Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nora Wagener - Alle meine Freunde

Buchkritik

Nora Wagener - Alle meine Freunde

Déi eng sinn all Joer derbäi, anerer dreemen dovun, an nach anerer hu just Veruechtung fir dës eng Woch All-Inclusive-Party, wou, hirer Meenung no, den Alkohol a schmalzeg Musek am Mëttelpunkt stinn. Rieds ass vun der Päischtcroisière, déi ee scho bal als Lëtzebuerger Patrimoine bezeechne kann.

auto_stories

3 min

Elo huet d'Päischtcroisière och de Wee an d'Lëtzebuerger Literatur fonnt, an déi kënnt ganz iwwerraschenderweis aus der Plomm vun der Nora Wagener.

Iergendwéi passen déi zwee fir mech net zesummen, an dat huet mech natierlech ëmsou méi virwëlzeg gemaach. Eng kritesch oder witzeg oder kritesch a witzeg Ausenanersetzung mam, fir de Luc Spada ze zitéieren, "Das Lloret de Mar des Beamten".

Firwat d'Nora Wagener dëse Roman geschriwwen huet, op dës Fro hunn ech och no der Lecture keng Äntwert. Mat Momenter liest et sech wéi e Reesbericht, wann op ville Säiten déi eenzel Ausflich ausserhalb vum Schëff beschriwwe ginn.

Wann e Guide am gebrachenen Däitsch eng Stadrondrees kommentéiert, wann iwwer technesch Detailer vum Croisière-Schëff debattéiert gëtt, dann denkt een awer un den aleedende Saz:

"Der Inhalt dieses Buches schaukelt auf den Wellen der Fiktion, der Anker der Geschehnisse liegt auf dem Boden der Tatsachen. Nichts war dort so, wie es hier ist."

Ee Spill mat de Wierder

Neptun Cruises heeschen am Roman dann och Poseidon Cruises, d'Nimm vun den Tëschestatiounen sinn dann och erfonnt, déi besichten Insele sinn no Mieresfriichte benannt, an déi eng oder aner Stad erkennt een, trotz komeschen Nimm erëm. Eng Spillerei mat Plazen a Wierder, déi mol méi mol manner geléngt.

Wisou awer dem Heinrich Heine seng Harzreise an d'Joer 1942 ugesidelt gëtt, wëllt sech mir net erschléissen.

Sensibel a prezis Beschreiwungen

Et si siwe Personnagen, déi een op der Päischtcroisière besser kenneléiert, an et ass do, wou der Nora Wagener hir literaresch Stäerkt läit. Wa si mat vill Sensibilitéit a Prezisioun zwou eeler Damme beschreift, déi dës Rees gewonnen hunn a sech a ville Momenter onwuel fillen.

Dann zwee Membere vun der Besatzung, den ungaresche Goergy a seng Cousine Marina an deenen hiert dach trist Liewen an onmënschlecht Schaffen, fir dem Misär vun doheem ze entkommen.

Weider de verzweiwelte Versuch vun enger Mamm, am Wellness dat grousst Gléck ze fannen, schlussendlech den Zweet-Klass-Museker, deen Dank senger Fra net total a Depressiounen an Alkohol ënnergeet.

Et ass am Fong en immens traurege Roman. Eng onmoosseg Hetz steet permanent den onendleche Waardeschlaange géigeniwwer, Enttäuschungen an onerfëllt Erwaardunge sinn de Kär vum Alldag, deen am Gin Tonic an am Cremant ersoff an um Buffet ewechgefriess gëtt.

Eng eendimensional Geschicht

An awer: d'Nora Wagener kann dach esou wonnerbar schreiwen, hir intimistesch, iwwerraschend a markant Sprooch huet mech an hirem Band "Larven" immens faszinéiert an déi kënnt hei ze kuerz.

Iergendwéi bleift d'Geschicht just an enger Dimensioun, well ze vill an déi 250 Säiten agepaakt gouf, esou datt de Bléck op den Detail verluer geet.

"Alle meine Freunde" ass e bësse wéi d'Schëff, et kënnt haaptsächlech dat Iwwerflächlecht zum Virschäin an dat, wat een net gesäit, bleift och gréisstendeels verstoppt, trotz dem Versuch genee dëst Déift ze weisen.