Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Vollek ass net méi un der Wourecht interesséiert"

Nobel-Laureatin um LuxFilmFest

"D'Vollek ass net méi un der Wourecht interesséiert"

D’Gëwennerin vum Literatur-Nobelpräis 2015 war de leschte Weekend zu Lëtzebuerg. Déi wäissrussesch Schrëftstellerin Svetlana Alexievitch huet d’Verfilmung vun hirem Tschernobyl-Buch “La Supplication” vum Lëtzebuerger Realisateur Pol Cruchten mat presentéiert. Virdrun hat si eng Stonn laang iwwert hir Carrière, hir Aarbechtsopfaassung oder och hir Visioun vun der russescher respektiv der sowjetescher Geschicht geschwat.

Michel Delage

auto_stories

5 min

D'Svetlana Alexievitch am Gespréich am Magic Mirrors

D’Svetlana Alexievitch gouf 1997 mat der Publikatioun vu “La Supplication” weltberühmt. An dësem Buch komme Mënschen aus der Ukraine an aus Wäissrussland ze Wuert, Mënschen aus alle Gesellschaftsschichten déi verzielen, wéi si d’Atomkatastroph vun Tschernobyl 1986 erlieft haten, a wéi si dat Evenement nodréiglech interpretéiert hunn.

De Pol Cruchten huet “La Supplication” elo a Form vun engem - wéi hie selwer seet - “essai cinématographique” verfilmt. D’Svetlana Alexievitch bezeechent de Lëtzebuerger Realisateur als eng "integer Fra". Hiert Buch wier eent iwwer Léift a Philosophie. "Ouni dat Mënschlecht, wat am Buch war, hätt ech et net verfilmt. Et ass mer net drëms gaang, just Horrorgeschichten aus Tschernobyl z'erzielen." Also keen Documentaire am klassesche sënn vum Wuert:

 

“La Supplication” ass ee gutt Beispill fir d'Method, déi déi haut 67 Joer al Svetlana Alexievitch zënter dem Ufank vun hirer Schrëftstellercarrière, Mëtt den 1980er Joeren, applizéiert huet. Fir ee Buch schwätzt si an der Regel mat 700 bis 800 Zeien, woubäi och schonn emol fënnef, sechs oder souguer siwe Gespréicher mat deene gefouert ginn, déi fir si als besonnesch interessant erschéngen. Deen Aarbechtsprozess dauert am Duerchschnëtt siwe bis aacht Joer.

Als Schrëftstellerin ka si dat maache wat an hirer Zäit als Journalistin net méiglech war, erkläert d’Svetlana Alexievitch. “Den Dostoievski huet sech mam Geheimnis an all Mënsch beschäftegt. Fir mech war dat ëmmer een Ideal: d’Fähegkeet fir an d’Geheimnis vum Mënsch anzedréngen. Ech sichen d’Mënschen. Ech schwätzen awer net mat hinne wéi ee Journalist, déi sech dofir net interesséieren, mee wéi e Schrëftsteller”.

"Ee Bléckwénkel, dee souguer e Generol géif dozou bréngen de Krich ze haassen”

D’Nokrichszäit hätt hir spéider Carrière staark beaflosst, sou d’Svetlana Alexievitch. Deemools hätten d’Leit vill geschwat, iwwert den Doud, iwwer d’Léift. Leit, déi erzielen, wier an der russescher Traditioun verwuerzelt. An déi Traditioun hat d'Schrëftstellerin sech Mëtt den 1980er Joeren agereit, wéi si sech mam Thema Krich befaasst hat. D’Sowjetunioun war deemools an enger desastréiser Campagne an Afghanistan verwéckelt. “Fir kënnen iwwert de Krich ze schreiwe war et mer wichteg, ee Bléckwénkel ze fannen. Ee Bléckwénkel, dee souguer e Generol géif dozou bréngen de Krich ze haassen.”

Dee Bléckwénkel war dee vun de Fraen, déi iwwert de männleche Kult vum Militarismus geschwat hunn. D’Resultat vun där laanger Aarbecht: “La Guerre n’a pas un visage de femme”. D’Buch gouf a Wäissrussland séier aus dem Verkéier gezunn, mam Argument, datt jo soss kee méi Loscht hätt Krich ze maachen, ironiséiert d’Svetlana Alexievitch. An der Sowjietunioun wier ee Mënscheliewen net vill wäert gewiescht, fir de Staat ëmmer nëmmen ee Mëttel zum Zweck. Hautdesdaags wier dat och net anescht. “Ënnert dem Poutine ass d’Vollék erëm op Basis vum Militarismus versammelt ginn. Domat gi mer nees zeréck an d’Zäit vun der Sowjetunioun.”

"D'Vollek ass net méi un der Wourecht interesséiert"

D’Svetlana Alexievitch gëllt als determinéiert Kritikerin vum russesche President Vladimir Poutine an och vun deem sengem wäissrusseschen Homolog Alexander Lukaschenko. An hirem Heemechtsland Wäissrussland kéint si net an der Ëffentlechkeet optrieden, d’Iwwerreechung vum Literaturnobelpräis beispillsweis gouf do net op der Telé iwwerdroen. An awer géif de prestigiéise Präis si schützen, mengt den Auteur vun "La Supplication" oder  “La Fin de l’Homme rouge ou Le Temps du désenchantement" (“Secondhand-Zeit. Leben auf den Trümmern des Sozialismus”), hiert d'lescht Wierk iwwert déi post-sowjetesch Zäit.

Iwwert d’Roll vun den Intellektuelle seet si sech desillusiounéiert. Anescht wéi zu Sowjetzäite kéint een zwar soe wat ee wéilt, d’Autoritéite géife souwisou net reagéieren. Déi Handvoll Kritiker kréich d’Regierung duerch Drock ënner Kontroll. Déi aner géife sech mat Medaillen an Éierentitele kafen a sech esou als Matleefer vum Regime abanne loossen. Iwwerdeems géif et dem Gros vun der Populatioun haaptsächlech ëm ee gutt Liewe goen, bedauert d’Svetlana Alexievitch. “Fréier wollt d’Vollek d'Wourecht. Elo ass d’Vollek net méi un der Wourecht interesséiert.”.

Nächst Projeten: d'Léift, den Alter, den Doud

Trotz allem gedenkt d'Nobel-Laureatin soubal net opzehalen. Zwee grondsätzlech Theme léichen hir dobäi um Häerz. “D’Iddien, déi ech hunn, dat ass schonn emol e Buch ze schreiwen iwwert d’Léift. An da wëll ech och iwwert den Alter schreiwen, an iwwert den Doud”. D’Liewenserwaardung vum Mënsch géif zwar méi laang ginn. Allerdéngs géif et nach keng Liewensphilosophie ginn, déi dobäi passt, erkläert d’Svetlana Alexievitch.