Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Norman Manea - "Wir sind alle im Exil"

Schrëftsteller vum Mount

Norman Manea - "Wir sind alle im Exil"

"Für den Schriftsteller, der nirgends Heimat hat, ist die Sprache wie eine Plazenta" schreift den Norman Manea an engem vu sengen Essayen, déi ënner dem Titel "Wir sind alle im Exil" publizéiert sinn. D'Sprooch ass alles fir de rumänesche Schrëftsteller a wéi een eens gëtt, wann een d'Source vun dëser verluer huet, erzielt de Manea an erënnert u weider Acteure vun der Exilliteratur.

auto_stories

4 min

Norman Manea - Wir sind alle im Exil

Paul Celan - et ass net just déi al Heemecht, déi den Norman Manea mam groussen Dichter verbënnt, béid aus der rumänescher Bukowina, béid hu si d'Naziherrschaft an engem Deportatiounslager iwwerlieft, béid hu si hiert Land verlooss, de Celan just an engem méi jonken Alter an ënner aneren Ëmstänn. Et ass e Verluersinn, eent net eens ginn an eng immens Solitude, awer natierlech och déi groussaarteg Lyrik, déi de Manea beim Celan faszinéiert. Den Norman Manea ass e Mënsch, dee vill zeréckkuckt, sech erënnert a probéiert déi eege Geschicht literaresch a philosophesch ze verschaffen. Säin Europa wier duerch e schrecklecht Leed an d'20. Joerhonnert geroden. Europa wier net just d'Wéi vun der westlecher Zivilisatioun, mee och den Ursprong vun zyneschen totalitären Experimenter, dem Faschismus an dem Kommunismus, schreift de Manea a sengem Essay, dat de selwechten Titel huet wéi d'Buch: "Wir sind alle im Exil".

D'Sprooch als eenzeg Heemecht

Seng hei gesammelt Essaye verknäppe Renconteren an Iwwerleeunge vu Schrëftsteller, déi de Manea gepräägt hunn, mam Verloscht vun der Heemecht, der Bedeitung vun der Sprooch an der Sich nom Sënn vun engem Liewen am Exil.

De Manea trëtt säi physescht Exil am Alter vu 50 Joer un. Et ass e Vol op Berlin. Eng Rees, déi hien ugeet, mam Wëssen, datt et keen Zeréck gëtt. Et ass en Abschid vun der Famill, vun de Frënn an dat eenzegt, wat hie mathëlt ass seng Sprooch. D'Sprooch wier seng eenzeg Heemecht, betount de Manea och a senger Biographie "Die Rückkehr des Hooligan", an och hei ass et dës Heemecht, déi hie wéi de Schleek säin Haische mat op d'Wanderungen hëlt, just de Manea gesäit an dësem Bagage kee Wäert, well rumänesch net déi Sprooch ass, déi an der Welt vill geschwat a verstane gëtt.

Berlin erlieft de Manea u sech positiv, och wann et d'Stad ass, an där alles ugaangen ass, wat säin an d'Liewe vu Millioune Mënschen zerstéiert oder op Weeër gelenkt huet, déi net gewollt an net erwënscht waren.

"Nach Ausschwitz ein Gedicht zu schreiben ist barbarisch", huet den Adorno 1959 deklaréiert. E Verdikt, dat de Paul Celan als perséinleche Reproche geholl huet, an dat den Adorno, spéitstens no der Lecture vum Celan senger Todesfuge nuancéiert hat. De Celan, seng Dichtung, säi Liewenswee an déi gemeinsam Faszinatioun fir de Kafka, Büchner an de rumänesch-franséische Schrëftsteller Benjamin Fondane, deen 1944 zu Ausschwitz ermuert gouf, ass e relevant Thema am Manea sengen Essayen. Exil, Juddentum, Literatur ... an ëmmer erëm d'Sprooch an d'Land, dat engem d'Sprooch gëtt a se engem och hëlt, wann een dëst Land verloosse muss, fir säi Liewen, seng Fräiheet ze behalen am Exil. En Tosch, deen de Manea just schwéieren Häerzens akzeptéiert an dofir och déi grouss Verbonnenheet mat de genannte Literaten.

Nieft de Rencontere mat bedeitenden Nimm vun der Weltliteratur, sinn dem Manea seng Wierker awer och eng onerschöpflech Quell un der, op d'mannst mir, manner bekannter, dofir awer onwahrscheinlech beräichernder rumänescher Literatur.

Aussergewéinleche Schrëftsteller an nach méi besonneschen Denker

Sou de Benjamin Fondane oder den Emil Cioran, dee grad wéi Mircea Eliade virum Zweete Weltkrich en Unhänger vun der antisemitescher Legionärsbewegung "Eiserne Garde" war, éiert hie sech fir seng antijüddesch Iwwerleeungen an Iwwerzeegungen ëffentlech entschëllegt huet.

Och him ass de Manea zu Paräis begéint, eng Renconter, déi op dem Corian seng Begeeschterung fir dem Manea seng Schrëften zeréckzeféieren ass.

Berlin - New York, divers Reesen an Europa, Liesungen a Renconteren, de Manea fillt sech dacks iwwerfuerdert vun de ville banalen, sech permanent widderhuelende Froen, déi him gestalt ginn, versteet dacks den Zirkus net, déi ronderëm seng Präsenz op verschiddene Veranstaltunge gemaach gëtt. Hie wollt ni wéi en Zirkuspäerd oder e Clown virgefouert ginn, als e Beispill vum gelongenen Exil. Den Norman Manea ass e ganz aussergewéinleche Schrëftsteller an nach méi e besonneschen Denker, dee sech duerch seng Sprooch gerett huet, an esou ass et net erstaunlech, datt hien net just a senger Sprooch, mee och an der grousser Literatur vun engem Celan, engem Primo Levi, enger Ingeborg Bachmann, engem Stefan Zweig an allen aneren, deenen een a senge Schrëfte begéint, eng Heemecht fonnt huet, säi ganz besonnescht Schleekenhaischen.