Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. - Dis-Moi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Odyssee vun enger jonker Koppel duerch Teheran

Luxfilmfest

Odyssee vun enger jonker Koppel duerch Teheran

D'Widderspréch vun der iranescher Gesellschaft, besonnesch a bezuch op déi sexuell Tabuen, ginn am Ali Asgari sengem Drama "Disappearance" ob eng relativ einfach Aart a Weis op de Punkt bruecht. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

auto_stories

3 min

Amirreza Ranjbaran a Sadaf Asgari (Foto: Habib Majidi)

Eng jonk Koppel zitt duerch d'Nuecht vun Teheran op der verzweiwelter Sich no engem Spidol. D'Meedche blutt a muss sech behandele loossen. Wat bei eis relativ banal wier, ass am Iran eng onméiglech Situatioun: sexuell Bezéiunge virum Bestietnis sinn an där reliéis-gepräägter traditioneller Gesellschaft een Tabu.

D'Handlung vun "Disappareance" ass einfach gestréckt a kënnt mat wéinege Personnagen aus. Déi éischt Sequenz gëtt ee Muster vir, dat sech eng Rei Kéiere mat Variatioune widderhëlt: déi jonk Koppel kënnt an engem Spidol un, muss do eng Geschicht erfannen, fir datt d'Meedche kann ugeholl a behandelt ginn. Um Enn scheitert et dorun, datt den - onméiglechen - Accord vun den Elteren néideg ass.

Den dramateschen Effet, deen duerch d'Widderhuelung vun deem Schema entsteet, an d'Kamera, déi sech mat de Protagonisten (déi ze Fouss oder mam Auto ënnerwee sinn) beweegt, gëtt deem Ganzen een Hauch vun Odyssee.

Amirreza Ranjbaran a Sadaf Asgari (Foto: Habib Majidi)

Erzwonge Solidaritéit

Zentral am Ali Asgari sengem Film ass d'Relatioun tëschent dem Meedchen an dem Jong. Et ass net d'Léift, déi di zwee matenee verbënnt, mä eng erzwonge Solidaritéit. Wa si erwëscht ginn, huet dat Konsequenze fir si alle béid. D'Relatioun tëschent deenen zwee Personnagen ass deementspriechend kal. Obwuel si am selwechte Kader gefilmt ginn, sinn hir Kierperen dacks vuneneen ewech gedréint.

Emotioune weisen si net vill, hir Mimik ass minimalistesch (de Jong kuckt éischter béis a genervt dran, dem Meedche liest een d'Péng am Gesiicht of). Déi blatzeg blo-gro Faarftéin vun der Fotografie, déi schwaach virum Hannergrond vun der Nuecht zu Teheran liichten, ënnersträichen déi Keelt.

Rigiditéit vum System

"Disappearance" bréngt d'Widderspréch vun der iranescher Gesellschaft op eng iwwersiichtlech a relativ einfach Aart a Weis op de Punkt. D'Absurditéit vun der beschriwwener Situatioun kënnt besonnesch an enger Zeen zum Ausdrock: d'Koppel leeft aus engem Spidol fort, d'Meedche mam Baxter am Grapp, deen da méi spéit op der Strooss un engem Luuchtepotto hänkt ...

De Film weist an engems d'Hypokrisie, zu där d'Mënsche gezwonge sinn. D'Personal an de Spideeler weess genee, firwat déi jonk Koppel do ass, wëllt oder kann awer net hëllefen, aus Angscht virun de Konsequenzen: am Regimm vun de Mullahe géif ee sech domat strofbar maachen. Déi faarweg Sträifen um Buedem vun engem vun de Spideeler oder déi wäiss duerchgezunne Linnen a Feiler op der Strooss verdäitlechen d'Rigiditéit vum System: d'Richtung ass virginn, et gëtt keng aner.

"Disappearance" leeft dësen Donneschdeg um 19h am Utopia an e Freideg um 19h an der Cinemathéik, am Kader vum Luxfilmfest.