Literaturpräis ausgezeechent.

De Roman erzielt d'Geschicht vun zwee Jugendlechen aus der Aarbechterklass, den Anthony an den Hacine. Alle béid wuessen si an den 1990er Joren zu Heillange (Hayange) op. Och wann eigentlech alles déi zwee Jonge misst matenee verbannen, hu si sech näischt ze soen...

Den Nicolas Mathieu beschreift déi subtil Ënnerscheeder bannent an tëschent de soziale Klassen. Am Roman geet et ëm Konflikter, ëm Gewalt, ëm de Manktem u Perspektiven an der desindustrialiséierter Lorraine. Et geet ëm Pappen, där hir Welt mat der Schmelz ënnergaangen ass, an déi net méi wëssen, wou se dru sinn. Et geet ëm Fraen, déi versichen, dat bescht dorausser ze maachen - trotz allem.

An et geet ëm Léift, oder ëm d'Méiglechkeet vun der Léift, ëm d'Hoffnungen, déi een sech mécht, wann d'Summersonn d'Loscht an de Kierperen opkomme léisst...