Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och nach Kniddelen nom Super-GAU

Nei am Kino

Och nach Kniddelen nom Super-GAU

Wat geschitt mat Lëtzebuerg nom potentiellen Eeschtfall zu Cattenom? An der hybrider Filmproduktioun "An Zéro" léise sech Aschätzunge vun Experten a fiktiv Zeenen of. Déi Mëschung ass net gelongen.

auto_stories

3 min

Scho wärend dem leschte Luxfilmfest war eng Polemik ëm ''An Zéro'' ausgebrach. Zur Erënnerung : de Filmfong huet dee gréissten Deel vum Finanzement gedroen, a well de Film op Arte programméiert ginn ass, hat den däitsch-franséische Sender natierlech och e Wuert matzeschwätzen.

D'Co-Realisatrice Myriam Tonelotto huet sech allerdéngs vum Projet distanzéiert. Si war net méi mam finale Montage averstanen, zu deem hire Co-Realisateur Julien Becker awer weiderhi stoung.

Ee Film? Zwee Filmer!

De Buttek tëschent deenen zwee Auteure mierkt een, wann een ''An Zéro'' kuckt. Den dokumentaresche Volet vun der Myriam Tonelotto besteet aus Gespréicher mat Experten an de Julien Becker huet e Fiktiounsdeel realiséiert. Et sinn - streng geholl - zwee verschidde Filmer, déi do sollten iergendwéi zesummebruecht an am beschte Fall zu engem homogene Ganze fusionéiert ginn.

Dat wat déi ganz Palette un Atomphysiker, Secouristen, Juristen, Dokteren, Historiker, Politiker, Psychologen, Versécherer, Ekonomisten, asw., iwwert den Eeschtfall, dat heescht déi kuerz-, mëttel- a laangfristeg Konsequenze fir Lëtzebuerg vun engem schwéieren Accident zu Cattenom ze ziele wëssen, ass héichinteressant.

Interessanten Docu-Deel...

Wéi eng éischt Schutzmesure sinn iwwerhaapt virgesinn? Wat ass déi méiglech Reaktioun vun der Populatioun? Wéi géif eng Evakuatioun ausginn? Wie kënnt fir de Schued op? A weider Wat geschitt mat der Lëtzebuerger Wirtschaft ? Wat mam Lëtzebuerger Staat? Wat mat der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur?

Déi sëlleg Intervenanten, déi eenzel gefilmt goufen a virtuell um Ecran zesummegeféiert ginn (wéi dat fir modern Tëlees-Formater an Tëschenzäit Usus ass), konfrontéieren de Spectateur mat Problematiken, déi all misste verdéift an diskutéiert ginn - jo, eigentlech wieren se all e Film fir sech wäert. De Gedanken, datt Lëtzebuerg vun engem Dag op deen aneren eng Fiktioun kéint ginn, muss ee scho verschaffen... Hei kritt een dogéint e kompakten Iwwerbléck verschaaft, mee deen een esou dacks och net gesinn oder gelies huet. Eleng dat ass kee klenge Merite.

... mee peinlech Fiktiounszeenen

D'Fiktiounszeenen, déi sech mat den Ausféierunge vun den Experten ofwiesselen a mat ausgewielten Eenzelschicksaler den Eeschtfall sollen illustréieren, sinn dogéint ganz schwaach bis franchement ridicule... Ier se moies virun d'Dier geet fiert déi nach anungslos Famill vun Affekot (Luc Schiltz), Galeristin (Fabienne Hollwege) a Kanner der kitscheger chineesescher Gléckskaz bedeitungsschwanger iwwer de Kapp.

Déi äifreg jonk Reporterin (Sophie Mousel) féiert mat der Bomi (Monique Reuter) eng Grondsazdiskussioun iwwer eise schappegen Duerfjournalismus, de Manktem u sensationelle Krisen a risikoschei Lëtzebuerger, ier béid Fraen zesummen hire Slogan ''Mir wëlle bleiwe wou mer sinn'' (sic) leieren an eng Lëtzebuerg-Schnéikugel aus dem Souvenirsbuttek ageblennt gëtt - wa se wéissten...

Kee Katastrophe-Feeling

Wann een den zwou Doze Statiste nokuckt, wéi se op der Plëss an an der Groussgaass wéi Hénger ouni Käpp dorëmmer trëllen, a mer e Stau op der Autobunn gewise kréien, deen emol net usazweis un den normalen, alldeegleche Verkéierschaos erukënnt, da wëll och kee richtege Katastrophe-Feeling opkommen.

Wat dann den Interieur vun de Containere betrëfft, déi stellvertriedend solle si fir d'Campen fir déi evakuéiert Populatioun déisäits der Grenz, da kann ee sech domat tréischten, datt ee fir dee selwechte Standing an der Stad an Ëmgéigend scho bal geierft muss hunn oder wéinstens zwou Staatsbeamtepaie muss accumuléieren.

Wat eng hallefgebaken Affär, deen ''An Zéro'': wann een déi peinlech Fiktiounszeenen ewech léisst, bleift ëmmerhin en nawell interessanten Tëleesbäitrag iwwereg.