Radioen

On air

Notturno  |  The Nels Cline 4 - Imperfect 10

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Octavia Butler, Damian Duffy, John Jennings - The Parable of the Sower

Gezeechent

Octavia Butler, Damian Duffy, John Jennings - The Parable of the Sower

"The Parable of the Sower" baséiert op engem Roman vun der afroamerikanescher Sci-Fi Auteurin Octavia Butler, deen an de 1990er erauskoum. Wann een d'Comic-Adaptatioun vum Damian Duffy an John Jennings opschléit, mierkt een awer direkt, datt d'Thematik nach ëmmer aktuell ass.

auto_stories

2 min

"The Parable of Sower" baséiert op engem Roman vum der afroamerikanescher Science-Fiction Auteurin Octavia Butler, deen an den 1990er erauskoum. Wann een d'Comic-Adaptatioun vum Damian Duffy an John Jennings opschléit, mierkt een awer direkt, datt d'Thematik nach ëmmer aktuell ass.

Eng aktuell Thematik

D'Handlung spillt an den 2020er Joren, an engem Kalifornien, dat vu Klimawandel an anere vum Mënsch gemaachte Katastrophen zerstéiert ass. D'Heldin, d'Lauren Olamina, lieft als Teenager mat senger Famill an enger "gated community", wou déi, déi nach e bëssen eppes hunn, sech viru Misär, Aarmut a Kriminalitéit dobausse schützen.

D'Lauren wëllt fort an eng besser Welt sichen, respektiv erschafen. De Schlëssel zu der neier Welt läit, ongewinnt fir Science-Fiction, an der Relioun. D'Heldin entwéckelt an de Gedichter, déi et a säin Notizheft schreift, en neie Glawen, bei deem d'Verännerung am Mëttelpunkt steet. Iergendwann musst hatt fléien a reest duerno duerch Kalifornien, wou hatt mat anere lues a lues seng spirituell Beweegung opbaut.

Ee Spagat

Der Ëmsetzung vun Duffy an Jennings geléngt eppes, wat op den éischte Bléck vläicht paradox kléngt: Si ass souwuel immens textlasteg wéi och visuell ganz staark. D'Lauren fungéiert als Erzielerin am Comic, et gëtt vill Dialoger an et gesäit ee vill vum Lauren senge Versen. Donieft ginn dem John Jennings seng graff an dynamesch Zeechnungen d'Tristesse vun der Welt - et ass en düsteren, brutalen an och e bëssi grujelege Comic - gutt erëm.

Och déi expressiv Koloratioun dréit vill zur Atmosphär vun der Graphic Novel bäi. Allerdéngs brauch d'Buch bal bis an d'Hallschent bis d'Saach un d'Rulle kënnt. Et ass och sécherlech eng Adaptatioun ganz am Déngscht vun der Octavia Butler hirer Geschicht, déi sech net duerch eng grouss Originalitéit auszeechent. Trotzdeem ass de Comic gelongen an ënnersträicht mat senge kräftege Biller d'Aktualitéit vun der Butler hirem Roman. Eng Adaptatioun vun der Suite vun "The Parable of the Sower", "The Parable of the Talents", ass iwwregens schonns annoncéiert.